LeserforumBiergerbedeelegung: Et gëtt där ni genuch, awer …

Leserforum / Biergerbedeelegung: Et gëtt där ni genuch, awer …
 Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Virun zéng Joer schonn ass dem David Van Reybrouk säi Buch mam Titel „Tegen verkierzingen“ an engem Amsterdamer Verlag erauskomm. Op Däitsch iwwersat, mam Titel: „Gegen Wahlen – Warum Abstimmen nicht demokratisch ist“, koum et dunn dräi Joer méi spéit 2016 am Wallenstein Verlag eraus. Den Auteur plaidéiert fir eng Demokratie, déi per Lousverfaren d’Bierger:innen abënnt an domadder eng wierklech Participatioun géif erméiglechen.

A säithier fanne vill Leit all sougenannt nei Forme vu Bedeelegung, besonnesch wa si d’Lousverfare beinhalten, als Beliewung vun eiser Demokratie. Awer och Politiker:innen, déi fäerten, et géif hinne virgeworf ginn, si géife ganz eleng an engem Elfenbeintuerm d’Land regéieren, begeeschtere sech fir dës Bierger:innen-Bedeelegung.

Dës Bierger:innen, déi bis haut mat Veruechtung op déi Leit erofgekuckt hunn, déi Member an enger Partei oder enger Gewerkschaft waren, sech do aktiv engagéiert hunn, an dat och nach dobausse gesot a bewisen hunn, freeë sech elo op déi sougenannten nei Bedeelegungen.

Si waarde mat Schmäerz drop, datt d’ILRES hinnen urifft, fir datt si am nächsten „Pannel“ kéinten dobäi sinn, fir dann endlech do all hir Kompetenzen an hir laang gemautschten Iddie kéinten zum Beschte ze ginn. An déi uewe genannte Politiker:inne ginn es da net midd, si ze luewen, fir hiren Asaz, déi Fräizäit, déi si „geaffert“ hunn, an déi mega super nei Virschléi, déi si abruecht hunn.

„Hei ’t ass eng Freed, ewéi et geet …“

Den Dag dono ginn d’bedeelegt Bierger:innen nees schaffen, oder de Gaart gruewen, an d’Nolauschter-Politiker:inne sëtzen an där nächster Pannel- oder soss enger Versammlung. Alles nom Motto: ’t war awer net schlecht, datt ee sech mol gesinn huet an datt driwwer geschwat gouf.

Wann ee sech wëllt bedeelegen, matmaachen, sech abréngen, eppes änneren an ëmrappen, ma da ginn et dofir Veräiner, Kierchen, Gewerkschaften a Parteien.

Allerdéngs, sinn do och nach aner Leit, déi eventuell net ëmmer grad déi selwecht Iddi, Meenung oder Argumenter hunn. A wann ee sech dann eens ginn ass, sief et duerch Konsens oder per Vott, da gëllt et och nach Zäit ze hunn, fir d’Iddi konkret ëmzesetzen.

Oh jo, dat ass net ëmmer einfach, an d’Resultat ass natierlech net onbedéngt dat, wat ee sech doheem erduecht hat, well et keen Een-Mann- oder E-Fra-Club ass, mee vill Leit ronderëm den Dësch sech och mat hirer Meenung ausgedréckt hunn.

Een Ënnerscheed, deen an d’Ae spréngt: Et gouf een net per Zoufallslous gefrot mat ze maachen, mee et huet een dat selwer decidéiert. Et huet ee sech fir eppes „engagéiert“ an et gouf een net „engagéiert“. Fir d’Resultat steet ee selwer an, mat Gläichgesënnten, an et iwwerléisst een net aneren dës Aufgab.

Et ass eben net esou einfach, wéi just op e Lousentscheed ze waarden, an dann eventuell am „Pannel“ dobäi ze sinn an dono soss näischt méi domat ze dinn ze hunn. A fir d’Politiker:innen ass et eben och net esou einfach, wéi just dem „Pannel“ nozelauschteren, aplaz z’iwwerleeën, wéi den Engagement an der Partei (Gewerkschaft asw.) fir jiddwer Bierger:in a senger/hirer Situatioun kann zougänglech gemaach ginn.

Déi sougenannten nei Biergerbedeelegung, mat oder ouni Biergerrot, ass eng fatzeg Beleidegung fir all déi Leit, déi sech säit méi wéi honnert Joer hei am Land agesat hunn, an déi, déi sech nach ëmmer asetze fir eppes ze beweegen. Déi dofir hir Fräizäit geaffert an hire Memberbeitrag bezuelt hunn an dann och nach oft dowéinst ugepöbelt goufen. Dat wëssen déi begeeschtert bedeelegt Bierger:innen a Politiker:innen. Déi eng sollen sech schummen, well si sech et esou liicht maachen, an déi aner sollen net all neiem Demokratie-Gadget nolafen.

Biergerbedeelegung: et gëtt där ni genuch, awer da mat vollem Asaz, wann ech gelift!