This Hard Minett LandEscher Pizza

This Hard Minett Land / Escher Pizza
 Illustratioun: Dan Altmann

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Kee soll behaapten, am Minett wär alles verluer a vergiess. De Minett lieft! De Minett wibbelt a vibréiert! Mir liwweren Iech d’Stéchwuert: Escher Pizza! Mierkt Iech den Numm! Maacht mat! Reservéiert Är Plaz an enger Escher Pizzeria! Sidd partizipativ! Genéisst d’Originalitéit an d’Kraaft an den enorme Charme vum Minett!

Dorop huet eist Land vum roude Buedem laang gewaart: Escher Pizza, endlech eng Volleksdrog, déi hiren Numm verdéngt, eng gastronomesch Pärel wéi am Billerbuch, eng Attraktioun fir Kleng a Grouss, Jonk an Al! D’Léift geet ëmmer duerch de Mo, dat ass bekannt, eis Escher Pizza mécht aus der Léift eng Leidenschaft. Wien dra bäisst, fillt sech gläich als echte Minettsdapp.

Eis Escher Pizza ass wéi de Mënsch am Minett: rau, krupseg, ferm gebak, wéi frësch aus der Glous vun der Schmelz. An och eng Grëtz tockeg, wann een dat esou soen däerf: Déi rebellesch Kombinatioun aus schaarfer Salami, stramm salzegen Anchoisen an doftegem Knuewelek ass genee de Konträr vun der geleckter Dräi-Stäre-Gastronomie. Mir brauchen hei kee Firlefanz a keng deier Finessen, mir sti mat zwee Féiss um Buedem, mir sinn där Haarder, wat op den Dësch kënnt, gëtt giess.

Déi éischt Reaktioune sinn duerch an duerch begeeschtert: Soubal mir d’Messer an d’Forschett an der Fauscht hunn, soen déi enchantéiert Escher Pizza-Frënn, héiere mir d’Héichiewe knuppen an d’Buggie rabbelen. Net ze vergiessen déi onvergläichlech Faarf vun der Escher Pizza: donkelrout wéi d’Minettssteng! Wann dann och nach en déifroude Chianti am Glas fénkelt, hu mir gläich e ganze Cortège vu roude Fändele virun Aen, c’est la lutte finale! Schëtt mol no, Giovanni!

Mir loossen eis déi Escher Pizza net schlechtrieden. Si ass eist fonkelneit Emblem, eise Solidaritéitsbooster. Gewass, et ass nach net alles perfekt, verréit eis deen een oder anere Pizzaiolo. Heiansdo beschwéiert sech e Client. Mir héiere komesch Geschichten. Ech kréie meng Pizza net gebass, huet e Mann geklot, wat ass do nëmmen dran, ech brieche mer d’Zänn! Mir hunn déi Saach ënnersicht: Ënnert de Salamirondelen hu mir eppes wéi reng gemuele Schlake fonnt. Wéi déi an d’Pizza koumen, ass eis e Rätsel. Um Deeg kann et net leien. Deen ass semplicemente impeccabile.

Et ass och net kloer, firwat de geschmoltene Kéis op der Escher Pizza heiansdo no Pëtrol schmaacht, oder no Karbid. Mir hunn dat iwwerpréift, ouni Resultat. Jiddefalls gëtt nëmme frësch Wuer verschafft. All Pizzaiolo mécht sech eng Éier draus, säi Bescht ze ginn. Well et geet leschten Enns ëm de Prestige vum roude Buedem.

Mir wëllen et net un d’grouss Klack hänken, mee virun enger Woch koum et zu engem méi kriddelegen Tëschefall an enger Pizzeria. E Client huet op senger Escher Pizza butzeg Stécker Walzblech entdeckt, verstoppt ënnert der Salami. Ee Gléck, datt hie mat Zäiten déi geféierlech Blechpartikelen op d’Säit geschäert huet. Mir däerfen net drun denken, wat geschitt wär, wann hien deen Dreck mat ofgeschléckt hätt.

Dat wär e schwéiere Schlag fir eis Escher Pizza-Campagne gewiescht: E Client, dee vu Péng bierelt, well eppes Friemes, Messerschaarfes him d’Strass oprappt, dat hätt eis grad nach gefeelt. Mir wären net derlaanscht komm, d’Ambulanz ze ruffen. Dat hätt déi ganz Pizzeria op d’Kopp gedréint. Net ze schwätze vum enorme Vertrauensverloscht, deen esou en Accident mat sech bruecht hätt: Mir hätte fäerte missen, datt d’Leit op eemol eis Escher Pizza boykottéieren. Eis grandios Iddi wär futti gewiescht.

Jiddefalls hu mir all Pizzaiolo un d’Häerz geluecht, all eenzel Escher Pizza mat extreemer Suergfalt ze kontrolléieren, ier se zerwéiert gëtt. Ëmmer nees ginn op déi Manéier Exemplairen erausgefëscht, déi ee kengem Client zoumudde kann. Et si scho Schrauwemudderen am Deeg opgedaucht, oder stole Kreep. Mir sinn entsat, éierlech gesot. Heiansdo zitt sech och e verdächtegen däischterbronge Flom iwwert déi ganz Escher Pizza. Mir hunn dee mysteriéise Phenomen am Laboratoire ënnersiche gelooss: Dat ass Rascht, krute mir gesot, eng déck Schicht ofgebliederte Rascht.

Awer mir hunn déi Problematik elo am Grëff. Mat der Hëllef vun eise generéise Pizzaioloen ass et eis gelongen, nëmmen nach 100% propper Escher Pizzaen opzedëschen. Alles, wat verduerwen oder contaminéiert ass, gëtt ausgesënnert. Loosst iech äre gesonden Appetit also net huelen, léif Minettsdäpp. Eis Escher Pizza ass elo schonn e bedeitend Stéck vun eiser neier gemixter Minettskultur.

A mir wësse jo: En echte Minettsdapp huet keng Angscht. Hie fäert der Doud an der Däiwel net. Sollt also mol trotz alle Precautiounen eppes net stëmme mat där enger oder anerer Escher Pizza, dann denkt un eise legendären zéie Charakter: Mir bäissen op d’Zänn. Mir bäissen eis duerch. Mir ginn ni kleng bäi.

We Are Alive

We are alive
And though our bodies lie alone here in the dark
Our spirits rise
To carry the fire and light the spark
To stand shoulder to shoulder and heart to heart

(Bruce Springsteen, „We Are Alive“, from the album „Wrecking Ball“, 2012)

Zum Auteur

De Guy Rewenig, gebuer 1947 zu Lëtzebuerg, huet sech a ville vu sengen Texter mam Minett beschäftegt, sief et an de Romaner (z.B. Wëll Fra, Hannert dem Atlantik, Grouss Kavalkad, Sibiresch Eisebunn), an den Theaterstécker (z.B. Am Schiet vum Walzwierk, Eisefrësser, Botz), am Cabaret (z.B. Hënn, déi bäissen, billen net, Gemittlech Katastroph), an de Kannerbicher (z.B. Muschkilusch, Zebra Tscherri) oder an der Lyrik (z.B. Kampfmaschine, Projet pour une guerre perdue d’avance, Solange die Fabrikschlote rauchen, wird gefeuert).