Lëtzebuergesch léieren / Nimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?
Wousst Dir schonns, datt d’Wuert Silhouette e liewegt Virbild hat oder de Baxter aus der Klinik eigentlech eppes mat Amerika ze dinn huet? An dëser Serie, déi de Magazin am Tageblatt mam Dr. Sam Mersch, Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, erausbréngt, stelle mir Iech all Woch e puer nei Wierder an hiren Hannergrond vir. Dës Woch sinn d’Begrëffer „Bic“, „Volt, Watt, Ohm, Tesla“, „Saxofon“ an „Nikotin“ un der Rei.
Bic
… eist Wuert Bic nom Marcello Luigi Michele Antonio Bich benannt ass, deen 1914 an Italie gebuer ginn ass? Hie war de gréissten Deel vu senger Liewenszäit a Frankräich täteg an huet do 1945 seng Firma mam Eponym Bic gegrënnt, déi also no him benannt ass an d’Bicker mat der ronner Bull dran och bei eis verbreet huet.
Volt, Watt, Ohm an Tesla
… d’Wierder Volt, Watt, Ohm an Tesla, déi geholl ginn, fir Unitéite vun elektresche Spannunge vu Widderstänn, vun Ernergieaustausch a vu Flossdéckt ze moossen, no Persoune benannt sinn? Si goufen zu Éiere vun de Pionéierfuerscher an der elektrophysescher Technik benannt, no den Hären Allessandro Volta, James Watt, Georg Ohm an Nikola Tesla.
Saxofon
… de Saxofon no sengem Erfinder Adolf Sax benannt ass? De belsche Museker an Erfinder, deen eigentlech Antoine-Joseph Sax geheescht huet, huet um Enn vum 19. Joerhonnert net nëmmen de Saxophon, mee och aner Instrumenter erfonnt. D’Wuert Saxophon ass aus dem Här sengem Numm an dem algriichesche phônê, also Toun oder Stëmm, zesummegesat.
Nikotin
… d’Wuert Nikotin nom franséischen Diplomat Jean Nicot (de Villemain) benannt ass? Hie war um Enn vum 16. Joerhonnert a Portugal an huet vun do den Tubak aus Frankräich matbruecht. Virdru gouf et an Europa keen Tubak, well et eng Planz aus der sougenannter Neier Welt, also vum amerikanesche Kontinent, ass.
- Die Glocken sind nach Rom: „Klibberkanner“ unterwegs - 28. März 2024.
- Budget: Von Sparmaßnahmen bislang keine Spur - 28. März 2024.
- „Sustain Lux“ soll Initiativen und Forschung verbinden - 28. März 2024.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos