LeserforumHues de en aalt Haischen ?

Leserforum / Hues de en aalt Haischen ?
(Symbolfoto Leserbrief) Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ma da verkaf et nach séier, well soss gëtt et dech eng deier!

D’Europaparlament huet de 14. Mäerz mat däitlecher Majoritéit fir streng Reegele bei der Reform vun de Richtlinnen iwwer d’Gesamtenergieeffizienz vu Gebaier (EPBD) gestëmmt. Bis 2030 mussen all Wunnhaiser Minimum d’Energieeffizienzklass „E“ hunn, a bis 2033 esouguer Minimum „D“.

Den Däitschen Immobilieverband (IVD) geet dovun aus, datt an Däitschland vill Een- an Zweefamilljenhaiser vun dëser obligatorescher Sanéierung betraff wären. Zitat: „(…) rund 40 Prozent der 16 Millionen Eigenheime seien kaum saniert und befänden sich jetzt noch in den Energieklassen G und H“. D’Fro ass, wéi gesäit et hei am Land aus?

Kloer, datt den Energieverbrauch an den CO2-Ausstouss solle reduzéiert ginn. Do si mer eis (bal) all eens. Ma wéi erreeche mir dat, an zwar sozial gerecht? Wat kascht et a wie muss et bezuelen?

Déi nei Richtlinn wäert all Besëtzer vu klengen, alen Haiser vill Sue kaschten. Entweder si mussen d’Haus quasi vu Grond op energeetesch sanéieren (wann dat iwwerhaapt technesch méiglech a sënnvoll ass), oder si verkafen et net sanéiert an hunn doduerch e beträchtleche Verloscht beim Verkafspräis. All Land däerf de sozial Schwaachen beim Sanéieren finanziell ënnert d’Äerm gräifen. Dofir hei en Opruff un d’Regierung an d’Chamber: Vergiesst dat net! A fänkt u mat rechnen, éiert Dir déi nei Richtlinn ofstëmmt!

Justin goedert
27. März 2023 - 21.49

@Phil : Das mag alles sein, aber - um zum eigentlichen Thema zurück zu kommen - trotzdem werden die alten Häuser an Wert verlieren, wenn ihre Besitzer nicht in eine vernünftige Modernisierung investieren. Für gemeinschaftliche Wohnkomplexe (Copropriétés) besteht übrigens ein Gesetz und Reglement ( vom 30.06. 2022) , das ab Sommer dieses Jahres einen oblgatorischen «  Fonds de travaux » vorsieht, der mit jährlichen moderaten Beiträgen exakt solche Modernisierungsarbeiten ermöglichen soll.

Phil
26. März 2023 - 10.14

Die interne Kündigung und Abnabelung der Bürger von der EU ist weit fortgeschritten. Nur das wollen die hochdotierten Entscheidungsträger in Brüssel nicht wahrhaben... woher denn auch? In dem administrativen Elfenbeinturm haben viele Beamte den Bezug zum "niederen" Volk verloren und verkennen dadurch die Realität.

Pol
25. März 2023 - 11.02

Ich bin mir ziemlich sicher, dass dieses Gesetz so nie in die Praxis umgesetzt werden wird. Es gibt garantiert die üblichen Ausnahmen und Übergangsregeln. Sollte das nicht der Fall sein, dann kann man sich leicht vorstellen, was zum Beispiel in Frankreich los sein wird. Die EU sollte vorsichtig sein und darauf achten, dass die Bürger sich aufgrund von überzogenen Vorschriften plötzlich nicht ganz von der EU abwenden.

Jemp
25. März 2023 - 9.48

@Viviane + Viola: Wat e Blödsinn!

viola
24. März 2023 - 18.14

@max.l "wann een Europa esou kuckt, Land a Land fiir sëch, da wär Lëtzebuerg eventuel dat Land mat der réichster Awunnerschaft, mä ët gin awer och Läit bis an den dëcke Mëttelstand ran, déi da géife einfach wegfléien, well së sëch dat nët leeschte können, oder së verkaafen a mussen dann an d’Ausland wunne goën.." Aarm Lëtzebuerger plënneren an d'Ausland a räich EU-Bierger kommen an d'Plaz, ass dach alles paletti. Just eeler Nationalisten gesinn do eppes Béises dran.

viviane
24. März 2023 - 18.11

@ JJ "Gesetze stimmen die nicht durchführbar sind taugen nichts." Die sind durchführbar, kein Problem. "Was wollen die Herrschaften( die solche Regeln wegen ihres guten Einkommens sicher stemmen können) denn machen wenn Leute mit Mindestrenten oder Gehältern die Welt nicht retten können,auch wenn sie wollten.Einsperren oder erfrieren lassen?" Sie meinen, die armen Leute, die solche alten Ruinen kaufen?

Undine
24. März 2023 - 18.09

Et gëtt awer och esou lues Zäit. Déi Leit, déi sou eng al Brak hunn an déi läscht 50 Joer näischt gemaach hunn a just gewaart hu bis d'Bud elo 1000% Gewënn bréngt, déi mussen eben elo e klenge Deel dovunner ofginn. Si hunn et jo, et trëfft keng Aarm.

