„Déi vun ärer Zuucht stierwen aus“, huet meng Fra ze bedenke ginn, an alt erëm hat si Recht. Knapp 70 Joer ass keen Alter fir ee Bam, an och dem Jup hätte mär wäitaus méi Joereskreeser ënnen um Stack gewënscht an zougetraut! Trotzdeem huet sech seng Doudesannonce duerch hir flott Epitaph vun all deenen aneren, mat hire gréisstendeels ofgedroschenen an traurege Floskelen, op eng keck Aart a Weis ënnerscheet.
„Haaptsaach dergéint, an en Hond am Keelespill“ … méi treffend hätt een et wuel net kënne soen, fir de Jup posthum ze charakteriséieren. A bei allem Leed hu mär allen zwee um Kaffisdësch dach fir d’éischt schmunzen an dann esouguer haart laache missen!
Eng Widmung, wéi ech mer se fir mech selwer och ging wënschen, an déi eng gutt Partie Selbstironie an Autoderisioun viraussetzt, zu där vill vu senge fréieren ökologesch wéineg nohaltege „Frënn“, déi sech immens fir wichteg huelen, wuel kaum bereet wieren, an, anescht wéi de Jup, hir eege politesch Carrière ni aus den Ae verléieren.
Mat dem Jup konnt e Päerd stielen – oder z.B. och nëmmen ee fräie Radio grënnen –, an dobäi hat hie just nëmmen een Iesel ënnen nieft dem Schwäistall, an dee war grad esou stänneg ver…leift wéi de „Jup Eber“, säi stramme Meeschter selwer.
Wéi hie mär gesot huet, hie bräicht nach e puer alternativ Leit, fir bei sengem éischte fräie Radio matzemaachen, an de Monopol vun RTL domadder a Fro ze stellen, wuar ech Feier a Flam respektiv gläich mat him op der selwechter Wellelängt. Wëll de Jup meng onkonventionell Imitatiounen a Parodien op Vinyl a bei Tholls Raym „en direct“ op RTL héieren an geschat huet, wollt hie mech fir seng „radio libre“ rekrutéieren. Dobäi hat mäi „bon mot“ „ech maachen a Saachen Humor fir mäin Deel keng Faustien an der Täsch“ him et ganz besonnesch ugedoen … Mir waren eis als Pionéier op ënnerschiddleche Gebitter géigesäiteg sympathesch, wëll vum Jup war mir zu Ouere komm, datt hien esou richteg aus sech erausgoen a „Musek“ konnt maache, an iwwerall do eppes lass gemaach huet, wou virdru kaum eppes lass war! Éier deen alleréischten illegal subversiven Toun iwwer eis Aluminiumsantennen deene „léiwe Nolauschterer“ am „Gran-Duchi“ zu Oueren komme sollt, wollt ech awer wëssen, wou a wat! De Jup war schlau an huet mär erkläert, datt hie wëlles hätt, fir kee Risiko anzegoen, aus dem noen Ausland, an zwar net vun där vu Namur, ma vun der Areler … Knippchen ze senden, an op déi Ëmtour d’Verbout ze ëmgoen!
Merde alors …!
Do gëtt et eng Rei vu flotten, méi oder wéineger bekannten Anekdoten, vun deenen eng bestëmmten ervirstécht – einfach köstlech – an, wann een zeréckdenkt, esou surrealistesch ass, datt ech se a Gedanken un de Jup an un eis gemeinsam Abenteuer iech Lieser net virenthale wëll.
Deen Dag, wou et eescht ginn ass, huet de Jup mir op de Belair aus der „ Bourg“ – vu Bourglënster also – telefonéiert, datt hie mech am fréien Nomëtteg rue Eberhard ofhuele kéim. Hien hat just Bedenken, wat säi Gefier ubelaangt huet – eng amerikanesch oppen Jeep, op där d’Cardane geklaakt hunn –, an dëst net wollt verschlëmmeren an hien dofir léiwer een anere Won benotzt hätt … Ech hunn awer drop bestan, bei deem schéine Wieder ënner fräiem Himmel ze fueren, an de Jup sot dorops: „Ma dajee alt!“ … an huet säi langweilege VW op der Säit stoe gelooss. IwwerTelefong – en Handy gouf et Ufank der achtzeger Joeren nach net – hat de Jup mer d’Route matgedeelt, an déi hu mär dann och mat der Wrangler Jeep, iwwert de Wandhaff, d’Cap a Richtung Arel, a saugudder Laun ageschloen. Wéi mär zu Stengefort du riets ofgebéit sinn, do, wou dem „Bounenéckel“ säi Jong, de Jean Asselbueren, gebuer ass, an deen et, wéi si am Duerf soen, zu eppes bruecht huet, gouf et op eemol spannend. Mir si vun engem Auto brusk iwwerholl a vun deem direkt virauser blockéiert ginn, wärend gläich hannendrun nach zwou banaliséiert „Luxmaschinnen“ eis en eventuelle Réckzéier onméiglech gemaach hätten …!
