Rede von Premierminister Jean-Claude Juncker am Mittwoch Nachmittag im Parlament

Rede von Premierminister Jean-Claude Juncker am Mittwoch Nachmittag im Parlament

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Rede von Premierminister Jean-Claude Juncker am Mittwoch Nachmittag im Parlament.

Här President, Dir Dammen an dir Hären, Déi Zäit an där mer liewen, déi ass net einfach.

Si ass net einfach um internationale Plang. Mir stieche weltwäit an där déifster Finanz- a Wirtschaftskris déi mer an deene leschte Jorzéngten erliewt hunn. Déi Kris déi lokal – an den USA – a sektoriell – an do am Finanzsektor – ugefaang huet déi huet d’Weltrealwirtschaft mat enger Vitesse sonnergläichen de Bierg erofgehäit.
De Chaos deen entstan ass – an deen nach net eriwwer ass – dokumentéiert op eng eklatant Art a Weis den Echec vum Turbofinanzkapitalismus dee sech ouni Gêne an ouni Rücksicht op d’Kardinoldugende vun der sozialer Marktwirtschaft iwwer alles Meeschter gemaach huet. D’Politik vum séiere Geld ass d’Baach agaang, d’Faszinatioun vum Räichginn ouni Effort ass geplatzt, den Orchester vun deenen déi ëmmer erëm d’Melodie vun der ongebremster Dereguléierung an der totaler Privatiséierung ugestëmmt hunn ass méi kleng ginn, de Neoliberalismus huet zwee Schalldämpfer op seng Trompett kritt an déi déi wéi ech – och dacks hei am Haus – dem Staat seng normativ Reguléierungsfunktioun ugemahnt hunn an déi dowéinst Wirtschaftsarchaïsmus virgeworf kritt hu gesinn op eemol net méi esou al aus. Dee wëlle Finanzkapitalismus muss Regele kréien déi däitlech maachen datt Wirtschaft a Finanzen dem Mënsch ze dingen hunn an net ëmgedréit. Dëse Reguléierungsprozess ass amgaang, mir geet en ze lues virun.
D’lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt dësen Encadrementsprozess an hätt gären datt e méi séier géif virukommen. Mir triede fir eng adäquat Besteierung vun de geféierleche Risikogeschäfter vun de Banken an a maachen an Europa eist derfir fir datt dat geschitt. Wann net iwwerall an der Welt dann op d’mannst an Europa, wann net iwwerall an Europa dann an der Eurozon.

Allgemeng gesi gëtt et international éischt Unzeeche fir eng wirtschaftlech Erhuelung, awer déi no ënne geriichte Wuestumsrisike sinn nach net all eliminéiert. D’Schwellelänner wuesse konsistent – China zum Beispill an Indien – mee Europa mécht e wuestumsmidden Androck.

Jo, och fir Europa sinn d’Zäiten net liicht. Mer hunn an der Eurozon wackleg Croissance-Perspektiven, héich Budgetsdefiziter an eng global Verschëldung déi besuergneserregend ass. Besonnesch Suerge mécht d’Situatioun a Griechenland. Säin onkontrolléierten Haushaltsdefizit a säi Scholdenhimalaya – deen ee wéi deen anere selwer verschëld – sinn dat kumuléiert Resultat vum Kompetitivitéitsverloscht dee Griechenland an deene leschten zwanzeg Joer ugeheeft huet.
Den dramatesche Verloscht u Wettbewerbsfähegkeet huet Griechenland ëmgehäit. Dofir hu mer am Eurogrupp ofgemaach, d’Kompetitivitéitssituatioun vun all Memberstaat periodesch ze iwwerpréife fir erkennbar Fehlentwécklunge kënnen ëmzedréien. Lëtzebuerg gëtt nach virum Summer ënner d’kollektiv Lupp geholl. Elo musse mer a punkto Griechenland eis Flicht maachen. Den Euro gëtt via Griechenland attackéiert, den Euro muss via Hëllef vu Griechenland d’Attacken ofwieren.
D’Grieche mussen hiert Land erëm zukunftsfit maachen, si maachen dat mat vill Courage a mir mussen hinnen an hirem Interessi an an eisem dobäi hëllefen. D’Grieche kréien ënner strengsten Oplage gehollef, si kréie keng lëtzebuerger Steiergelder einfach esou iwwer d’Téik geschubst, mir werfe keng Soue vun de Lëtzebuerger an d’Mëttelmier, mee stellen de Grieche verzënste Krediter zur Verfügung déi mussen zréckbezuelt ginn.

