Ein Forumsbeitrag von Taina Bofferding, Franz Fayot, Gabriel Boisanté, Tess Burton, Claudia Dall’Agnol, Joanne Goebbels, Christophe Schiltz, Jimmy Skenderovic, Bob Steichen, Sammy Wagener

Äntwerte liwwere fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft

Mir sinn an der LSAP engagéiert, well mer iwwerzeegt sinn, dass eis Partei, wéi keng aner, politesch Äntwerte fir eis Zäit ausschaffe kann.

D’sozialistesch Beweegung ass d’Kand vun der éischter industrieller Revolutioun. D’LSAP ass entstanen, fir d’Intressie vun deene Schwaachen, den Aarbechter, géint d’Ënnerdréckung vum Patronat an d’Kapital ze verdeedegen, an huet iwwert Joerzéngte gekämpft, fir de schaffende Leit méi Rechter an e bessert Liewen ze verschafen. D’Sozialisten hu sech agesat fir eng méi gerecht Gesellschaft, fir fair Léin, Krankekeess, Fleegeversécherung an eng Pensioun fir déi schaffend Leit. Si hu sech staark gemaach fir méi Demokratie, fir d’Mënscherechter, d’Egalitéit an e staarke Sozialstaat, fir eng gutt Educatioun fir all Kanner an en Zougang zur Kultur fir jiddereen. De soziale Fortschrëtt, fir deen d’Sozialisten sech agesat hunn, gëtt haut vu kengem méi a Fro gestallt, och net vun deene Parteien, déi zäitweileg autoritär Tendenze vertrueden hunn an dee Fortschrëtt versicht hunn ze verhënneren.

Mir sinn an der LSAP, well dës Partei d’Original ass, wann et dorëm geet, fortschrëttlech Politik ze gestalten an ëmzesetzen! A si huet déi historesch Legitimitéit an déi richteg Reflexer, fir och haut op de Mënschen hir konkret Ofstigsängschten a Suergen anzegoen. Op hir berechtegt Suergen ëm eng Gesellschaft am digitale Wandel, ëm d’Zukunft vun hiren Aarbechtsplazen an déi vun hire Kanner, ëm hir Ëmwelt an engem Land, wou ëmmer méi Leit liewen, ëm hir Sécherheet an déi vun hirer Famill. Och ganz einfach op hiren Usproch op eng Wunneng. Mä virun allem geet et och ëm déi zentral Fro: Wat fir eng Gesellschaft hätte mer gäre fir Lëtzebuerg, wéi wëlle mir, Lëtzebuerger an auslännesch Matbierger mat hiren ënnerschiddlechen Nationalitéiten a Kulturen, an Zukunft zesummen an dësem Land liewen? A wat ass eist Verständnis vis-à-vis vun de Frontalieren?
Dass d’Mënschen zu Lëtzebuerg, mee och a ville Plazen an Europa de Sozialisten a Sozialdemokraten ëmmer manner zoutrauen, Äntwerten op hir Froen a Suergen ze fannen, ass eng grouss Erausfuerderung fir eis Beweegung. Et ass awer keng, virun där mir mussen Angscht hunn.

D’Parteispëtzt an d’Mandataire mussen elo, am Optakt vum Wahljoer 2018, op hir Memberen a Militante lauschteren, mat hinnen diskutéieren. Dat geschitt net op engem Kongress oder engem Meeting mat enger Stonn Frontalunterrecht vun e puer Leadere vun der Partei an duerno enger kuerzer Diskussioun. Nee, d’Partei muss nei Formater an nei Methode fannen, fir de Bols vun hirer Basis ze huelen, jo, fir sech op e richtegen Dialog mat hir anzeloossen. A mir sollen och net scheien, verstäerkt an den Dialog mat der Zivilgesellschaft ze trieden a breet Consultatiounen ze féieren. Mir mussen erëm zum Affekot vun de Leit ginn, hinnen nolauschteren a fir jiddereen erreechbar sinn. D’LSAP huet den Image vun enger Partei, déi ewech komm ass vun hire soziale Wuerzelen an déi ze vill Kompromësser mécht mat hiren Iddien. Dat musse mer änneren.