Mir waren zwar erschreckt, ma dat mat Mooss, och wéi dunn aus där éischter Kuar en zackege Borscht eis virun d’Jeep gespronge koum. Hien huet et no gudder Lëtzebuerger Police-Onmanéier net emol fir néideg gehal, sech virzestellen an eis och mol net Pabeiere gefrot. Bestëmmt wousst hien, ween de Jup wier, wat mer wëlles hätten a wat fir eng Streck mer geife fueren. Dëst hat hie mat senge Kolleege vun der Sûreté scho sécher souwéisou iwwer Telefon, deen si eng Stonn virdru ganz kloer ofgelauschtert haten, nogelauschtert an erfuer! Dee jonken Här an Zivil huet eis dogéint awer op engem relativ secken Toun opgefuerdert, déi metalle Këscht, déi hannert dem Jup loung, an déi mär mol net opgefall war, direkt opzemaachen. Mär hunn eis ugekuckt, et war grad wéi am Film, ma de Jup ass cool bliwwen an huet mat engem liichte Lächelen um Gesiicht seng „Cantine“ hannenaus brav opgemaach.
An der grénger Metallkëscht, op engem Bett vun Dännenzweigen an Zapfe leiend, koumen eng Motorsee, verstäerkte Stiwwelen, en Helm mat Visière, jee, e ganzen Deel vum geléierte Bëschmann Jup sengem Handwierksgeschier zum Virschäin … ma méi net!
De Jup huet gegrinst, wéi de Sûretésmann sech senger Saach op eemol net méi sécher war an doropshin eng frustréiert geschnidden huet, well hien sech eppes anescht dran ze fannen erhofft hat. A genee deem Moment hunn ech du folgende mémorablen a „prémonitoire“ Saz vu mär ginn, iwwert deen de Jup an ech nach Joeren duerno hu misse laachen an eis gewonnert hunn … E Saz, vun deem ech zu där Zäit net konnt wëssen, wéi richteg ech domader eigentlech louch … mee mat deem ech, wéi de Marc Thoma op senger neier fréier Tëlee soe géif, den Nol voll op de Képi getraff hat …
„Grénge Fluessfénkelchen“
Eréischt vill méi spéit, wéi seng Foto an der Press publizéiert gouf, hu mir realiséiert, datt et sech bei deem schmocke Borscht, deen eis do „iwwerfall“ hat an eis „illegal“ Material beschlagname wollt, ëm ee vun den Haaptverdächtege respektiv Ugekloten am Bommeleeërprozess, an zwar ëm keen anere wéi den deemolege „Superjhemp“ an der Persoun vum Commissaire Geiben gehandelt huet …
„Incroyable, mais vrai!“ Schnöffler, amplaz sech bei der eegener Nues ze huelen, haten et op dem Jup seng Radiosutensilien ofgesinn, ma woussten net, datt deen de Sender an d’Antenn schonn am viraus op belschem Territorium zu Parette, bei engem schrullege Professer a Spezialist vum „Areler Land a Sprooch“, a Sécherheet bruecht hat. Mir konnten deemno onbehellegt weiderfueren a vum Kierchturm vu Saint-Donat aus eis éischt Sendung maachen, nodeems de Jup d’Aluminiumsantenn mat engem Seel un dem Glänner uwenaus ugestréckt a mär dem solidaresche Paschtouer héich an helleg versprach haten, fir wärend senger Owesmass dach vläicht net ze vill Kaméidi am Tuermzëmmerstudio ze maachen!