An deem beschriwwenen Ëmfeld – an der internationaler Onsécherheet an an deem europäeschen Duercherneen – muss Lëtzebuerg sech bewegen. Heiandsdo musse mer eis mat anere Länner zesumme bewegen, besonnesch mat deene mat deene mer eng gemeinsam Währung deelen. Meeschtens awer musse mer op eege Fauscht handelen: mir sinn op ville Pläng fir eis selwer zoustänneg. Genau dat gëtt mam Wuert Souverainitéit ëmschriwwen: fir sech selwer zoustänneg sinn, säin eegent Schicksal selwer an d’Hand huelen. Fir dat fäerdeg ze brénge geet et net duer Politik ze maachen. Fir dat fäerdeg ze brénge muss een eng Politik hunn. Déi huet een a schwéiere Momenter net ëmmer direkt well zevill Akteure léiwer Politik maache wéi sech eng ze ginn. Mee dat gehéiert nun eben zur pluraler Demokratie. Um Wee op grouss Ziler lass kann een – well d’Versuchunge vum medialen Alldag vill zevill grouss sinn – sech drop beschränke Politik ze maachen. Richteg ass: um Enn vum Wee, ier een un d’Enn vum Wee kënnt, muss een eng Politik hunn. Soss kënnt een net un d’Enn vum Wee.

Et muss ee virun allem eng kohärent Budgetspolitik hunn.
Fir sech déi richteg Politik an d’Hand ze ginn, sech déi richteg Budgets- a Finanzpolitik zouzeleeën, muss ee sech fir d’éischt d’Fakten ukucken an net iwwer d’Fakten ewechkucken.

Ech weess datt der d’Jongléiere mat den Zuelen net gär hutt. Dofir – an ouni zevill Zuelen – just dat hei: am Joer 2008 ass eis Economie mat 0 Prozent gewues – mir haten also eng Stagnatioun –, am Joer 2009 ass eis Wirtschaftskraaft ëm 3,4 Prozent gefall – mer haten also eng Rezessioun vun enger aussergewéinlecher Ampleur. Mir waren domat no dësen 2 Joer um Ufank vum Joer 2010 als national Kollektivitéit 3,4 Prozent méi aarm wéi 2007, also 3 Joer virdrun. Normalerweis – wann d’Kris net zougeschloen hätt – wiere mer 2008 an 2009 all Joer ëm 4 Prozent gewues, mir wieren also Ufanks 2010 8 Prozent méi räich gewiescht wéi 2007. Den Ënnerscheed tëschent normalen Zäiten a Krisenzäiten ass ee vun 11,4 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt. D’Kris huet eis 4,3 Milliarden Euro u Wirtschaftskraaft kascht.

Et géif mer leed di wann ech deen Eenzegen hei am Land wier deen dës Zuele géife beandrocken. Ech mengen awer datt vill Leit am Land – wann och net all Politiker – vun där negativer wirtschaftlecher Entwécklung déif impressionnéiert sinn.

