LeserforumParteiprogrammer: Walen 2023

Leserforum / Parteiprogrammer: Walen 2023
(Symbolfoto Wahlen) Foto: Editpress/Didier Sylvestre

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Krut haut eng schéi Parteizeitung geschéckt, wou villes dra steet, wat déi Partei alles maache wëll. Hunn dat alles opmierksam gelies. Hunn awer ausser enger Europäescher Invalidekaart kee Wuert fonnt, wat da fir déi handicapéiert Leit, an ech denken do net nëmmen un déi Leit, déi am Rollstull sëtzen, gemaach soll ginn. 

E Gesetz, wat elo gestëmmt gouf, fir d’Accessibilitéit ze reglementéieren, dat awer eréischt an 120 Méint voll effektiv sollt ginn, ass eng Saach, awer all Dag mat Rollstull ënnerwée ze sinn, ass eng aner Saach. Den Transport a Prozedure fir eng Hëllef, an och wat fir eng, ze kréien, sinn eng Katastroph. 

Eleng an Europa gëtt et eng 120 Millioune Leit, déi mat engem Handicap belaascht sinn. Wéi vill Leit mat Handicap et insgesamt op der Welt gëtt, weess ech net, awer déi 120 Milliounen sinn e Potenzial, iwwer dat ee mol nodenken dierft. Och touristesch. Et gëtt Länner, déi dat scho längst erkannt hunn. 

All fënnef Joer däerf ee, muss ee wiele goen. Vill Leit wëssen oft net, wien oder wat se iwwerhaapt wiele sollen. Ech och net. Wann awer ee mir mol e Walprogramm weist, wou eppes dra steet, wat déi Partei fir déi handicapéiert Menschen hei am Land maache géif, an dat och nach glafwürdeg erschéngt, dat ze réaliséieren, déi hätt nawell Chancen, datt ech do meng Kraizer maache géif. 

Sollt eng Partei net wëssen, wat se maache kéint? Si gär bereet, do weiderzehëllefen. Et gëtt e ganze Koup vun och klenge Saachen, déi engem Handicapéierten d’Liewe méi einfach maache kéinten. 

Jidfereen, dee Verantwortung huet, misst mol fir ee ganzen Dag am Rollstull sëtzen, da géif ee ganz séier gesinn, wéi Verbesserungen kéimen. 

A bon entendeur salut.