Leserforum„Dat geheit een an d’Poubelle“: Konschtfeindlechkeet um ëffentlech-rechtleche Radio

Leserforum / „Dat geheit een an d’Poubelle“: Konschtfeindlechkeet um ëffentlech-rechtleche Radio
 Foto: Editpress/Didier Sylvestre

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Kritiker verdroe keng Kritik, an awer muss ech iwwert dat schreiwen, wat meng Oueren an der Emissioun „VaLibrairie“ vum 16.10.2022 um Radio 100,7 hu missten iwwert sech ergoe loossen. Iwwerhieflech an ouni Begrënnung falen hei d’Valerija Berdi, d’Kerstin Thalau an de Michel Delage iwwert der Fabienne Hollwege hiert Buch „To Live heißt Leben und Liebe heißt Love“ hier. Ech kann déi onprofessionell Manéier net onkommentéiert loossen, wéi hei um „Kultursender“ mat Kultur ëmgaange gëtt, an dat net nëmmen, well ech d’Fabienne Hollwege op hirem Wee zum Buch begleet hunn.

Et ass d’Aarbecht vu Kritiker, sech mat de Wierker vu Kënschtler auserneenzesetzen. Ma an deem Comptoirsgespréich hei gëtt sech zu kengem Moment eeschthaft mam Inhalt beschäftegt. Den Trio zerrappt d’Aarbecht op sou eng ofwäertend Manéier, dass een d’Gefill kritt, d’Kënschtlerin misst sech entschëllegen, iwwerhaapt esou eppes ze verëffentlechen, a fir si selwer wär et eng Zoumuddung, dass hir Zäit mat sou engem Offall an Usproch geholl gouf. Jo, Offall, well zu engem Moment seet tatsächlech een, dass esou Texter beschtefalls an en Tagebuch gehéieren an duerno an d’Poubelle. Sou an änlech pauschal Verurteelunge sinn net nëmme ruckelzeg a béisaarteg, si illustréieren eng konschtfeindlech Haltung vu „Spezialisten“, déi vun hirer Plattform profitéieren, fir hir Gal erauszespäizen.

Als Nolauschterer freet ee sech dofir, wéi eng Kompetenzen déi dräi Animateuren hunn an ob si net reng selbsternannte Kritiker sinn. Vum Inhalt vum Buch, nämlech dem Kampf vun enger Kënschtlerin, déi hiren Job als Independant an hir Ufuerderungen als Fra a Mamm muss ënnert een Hutt kréien, wësse si näischt an hunn nëmme Spott a Veruechtung iwwereg. Ëm wat et am Buch geet, existéiert an hirer Welt net, dofir huele si sech d’Recht, d’Wierk ze besuddelen an d’Kënschtlerin ze diskreditéieren. Et wär selbstverständlech hiert Recht, jo hir Flicht, den Inhalt vum Buch kritesch ze beliichten. Wat hei awer stattfënnt, ass eng kalbliddeg, an deelweis fraefeindlech, Ofrechnung mat enger Fra a Kënschtlerin, déi d’Recht selwer op hire Message an hir artistesch Démarche ofgesprach kritt.

Dës Form vu Sendung, wou d’Animateure reng ënnert sech sinn an, méi oder manner virbereet, Gespréicher mat sech selwer féieren, gëtt ewell zur Reegel um Radio 100,7. Dat schaaft net nëmme Raum fir eesäitegt, widdersprochsloost a gréisstendeels langweilegt Geschwätz, ma och, wéi hei, fir onreflektéiert an ongehemmte Konschtfeindlechkeet. Dat ass ëmsou méi skandaléis, well et um „Établissement de radiodiffusion socioculturelle“ ass, dem ëffentlech-rechtleche Sender, dee vum Steierzueler den Optrag an d’Mëttele kritt huet, Konscht a Kultur op eng gewëssenhaft a professionell Manéier ze behandelen. An deem Kader muss esou e schmuddelegt Virgoe vehement denoncéiert ginn, well wann eppes an d’Poubelle gehéiert, dann ass et sou eng Form vu „Journalismus“.