Dobäi kënnt eng Verschlechterung vun de Staatsfinanzen déi et a sech huet. Mer haten 2008 ee gesamtstaatlechen Iwwerschoss – Staat, Gemengen a Sécurité sociale zesumme betruecht – vun 2,5 Prozent vum PIB. E Joer méi spéit, 2009, hate mer e gesamtstaatlechen Defizit vun 0,7 Prozent. Differenz: 3,2 Prozent. Haut huet d’Bréisseler Kommissioun eis ee gesamtstaatlechen Defizit vun 3,5 Prozent fir d’Joer 2010 virausgesot, manner wéi geduecht, mee d’Differenz mam Joer 2008 beleeft sech – géif et esou kommen, mir probéieren datt et besser kënnt – op 6 Prozent. Déiselwecht Kommissioun gesäit eis 2011 bei engem Defizit vun 3,9 Prozent, Differenz mat 2008: 6,4 Prozent. Well dat esou ass wäert d’Kommissioun nach am Fréijoer ee Verfahre wéinst ekzessivem Budgetsdefizit géint Lëtzebuerg aleeden. Ech liesen de Staat hätt déi éischt dräi Méint vum Joer un direkten an indirekte Steieren 100 Milliounen Euro méi erakritt. Dat stëmmt an dat ass gutt esou. Mer hunn 2009 bis Enn Mäerz 2.352 Milliounen Euro Recette gebucht, 2010 sinn et der 2.454, mee 2008 war en et der 2.468, also 14 Millioune méi. Budgetär si mer also nach méi schlecht wéi virun zwee Joer. D’Berouegungspëlle mussen dofir an der Dous bleiwen. Aus de Budgetsdefiziter entsti Staatsscholden.

Mir haten am Joer 2009 5,6 Milliarden Euro Staatsschold. An dësem Joer huet de Scholdestand vum Staat sech op 7,2 Milliarden erhéicht. Wa mer d’Staatsausgaben viru lafe loosse wéi bis elo a wa mer un der Steierlandschaft näischt par rapport zum Joer 2010 veränneren dann erreeche mer ee Scholdestand vun 9,9 Milliarden Euro am Joer 2011, vun 12,6 Milliarden Euro am Joer 2012, vu 15,3 Milliarden am Joer 2013 a vu 17,8 Milliarden am Joer 2014. Da géif sech d’Staatsschold vun 18,3 Prozent par rapport zum PIB haut op 37,4 Prozent par rapport zum PIB am Joer 2014 an d’Lut schaukelen. An da géife mer statt 225 Milliounen Euro haut 488 Milliounen Euro am Joer 2014 op eis Schold zréckbezuelen. An anere Wierder: da géife mer am Joer 2014 ee Prozent vun eiser Wirtschaftskraaft op d’Bedéngung vum Scholdendéngscht verwende musse géint 0,6 Prozent haut. An da wier d’Rees an de Verschëldungsstaat nach net eriwwer: och no 2014 géife mer all Joer 3 Prozent méi Schold maachen, bis mer do ukomm si wou mer net wëllen an net däerfen hi kommen. Et gëtt méi wéi een hei am Land dee kee Problem dermat huet wann d’Staatsschold sech all Joer zolidd no uewe bewegt. D’Regierung huet awer e Problem dermat. Aus deem einfache Grond well eng Staatsschold déi all Joer méi grouss gëtt d’Laaschten déi haut organiséiert ginn zu Reparaturzwecker un déi nächst Generatioun weidergereecht ginn. Net déi déi haut decidéiere bezuelen d’Scholden zréck. D’Scholde ginn zréckbezuelt vun deenen déi ënner den Decisioune vun haut leiden. Mir hu kee Recht fir deene jonke Leit vun haut de Frigo vu mar eidel ze maachen. D’Verschëldung ass e séisst Gëft dat haut kengem wéi deet. Mee ‚t ass e Gëft wat e battere Nogeschmaach huet fir déi déi no eis kommen. A well dat esou ass a well d’Politik inter-generationell muss denken, well d’Politik vun haut net nëmmen un d’Mënsche vun haut muss denke mee och d’Liewenschance vun de Leit vu mar am Bléck muss hunn huet d’Regierung sech derzou decidéiert de Cours vun de Saachen ze änneren. Net radikal. Mee energesch genuch fir datt déi déi no eis kommen net vun de Konsequenze vun de Feeler erdréckt ginn déi mir haut aus Liichtfankegkeet an aus generationellem Egoismus maachen.