Jean Lichtfous
23. März 2023 - 12.04

@ justin.goedert59 Ech äntwerte prinzipiell kengem anonymen Komentar, well ech mech jo och net hannert engem Pseudonym, jo ! verstoppen. Méng Informatioune fir mäi Lieserbréif bezéien sech op Artikelen an och Menungsbeträg (wéi aus mengem Text ersichtlech) vun SPIEGEL, WELT, dpa, an aner serieux Zeitungen. Si hun d’Oofstemmung am EU Parlament erklärt a kommentéiert. Ech hun drop gewart dass no méngem kuerzen Text, an ebe vill aneren Texter, Leit a EU Parlementarier dat fir Letzebuerg géife erklären. Dir hutt dat deelweis gemach. Merci

justin.goedert59
23. März 2023 - 10.36

Herr Lichtfous, ech brauch keng Angscht ze hun, well ech hun Iech jo iwwerhaapt net ugegraff, mee wollt just Är Aussô an eng méi douce Luut reckelen. Just well ech net mat deenen aaneren (anonymen!!) Kommentatoren hei am Chou'ër sangen, musst Dir mär net direkt mäi Recht op Anonymat ofspriechen. Ech hätt éischter erwaart, dass Dir zu menger Meenung konstruktiv Stellung huelt, well ech hu mech op der Internetsäit vum EU-Parlament informéiert, bevir ech daat geschriwwen hun, an ech fannen et wichteg drop hinzeweisen, dass di Klassen E bzw D am Text vum EU-Parlament net der Lëtzebuerger Klassifikatiou'n entspriechen, mee etwa 2 Klassen driwwer leiën !! Mat beschte Gréiss, Justin.

Phil
23. März 2023 - 8.11

Vu, dass mir jo permanent gepriedegt kréien, dass et an Zukunft méi warm gett, bréicht een logescherweis manner Isolatioun an Brennes. Déi Häiser an den südlechen Länner sin wesentlech méi liicht gebaut wéi ons Bunkeren hei. Also, wat soll esou en blödsinneg Gesetz?

Jean Lichtfous
22. März 2023 - 22.13

@ Justin Time: ech sti hei mat mengem Numm. Hutt Dir esouvill Angscht, datt Dir Iech hannert engem Pseudonym verstoppe musst ?

Romain
22. März 2023 - 21.29

Um alle Häuser klimaneutral zu heizen kann man auf Elektroheizung wechseln. Sowie bei den Autos

Justin Time
22. März 2023 - 21.18

Hier wird wohl mit verschiedenen Massstäben jongliert: der EU-Text basiert auf einer Energieeffizienstabelle,die sich auf 7 Klassen von A bis G erstreckt, wobei G die schlechteste Effiziens darstellt. In Luxemburg unterscheidet unser Energiepass 9 Klassen von A bis I , und somit entsprächen die von der EU angestrebten Klassen E bzw D bei uns etwa den Klassen H bzw G. Wieso das EU-Parlament sich hier nicht auf die 9-stellige Tabelle bezieht, ist mir nicht ersichtlich, aber es dürfte die Angstmacherei des Herrn Lichtfous doch relativieren.

max.l
22. März 2023 - 15.50

wann een Europa esou kuckt, Land a Land fiir sëch, da wär Lëtzebuerg eventuel dat Land mat der réichster Awunnerschaft, mä ët gin awer och Läit bis an den dëcke Mëttelstand ran, déi da géife einfach wegfléien, well së sëch dat nët leeschte können, oder së verkaafen a mussen dann an d'Ausland wunne goën.. kucke mër awer dann, baal all déi aaner Länner, wéi d'Süd-Länner, z.B. Italien, Griecheland, Spounien asw, déi hu bal All Häiser déi nët, bis guer nët an déi Norm géinge passen an bestëmmt och nët d'Moyëen hätten, esou guer ons Nopechlänner, Frankréich, Belgien an Däitschland ënner nach Aaneren, ween huet dann vun der ganzer Awunnerschaft do schons ee Klimaneutralt-Haus!? An ausser ee pur Superräicher, do kënnt bal kee "normale Mënsch" sëch dat leeschten.. elo d'Frô: a Wien huet dat gestëmmt an dozou nach unzehuelen dat ët och auszeféieren ass.. an dat ass Europa..hun déi soss nächt ze din.. dat passt nët op eng Kou-Haut..

Filou
22. März 2023 - 11.04

Immer wieder dieses konzeptlose und inkompetente EU-Bonzen Getue,nur unerträgliches wahnsinniges Gelaaber.

Adolf
22. März 2023 - 10.52

Wien huet se gewielt?

JJ
21. März 2023 - 12.44

Gesetze stimmen die nicht durchführbar sind taugen nichts.Was wollen die Herrschaften( die solche Regeln wegen ihres guten Einkommens sicher stemmen können) denn machen wenn Leute mit Mindestrenten oder Gehältern die Welt nicht retten können,auch wenn sie wollten.Einsperren oder erfrieren lassen? Die Klimadebatte ist in Hysterie ausgeartet weil seit 40 Jahren geschlafen wurde. Panik war noch immer ein schlechter Ratgeber. Jeder sollte tun was er tun kann und nicht was er tun muss.