LeserforumD’Éislek: De vergiessenen Norden an der Transportpolitik!

Leserforum / D’Éislek: De vergiessenen Norden an der Transportpolitik!
 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den ëffentlechen Transport ass haut jo gratis, an ass dofir haut Ament och net méi wäert hei uawen am Norde vu Lëtzebuerg ewéi eppes wat näischt kascht!

Sou kann een d’Situatioun de Moment resüméieren!

Et ass awer net esou, datt den ëffentlechen Transport am Norde vun eisem Land inexistent ass, nee, just am Contraire.

Mee e bréngt ebe just näischt fir déi Busbenotzer, déi méi wäit wëlle fueren ewéi bis op d’Nopeschduerf oder an den Nopeschkanton.

All 10-15 Minuten kéint schon ab mueres fréi véier Auer Bus fir Bus, bal ëmmer eidel, vu Wolz aus gerannt, awer fir bis an eis Haaptstadt vum Norden aus bass de bal zwou Stonnen ënnerwee, a wann s de Pech hos, verpass de dann och nach den Uschloss zu Ettelbréck op der Gare fir an d’Stad ze kommen.

Déi eenzeg, wou vun dësem Aarmut profitéieren, si just di sëlleche Privatbusenterprisen, déi sech domm an dämlech dorunner nach eng gëllen Nues verdéngen.

Wouhir kéint dann den Dilemma elo?

Wëll de Schiebuergtunnel bei Kautebaach deelweis agestierzt ass, an elo kiirzlech, nördlech vun Ettelbréck bei Bierden, wou fragiliséierte Steen eng Gefor duerstellt? 

Jo, kurz gekuckt, jo! – Awer laangfristeg gesinn: neen!

Ma wëll trotz all deeene villen Investitiuounen an den ëffentlechen Transport eis Zuch-Nordstreck vun den CFL an all de leschte Jorzéngte sträflech vernoléissegt ginn ass!

Nordstreck gouf vun 2-gleiseg op 1-gleiseg zeréckgebaut, wéint der Elektrifizéierung vun der Streck. Dat war just déi falsch Decisioun, déi net wéint der Onméiglechkeet vun der Executioun geholl gouf, ma just aus reng finanziellen Iwwerleeongen!

Aus weidere finanziellen Iwwerleeonge gouf dono den Entretien vun de villen Tunnelle vun der Nordstreck och nach an den leschte Joerzéngte vernoléissegt! – Geld ass jo op anere Plaze gebraucht ginn, ewéi beim Tram a soss Prestigeobjekter, fir elo awer net hei ze son, datt den Tram keng gutt Saach wär!

An dofir hu mir haut elo déi Situatioun, sou ewéi se elo eben ass!

Als Éisleker speziell, mais och als CFL-Client a Sympathisant von der Eisebunn an der Nordstreck, fillt ee sech als domm verkoft, sou wéi d’Situatioun de Moment am Norden vum Land ausgesäit!

Busser a Busser, déi vu mueres fréi bis owes spéit, sougor och nach sonndes vun Duerf zu Duerf am Éislek hën an hir rennen, bal ëmmer eidel, an dat alles ouni dat gewënschte Resultat! 

Wat notzt dat, wann all puer honnert Meter en Arrêt ass, ewéi zu Wolz, an dono muss een Zäit a Gedold matbrénge, fir bis an d’Stad Lëtzebuerg ze kommen?  

Am beschte bei schlechtem Wieder och nach e laange Kalzong undinn fir géint d’Keelt, an och nach eppes mathuele géint de Reen oder de Schnéi.

Avis aux amateurs, well vill Leit hunn awer keen anere Choix, an déi aner maachen dann eppes fir de Klima a fuere mam Auto, wa se een honn, wat erëm och nach net vill méi séier geet, an rëm vill méi deier gëtt!

Schéi Gréiss aus dem Éislek!

en Nordist
13. April 2023 - 8.39

Bausch scheint nur bis Ettelbrück zu denken und das ist schon sehr weit nördlich für seinen Begriff.