Well se de Cours vun der Finanzpolitik wëllt änneren huet d’Regierung an dem Stabilitéitsprogramm dee se der Europäescher Kommissioun am Januar zougeleed huet Faarw bekannt. Mir wëllen am Joer 2014 net op enger Staatsschold vu 17,8 Milliarden mee op enger vun héchstens 12,9 Milliarden landen. Mir wëllen am Joer 2014 net 488 Milliounen Euro op eis Schold zréckbezuele musse mee héchstens 355 Milliounen. Mir wëllen d’Staatsschold héchstens op 27,2 Prozent bis un d’Enn vun der Legislaturperiod uwuesse loossen an net op 37,4 Prozent, Stand dee mer bei onverännerter Politik géifen erreechen. Dofir wëlle mer an deenen nächste Joren an der Moyenne maximal eng Milliard Euro Scholde méi maachen. Fir dat ze erreechen musse mer spueren a musse mer d’Gesamtstaatsfinanzen esou equilibréieren datt mer am Joer 2014 gesamtstaatlech gekuckt en Defizit vun 0 Prozent kréien. Esouguer wann et eis geléngt – an dat muss eis geléngen – de gesamtstaatlechen Defizit, also dee vun der Zentralverwaltung, vun de Gemengen a vun der Sécurité sociale op 0 Prozent am Joer 2014 zréckzeféieren, esouguer da bleift am eigentleche Staatsbudget ee Lach dat mer mussen och nom Joer 2014 duerch weider Scholdenopnahm finanzéieren. Deen Effort dee mer dem Land proposéieren ass grouss, mee eigentlech geet en net duer fir all eis Problemer ze léisen, besonnesch wann een och drun denkt – an dorunner muss een denken – datt d’Belaaschtungen déi aus eise Renten a Pensiounsregimer op déi nächst Generatiounen zoukommen enorm grouss sinn.

Ee Wuert nach zur Staatsschold. D’Staatsschold ass och, mee bei wäitem net nëmmen, geklomme wéinst deenen Interventiounen déi d’Regierung am Joer 2008 huet musse maache fir zwou lëtzebuerger Banken ze retten. Et gëtt der déi kuerz denken a laang schwätzen déi soen: verkaaft är Participatioun un der Banque générale an dann hutt der d’Souen erëm. D’Regierung ass net wëlles d’Participatioun vum Staat an der Banque générale kuerzfristeg ze verkafen. D’Coursen op der Bourse weisen dat net aus. Ausserdeem ass et eng strategesch Participatioun déi de Staat geholl huet fir et der Banque générale ze erlaben erëm zréck a rouegt Gewässer ze fannen. Elo verkafe géif Villes, inklusiv Aarbechtsplazen, a Gefor bréngen. Mir bleiwen Aktionär vun der Banque générale a mir hunn och eppes dervu wa mer Aktionär bleiwen. Mir encaisséieren dëst Joer an der Zomm iwwer 130 Milliounen Euro Dividenden duerch eis Participatioun an der BGL an a BNP-Paribas. An d’Remuneratioun vun där Garantie déi mer der Dexia-BIL ginn hu bréngt eis dëst Joer 15 Milliounen Euro. Déi Souen déi mer duerch eis Participatioun an der BGL an an der BNP an duerch d’Remuneratioun vun der Staatsgarantie fir d’Dexia-BIL erakréie fléissen an de Fonds de la dette a mat hinne kënne mer d’Zënsen op deene Scholden d’nächst Joer méi wéi decken déi mer duerch d’Bankerettungsaktioun bedéngt mussen zréckbezuelen. De Finanzminister gëtt oft als e bësse stupide Comptabel karikaturéiert. Ech stelle fest: als Tresorminister huet en esou verhandelt datt en ouni Problem als Finanzminister d’Scholden déi duerch d’Bankerettungsaktioun entstan si kann zréckbezuelen. Dem lëtzebuerger Steierzueler ass duerch d’Stabiliséierungsoperatioun déi mer am Bankesecteur virgeholl hu kee Schued entstan. Net all Regierung an Europa kann datselwecht fir seng Steierzueler behaapten.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Wéi maache mer dat dann elo fir eis Gesamtstaatsfinanze bis an d’Joer 2014 ze equlibréieren?