Ouni jonk Leit huet d’LSAP keng Zukunft. An ouni Fraen och net. D’LSAP muss geziilt jonk an nei Talenter identifizéieren, hinnen eng Plattform ginn a se systematesch opbauen.
Eng aner Kritik, déi mir säit Jore gemaach kréien, ass, datt d’LSAP kee kloert Profil huet. Och d’Militante wëssen net méi ëmmer genau, woufir d’LSAP steet. Oft verléiere mir eis an Detailer a schwätzen ze wéineg iwwert dat Ganzt. Op laang Siicht kann dat net méi funktionéieren; mir mussen aus de Feeler léieren an et an Zukunft besser maachen.
Mir brauchen och eng Partei, déi präsent ass an der Debatt, déi eis Iddie professionell an d’Gesellschaft dréit an och ofwiesselnd déi passend Leit an d’Diskussioune schéckt. Virun allem mussen d’Sozialisten erëm eng kloer Sprooch schwätzen. Si musse Kant weisen. Ob et an der Fro vu Verdeelung ass, a Sozialfroen, a gesellschaftspolitesche Froen, iwwerall muss d’DNA vun de Sozialiste kloer erkennbar sinn. D’Grondsätz wéi Fräiheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit si fir eis keng eidel Wierder aus dem Klassekampfjargon. Mir si vun dëse Grondsätz iwwerzeegt; si sinn, méi wéi jee, akut an aktuell. Mir vertrieden humanistesch an ethesch Wäerter an Idealer, an iwwerall do, wou mer se konkret a mat Iwwerzeegung vertrieden, kréie mer och Zousproch. Ganz wichteg ass: Mir musse se och virliewen, op allen Niveauen.

Mir mussen nees Wieler zeréckgewannen, déi schonns viru Joren enttäuscht der LSAP de Réck gedréint hunn. Dofir musse mir ganz besonnesch och erëm verstäerkt Politikfelder besetzen, déi 2013 vernoléissegt goufen an déi zum Kär vun enger sozialistescher Politik gehéieren: sozial Emanzipatioun, Bildung, Justiz, Kultur a Mobilitéit. Et kann een net bei der Rentrée parlementaire 2017/2018 „Mission accomplie“ deklaréieren, ouni ze verkennen, dass nach immens vill ze maache bleift fir d’Sozialisten. Virun allem awer muss d’LSAP mat allen Interesséierten Zukunftskonzepter entwéckelen. Ganz besonnesch fir de richtege Wee an der digitaliséierter Aarbechtswelt brauch d’Politik d’Iddie vun de Sozialisten. D’LSAP ass d’Partei vun der Aarbecht, egal ëm wéi eng Aarbecht et geet.

D’Wirtschaft däerf net eleng op Profit a schnellem Wuesstem berouen, mee muss de sozialen Zesummenhalt, d’Solidaritéit an d’Ëmwelt respektéieren. Matbestëmmung an Dialog sécheren de soziale Fridden. An eiser Gesellschaft gëtt et trotz engem héichentwéckelte Sozialnetz weider massiv Ongerechtegkeeten an Ongläichheeten, déi duerch d’Wunnengsproblematik nach vergréissert ginn. Famillje mat méi wéi zwee Kanner an Elengerzéier sinn am Schlëmmste betraff. Wann d’Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi ausernee geet, vergréissert dat de Risiko vun Aarmut an Ongläichheet. Et geet dorëms, fir di substantiell Problemer vun eiser Gesellschaft z’analyséieren a radikal déifgräifend Mesure virzeschloen, fir déi Problemer kohärent ze léisen. Dofir si mir iwwerzeegt, datt d’Sozialiste weiderhi gebraucht ginn.

Villes gouf vun der LSAP an de leschte Jore geleescht, ob an der Regierung oder an de Gemengen. Mä iwwer dat Geleeschtent ewech muss d’LSAP d’Zukunft virbereeden. Reng taktesch Iwwerleeunge kënne kee méi elektriséieren a begeeschteren. Fir d’LSAP wéi och fir di europäesch Sozialdemokratie am 21. Joerhonnert gëllt: Wien elo näischt riskéiert, geet ënner. Lëtzebuerg, wéi de Rescht vun Europa, brauch eng staark lénks Vollekspartei, déi sech de Problemer vun der Gesellschaft wéi vun dem Eenzelen unhëlt.

De soziale Fortschrëtt ass eis Aufgab. Fortschrëtt ass kee Selbstzweck, mee et ass a bleift e lénkt Konzept, fir méi Fräiheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit ze erméiglechen. Dëst ass d’Aufgab, fir déi eis Partei gegrënnt gouf, a passt dofir bei d’Sozialiste wéi d’Fauscht op d’A.
D’LSAP kann d’Äntwerte liwwere fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft – dofir brauche mer Realitéitssënn, Begeeschterung a vill Asaz. Et wäert net ëmmer einfach sinn, awer mir si prett fir dës Aufgab!

1 Kommentar

  1. Wann dann och verschidden iwwerhiewlech an arrogant « Sozi-Dinosaurier » dat och verstin, da bleiwt awer nach vill Iwwerzeegungsaarbecht fir dem schaffende Vollék nees ze weisen, wéi « sozial » dann d’Sozialisten erëm sin!

Kommentieren Sie den Artikel

Please enter your comment!
Please enter your name here