Jeunesse EschMerci, Décken! Noruff op den Dan Theis

Jeunesse Esch / Merci, Décken! Noruff op den Dan Theis
 Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Net den Dan. Net eisen „Décken“. Dat war eis éischt Reaktioun op de Schock, wéi mer virun e puer Méint héieren hunn, dass de am Koma géifs leien no engem Malaise um Vëlo.

Wa mer eis als fréier Jeunesse-Spiller vun Zäit zu Zäit fir e Konveniat erëmgesinn hunn, fir de Championstitel vun 1995 ze feieren oder den Doublé vun 1999 als Ofschloss vun enger Suite vu fënnef Titelen hannerteneen, hu mer eis mol ëm deen een oder anere Suerge gemaach, mee ni ëm dech. Virbildleche Sportler wärend denger aktiver Fussballskarriär, hues de net nëmmen als Trainer fir deng Passioun weidergelieft, mee och mat der selwechter Disziplin Sport a Fitness bedriwwen an op deng Alimentatioun opgepasst. Op déi „hygiène de vie“, déi eis Traineren Alex Pecqueur a Jemp Barboni eis agehummert hunn. D’Liewen ass net fair.

Nom Schock ass et elo d’Trauer. Erlab eis dofir, mat dëse puer Wierder un dech ze erënneren.

Drun ze erënneren, dass du fir eis a fir vill Leit d’Jeunesse waars. Vu klengem un. Zanter deenen éischte Goler, déi s de an der Sportshal zu Esch/Lalleng geschoss hues virun engem deemools scho begeeschterte Publikum. Has de do schonns zéng Joer? Um lafende Band hues de se eragesat. Mat riets, mat lénks, mam Kapp. De klenge Prënz vun der Grenz was born!

Wat ass ugebuer an eisem Kënnen? Wat ass Erzéiung? Wat eegne mer eis un duerch Léieren? Dat sinn oft ongekläerte Froen. Bei där war et vun Ufank u kloer. Du krus d’Golerschéisse schonns an d’Wéi geluecht. Du bass do weidergefuer, wou däi Papp, den Theise Mars, e puer Joer virun där an de Reie vun de Schwaarz-Wäissen opgehalen hat. Geglach hues de him och nach. Wéi eng Drëps Waasser. Am Buch zu den 100 Joer vun der Jeunesse (1907-2007) sinn zwou Fotoe vun dengem Papp. Als jonke Kärel gesi mer en do am Bunnbetrib op Arbed Belval, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet. Hien an du, copy paste. Feelt just däi Schnurres … 55 Goler huet däi Papp fir d’Jeunesse geschoss am Championnat an 129 Matcher, du méi wéi dat duebelt: 122 an 279 Matcher, Clubrekord. Dobäi kommen nach etlech Goler an de Coupe- a Frëndschaftsmatcher dobäi. 3 Goler och a 16 Coupe-d’Europe-Matcher fir deng Jeunesse.

Du waars d’Jeunesse. Schwaarz-wäiss bis op de Kalzong. Du hues alles ginn fir däi Club. Du hues souguer an der Equipe vun den Espaces verts vun der Escher Gemeng dofir gesuergt, datt mer déi bescht Pelouse am Land haten.

„Mouiller son maillot“. „Avoir la gnaque“. Authentizitéit, Equippegeescht, d’Bereetschaft, alles ze ginn fir déi schwaarz-wäiss Faarwen. All déi Valeuren hues du virgelieft. An eis, deng Matspiller, ëmmer nees matgerappt a, wann et huet misse sinn, waakreg gerëselt, well du waars ee vun der Long op d’Zong, dee kee Blat virun de Mond geholl huet.

Ob sonndes am Championnat oder um Training, däin Asaz war ëmmer 100 Prozent. Wéi oft sos de, datt d’Matcher net eréischt sonndes, mee schonns an der Woch um Training gewonne ginn. Eng Anekdot: Wéi s de 1991 an d’Nationalequipe koums, huet de Paul Philipp net schlecht gestaunt, wéi s de, wärend engem Stage zu Cannes-Mandelieu, no enger Extra-Ratioun Training fir dech gefrot hues. Du häss jo hei näischt ze dinn, sos de dem Nationaltrainer. Déi Sprintunitéit, déi de Paul Philipp doropshin fir dech, de Groffe Jo an de Goergens Frank preparéiert huet, sollts de ni vergiessen …

Däin Talent an deng Astellung hunn der erlaabt, Onvirstellbares ze realiséieren. Mat dengen 1,70 m bass de méi héich gespronge wéi all déi aner an has en exzeptionellen Timing am Kappballspill. Kee Mënsch hätt geduecht, du géifs no zwee Kräizbandrësser nach eng Kéier Fussball spillen, mee du hues et fäerdegbruecht. Deng Rekonversioun vum Stiermer zum defensive Mëttelfeldspiller hätten och nëmmen déi mannst der zougetraut. But you did it!

Siwe Championstitelen an dräi Couppe mat der Jeunesse tëscht 1986 an 1999 a 35 Selektiounen an onvergiesslech Campagnen mat der Nationaléquipe tëscht 1991 an 2001 sinn de formidabele Palmarès, op deen s du, ee Groussen an der Geschicht an an der Famill vum Lëtzebuerger Fussball, no enger räicher Karriär zeréck konnts kucken.

Deng Trainerkarriär hues de mat der selwechter Professionalitéit a Motivatioun, mam selwechten Engagement verfollegt a mat Déifferdeng (2010) an denger Jeunesse (2013) d’Coupe gewonnen. Wa mer eis getraff hunn, hunn deng Ae geglänzt, wann s de vun denge Stagen am Ausland, bei Bayern, bei Barcelona, erzielt hues. An och hei hues de dech permanent an d’Zukunft projezéiert, eng Zukunft natierlech am Déngscht vum Fussball.

Léiwen Dan, du bleifs bei eis, an eisem Gedächtnis, an eisen Häerzer. An engem Gefill vun Dankbarkeet fir all déi Erfolleger an déi Momenter vu Fussballfreed, déi mer hu kënnen zesummen deelen. Denger Famill, denger Fra Nathalie an denge Kanner Luca a Sara drécke mer eis déift Matgefill aus an dëse schwéieren Zäiten.

Merci, Décken!