Eng Virbemierkung fir d’éischt. Wéi mer dës Regierung de Summer d’lescht Joer gebild hunn, wéi mer de Regierungsprogramm formuléiert hunn, du hu mer dat gemaach wat eng koordinéiert Politik an der Eurozon war, nämlech hu mer eng Reduktioun vun de Staatsdépensen am Joer 2010 bewosst ausgeschloss well – esouwéi et de Konsensconstat an Europa war – mer gemengt hunn datt d’wirtschaftlech Entwécklung am Joer 2010 zevill onsécher wier fir datt ee kënnt de Konjunkturpak dee mer virun de Wahlen decidéiert haten zréckzéien. Mer hu fir d’Joer 2010 een Uklamme vun den Defiziter bewosst a Kaf geholl. Esou steet et am Regierungsprogramm. Esou steet et am Wahlprogramm vun där Partei déi ech am beschte kennen. Esou huet och deen dee sech virun ongeféier engem Joer op den Tour gemaach huet fir de Leit am Land dat ze erklären. D’Uklamme vum Defizit am Joer 2010 war geplangt a war noutwendeg fir datt een d’Konjunkturerhuelungskräften net géif stéieren. Mer hu gläichzäiteg gesot datt mer vum Joer 2011 u missten an d’budgetär Konsolidéierung antrieden, esou wéi et an de koordinéierter Approche vun der Eurozon festgeluecht ginn ass a wéi all déi aner Regierungen dat och maache wäerten. Dofir hu mer d’Opfuerderung vum Patronat fir schon am Joer 2010 zolidd ze spueren zréckgewisen. Grad wéi mer och de Moratoire vum Index iwwer déi nächst zwee Joer zréckgewisen hunn. Dem Avis vun der Chambre de Commerce hu mer keng Folleg geleescht. Mee elo sti mer virun de Joren 2011 bis 2014, Jore vun deene mer gesot hu si missten d’Jore vun der budgetärer Konsolidéierung sinn.

Vu datt déi international, déi europäesch an déi national Situatioun sech zanter dem Summer 2009 weider negativ agefierwt huet, si mer an der Regierung séier zur Schlussfolgerung komm datt eng Budgetskonsolidéierung iwwer den exklusive Wee vun der Ofsenkung vun de staatlechen Depensen net méiglech wier. D’Budgetskonsolidéierung, dat heescht d’Konsolidéierung vun de Gesamtstaatsfinanzen, muss een dueble Wee aschloen: esouvill spuere wéi méiglech ouni d’konjunkturell Reprise ze verhënneren, Steieradaptatiounen esouvill wéi néideg ouni d’Wettbewerbsfähegkeet vun eiser Economie zevill ze behënneren an ouni d’Grondprinzipië vun der sozialer Gerechtegkeet ze verletzen. Genau dee Programm wëll ech iech elo exposéieren.