De Jup hat mat sengem Radio, dem „Grénge Fluessfénkelchen“, scho ganz kloer d’Iddi vun enger grénger Beweegung am Hannerkapp, wärend dem Gilles Wunsch éischter dru geleeë war, fir sech, fir spéiderhin, mat de Knäppercher vun der Technik unzefrënden – an ech fir mäin Deel mech dermat „begnügt“ hunn, e bëssche rout Faarf mat an d’Spill ze bréngen …
Et huet mech deemno och net därmoosse verwonnert, wéi de Jup eng Zäitchen no eiser gemeinsamer rocambolesker „Epopée“ an der ënneschter Groussgaass op mech duerkoum, a mech spontan gefrot huet, ob ech bei enger grénger Partei wëllt matmaachen, déi hie grad derbäi wär, ze grënnen!? „Dat ass keng schlecht Iddi, maach dat“, sot ech him, „ma ouni mech, du muss verstoen, mär si vun doheem ,de gauche‘ an dréinen net, wéi anerer, déi s de bestëmmt nach wäerts kënneléieren, eise Mäntelchen am Wand.“
Als diploméierten Uewerfierschter vun der Uni Wien wier hien deen absolut richtege Mann dofir, an nach haut behaapten net nëmmen ech, datt de Jup Weber, contrairement zu anere „gréngen“ Trëttbrietfuerer op d’mannst wousst, iwwert wat hie géif schwätzen, wann en dat Wuert Natur an Ëmwelt an de Mond geholl huet! De Klimawandel, och deen an der Partei, huet hie gesi kommen an huet der Politik de Réck gedréit. Et gouf him hei ze spiisseg an den Horizont ze enk, an hien ass fir eng Zäit an déi kanadesch Bëscher ausgewandert.
Fir Justiz- an, schlëmmer nach, Arméiminister hätt de Jup allerdings souwéisou kaum eppes gedaacht …!
De Maart
salut guy,
merci fiir dee flotte no-ruf vun onsem gudde jup, wann een dat esou liist, dann ass een rêm matten an der flotter zäit dran, êch war déi zäit oft an der buerg, an hun ganz flot erennerungen drun. êch war mat-gênner vun der summerakademie, an do stung de jup mat sengem micro viiru mer fiir ee reportage beim fluesfenkelchen.
dat waren nach zäiten, êch soen êmmer, wat sen ech frou dat ech konnt an dem abschnit vun der zäit konnt liewen. dat war wiirklech sau-flot, wann ee kuckt wéi êt haut ass, do géing dat alles guer nêt méi goen
mer behaalen de jup a gudder erennerung
Merci fir dëse Bäitrag iwert de Jupp, ech hat scho ferm vermësst dass net méi Noruff iwert Hiën no sengem Doud koum. De Jupp war eemol bei mir doheem well e mech a mengem Kampf géint e Betrieb deen eng kleng Baach verschmotzt huet, ennerstëtzt huet. Ech hat Him deemols scheinbar esou e gudden Espresso gemach dass Hiën net wollt obhaalen emmer nees nach een ze drenken. Wéi Hiën duerno durch de Kaffi genuch obgedréint war, koum d'Iddee e Pifffaass mat däer Drecksbritt aus der Bach ze luëden an dem Juncker an deem säi Ressort dat deemols gefall as, dat mam Trackter ob d'Cap ze féieren an him et do virun Dier an de Viergärtchen ze kippen.
Mir als klengen Duerfknuëd war dat deemols zevill anarchistesch an do wollt ech dann awer net matmaan, zemol ech deemols scho verstaan hun wéi's de zu Lëtzebuerg gebiischt bass wanns de eemol ee vun eisen "Iërwpolitiker*inne" geluëden huës an da fir de rescht vun dengem Liëwen kanns frecke gedoë gin. Egal wéi, ech hat de Jupp gär, et war e Genossmensch an aller Hisiicht an e kompetente grenge Politiker dee sech mat Sëcherheet nie glaatbiischte gelooss hätt wéi dat souvill aner Kolleeg*innen no Him praktizéiert hun. E bannen a bausse schéine Mensch, dee kee vergësst de je mat Him ze doën haat.
p. s:déi saach mat der bauch an dem knaschtbetrieb, déi gouf och kurz duerno geregelt an zënterhier as se propper.
@ Guy , mat enger Tréin am A son esch Dir merci fir un de Frënd Jup erennert an aurevoir gesot ze hun . Iwert Mënschen ewéi hien , richteg Lëtzêbuerger fir déi ët bei eis keng Plaats war an déi am Ausland ons Éiren gemacht hun ,ze schreiwen ass anscheinend ausser Dir keen an Stand , oder ?
Ech waarden, an sin net eleng op een aneren Artikel iwert dem Jupp sein aussergewéinlecht Liewen fun Dir, an soen am Viraus merci.
Verzeih mir meng Schreiwfehler, am Krich an duerno gouf eis keen lëtzëbuergesch beibruecht.
Nach eng Kéier MERCI GUY fum Blaat‘s Gast