Den Aspuerungs- a Gläichgewiichtshirstellungsprogramm huet d’Joer 2014 an d’Nullprozentzil an deem Joer fest am Bléck. Mee e limitéiert sech a senger éischter Versioun op d’Joren 2011 an 2012. Firwat? Ganz einfach well mer esouwuel an Europa wéi heiheem keng fiabel Donneeën hunn, keng absolut belaaschtbar Prognose fir déi zweet Halschent vun der lafender Legislaturperiod hunn. Am Laf vum Joer 2012, éischter an der zweeter wéi an der éischter Halschent vun deem Joer, wëlle mer kucke wa mer da méi iwwer d’Joren 2011 an 2012 an och méi iwwer déi wahrscheinlech Entwécklung am Joer 2013 an 2014 wëssen, wou mer dru sinn a wéi mer – d’Zil vun Nulldefizit am Joer 2014 ëmmer nach fest am Bléck – d’Finanzpolitik fir déi zweet Halschent vun der Legislaturperiod gestalten. Haut weess kee wéi de Cours vum Euro sech an de Joren 2013 an 2014 entwéckle wäert, haut weess kee wat fir e Präisniveau d’Uelegprodukter da wäerten erreecht hunn, haut weess kee wéivill Schubkraaft d’Weltwirtschaft an zwee bis dräi Joer wäert entwéckelt hunn. Wann een et net weess soll een och net maache wéi wann een et wéisst. Wann een et weess kann en eis et jo soen. Ech weess et net. Op jiddfer Fall net mat där leschter Sécherheet.

Selbstverständlech muss de Staat fir d’éischt bei sech selwer spueren. De Staat muss fir d’éischt do spuere wou e mat sech selwer eleng ass. Dofir muss e seng eege Funktionnementskäschten erofsetzen. Dat maache mer och. Mee ‚t soll ee sech keng Illusiounen driwwer maache datt duerch d’Erofsetze vun de Funktionnementskäschte all d’Problemer vum Staat geléist wieren. Et gëtt zwou Zorte vu Funktionnementskäschten. Fir d’éischt gëtt et déi Käschten op déi d’Regierung direkten Zougrëff huet ouni déi aner Akteuren am Wirtschaftsliewen an hiren Entfalungsméiglechkeeten ze tangéieren. Dofir setze mer d’Fraisë fir Expertise par rapport zum Joer 2010 ëm 20 Prozent erof a spueren domat am Joer 2011 10 Milliounen Euro an am Joer 2012 10,5 Milliounen Euro. Dofir setze mer d’Büroskäschten, d’Reeskäschten an aner lafend Ausgaben ëm 2 mol 10 Milliounen erof an dofir limitéiere mer d’Zuel vun der Neiastellung vu Beamten an de Joren 2011 an 2012 esou datt mer 8,5 Milliounen am Joer 2011 an 8,6 Milliounen am Joer 2012 spueren. Dat gëtt gemaach. Doriwwereraus musse mer aner Funktionnementskäschte bremsen. D’Regierung ass der Meenung datt et an der Fonction publique bis un d’Enn vun der Legislaturperiod keng Erhéijung vum Punktwert ka ginn. Mee dat decidéiere mer weder op Parteikongresser nach am Kader vun dëser Ried. Doriwwer musse mer mat de Gewerkschaften a mat der CGFP virun allem verhandelen. Mee ‚t wier fir d’Regierung wichteg ze wëssen ob déi aner Parteien hei am Haus eis Meenung deelen datt et zu kenge Lounerhéijunge beim Staat an deenen nächste Joren, a bis un d’Enn vun der Legislaturperiod, soll kommen. Aner Funktionnementskäschten déi mer kënnen ofsenke wierke sech direkt an der Privatwirtschaft aus. Wann de Staat manner akeeft verkeeft den Handel och manner. Hei ass muenches dran. Mee de Staat huet och gesamtwirtschaftlech Responsabilitéit an een Deel vun där gesamtwirtschaftlecher Responsabilitéit dréckt sech iwwer de Wee vu senge sougenannte Funktionnementskäschten aus. Mir wëlle staatlechersäits den Handel, deen et scho schwéier genuch huet, net ausdréchnen.

Et muss iwwerall gespuert ginn. Och bei den Investissementer musse mer spueren. Mir haten eis um Niveau vum Zentralstaat fir d’Joer 2011 Investissementer an der Héicht vun 1 Milliard an 11 Milliounen Euro an am Joer 2010 vun 1 Milliard an 71 Milliounen Euro virgeholl. Mee mir musse feststellen: mir hunn net Einnahme genuch fir Investissementer an där Héicht korrekt kënnen ze bedingen. Ergo hu mer decidéiert datt mer d’Investissementer vum Zentralstaat op deem héijen Niveau vum Krisejoer vun 2009 stabiliséiere mussen. Eng Stabilisatioun um Niveau vum Joer 2009 heescht datt mer d’Investissementer op 768,6 Milliounen Euro fir déi nächst zwee Joer festleeë mussen. Dat ass ëmmer nach ee vun deenen héchsten Investitiounsniveauen an der Eurozon. Mee d’Reduktioun vum Investitiounsniveau par rapport zu deem wat mer programméiert hate mécht et  eis zur Flicht d’Investitiounsprioritéiten nei ze uerdnen.

D’Verbesserung vun der Mobilitéit bleift fir d’Regierung prioritär. Den öffentlechen Transport muss weiderhin ausgebaut ginn. Mee dat heescht awer net datt een eidel oder bal eidel Busse muss fuere loossen. Bei de Buslinne gëtt gespuert, mee ‚t gëtt net gespuert ouni nozedenken. Déi Buslinnen déi vill gefuer a genotzt ginn, déi gi verstäerkt. D’Investissementer an d’Schinn hunn absolute Virrang. Well mir brauchen zousätzlech Kapazitéiten an e qualitativ héichwäertegt Schinnennetz. Den zweegleisegen Ausbau vun der Péitenger Zuchstreck gëtt fäerdeg gemaach an d’Erneierung vun der Beetebuerger Streck gëtt ugefaang. Et gëtt weider an d’Logistikstrukture vu Beetebuerg investéiert an d’Terminalinfrastrukture fir „d’autoroute ferroviaire“ Lëtzebuerg-Perpignan ginn ausgebaut. De Centre de remisage an de Réamenagement vun der Stater Gare gi weidergedriwwen, d’Nordstreck gëtt punktuell verbessert. Den Investitiounsbudget vun der Bunn wäert an den nächste Joren iwwer de Budgetsmëttelen déi fir de Stroossebau gebraucht wäerte gi leien. Dat ass och dann nach wouer wa mer eng Rei vu geplangtenen Investissementer an d’Schinn net kënnen an deenen nächste Jore realiséieren. D’Zuchlinn op de Kierchbierg an eng nei Eisebunnsstreck op Esch – si eleng géng 1,6 Milliarden Euro kaschten – kënnen net gebaut ginn. D’Regierung hällt un de Prinzipië vum Mobilitéitskonzept „Mobil 2020“ fest. Den Tram ass een Deel vun dësem Konzept. E kann awer wéinst de finanzielle Schwieregkeeten mat deene mer eis mussen ausernee setzen net schon an de Joren 2012 an 2013 ugefaang gi mee eréischt 2014.

Och an der Kris gëllt et d’Prinzipië vun der Landesplanung net aus dem Bléck ze verléieren. Elementar ökologesch an ökonomesch Iwwerleeunge bréngen eis derzou déi dräi grouss Zentren am Land weider ze stäerken. Am Süde vum Land gëtt um Amenagéieren an dem Miwwléiere vum Site Belval weider geschafft. Am Zentrum konzentréiere mer eis op d’Noutwendegkeet de Site vum Ban de Gasperich optimal verkéierstechnesch op déi ze erwaardend relativ importent wirtschaftlech Entwécklung virzebreeden. An der Nordstad gëtt vill an d’Schoulen investéiert. Et kënnt eng nei Ackerbauschoul op Gilsdrëf an un de Projetën Nordstad-Lycée an neie Schoule fir Gesondheetsberuffer souwéi en Zentrum fir berufflech Weiderbildung an dem Ausbau vun de Sportinfrastrukture gëtt weider geschafft. A puncto Stroossebau gëtt d’Strooss mam Accès an déi nei Industriezon Friedhaff amenagéiert a verbreedert, esou datt mer d’Betriber mat vill Individualverkéier aus der Nordstad dohinner ëmsidele kënnen. Op Ettelbréck kënnt eng nei Gare. D’Transversal vu Klierf bleift op der Dagesuerdnung.

Zréck an de Süde vum Land. Den dräispueregen Ausbau vun der A3 a vun der A6 mat Ausnahm vun engem klenge Stéck, dat tëschent der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz läit, gëtt net virgeholl. Ganz einfach well en ze deier géif ginn.

Allgemeng gëllt: mir wëlle beim Ausbau vun eise Schoul- a Sozialinfrastrukturen en héijen Investitiounstempo bäibehalen. D’Investitiounslat am Beräich vun der Schoul ass impressionnant. Niewent deene genannte Projeten an der Nordstad steet den Ausbau vum Lycée technique zu Grevemaacher, d’Aarbechten um Iechternacher Lycée, de Lycée zu Jonglënster, de Reamenagement vum Lycée Hubert Clement zu Esch, d’Transformatioun vum Lycée technique zu Esch, nei Sportinfrastrukture fir d’Annexe vum Lycée technique zu Diddeleng an d’Fäerdegstellung vum Lycée Belval weiderhin op der Prioritéitelëscht. Datselwecht zielt fir d’Extensioun vum Lycée technique zu Bouneweg, fir d’Renovatioun vum Atheneum a fir den neie Lycée fir Gesondheetsberuffer. Mee de Bau vun de Lycéeën zu Klierf, zu Déifferdeng an zu Mondorf kann an den nächste Joren net ugefaang ginn. Se sinn awer noutwendeg a ginn dofir och net definitiv gestrach. D’Planifikatioun vun dësen dräi Lycéeë leeft wéi geplangt virun an esoubal wéi d’Virarbechten ofgeschloss an erëm genuch Finanzmëttelen do si ginn dës Projetë realiséiert, de Klierfer Lycée wäert deen éischte si mat deem mer ufänken.

Mir brauchen eng nei Nationalbibliothéik. Ee Land dat eppes op sech hällt däerf seng Bicher an domat e Stéck vu senger Vergaangenheet net vermuuschte loossen. Déi nei Nationalbibliothéik kënnt op de Kierchbierg bei d’Kräizung Bricherhaff. Mir kënnen einfach net méi laang waarden, et dauert eis ze laang bis d’Schumansgebäi bei der Philharmonie fräi gëtt. Elo gi séier nei Pläng gemaach, an 2014 gëtt d’Nationalbibliothéik gebaut.

De Velodrom ass aus den Investitiounsprogrammer fir d’Joren 2011 an 2012 gestrach ginn. De Sportsminister sicht en anere Site fir op enger anerer Plaz no 2013 ee méi bëllege Projet ze realiséieren.

Dir gesidd: och bei den Investissementer gëtt gespuert. Well ‚t muss iwwerall gespuert ginn. Mee den Investitiounsbudget vum Staat bleift op héijem Niveau. Dat muss en och fir eist Land, seng Economie a seng Leit besser op d’Zukunft virzebereeden.

Wann een eng budgetär nohalteg Entwécklung wëllt da kann ee keng grouss Kéier ronderëm de Sozialbudget maachen, och wann ee se am léifste géif maache well wann een duerch de Sozialbudget fiert da stécht een nawell séier am Stau an ‚t kënnt een net virun. D’Regierung wëllt de Sozialbudget punktuell reforméieren, d’Regierung wëllt de Sozialstaat net total deforméieren. Déi Absicht hat se ni, déi Absicht hat och net de Finanzminister wéi en der Tripartite am Numm vun der Regierung eng Rei vu Piste virgeluecht huet iwwer déi e gebieden huet nozedenken. Mir ginn net mam décken Hummer am Grapp un de Sozialbudget vum Staat erun. Am Géigendeel: d’Regierung huet d’Fuerderung vum Patronat d’Mindestlounerhéijung op den 1. Januar 2011 auszesetzen zréckgewisen. Mir hunn all Verschlechterung am Beräich vum Indemniséiere vun de Chômeuren ofgelehnt. Mir hunn all Verschlechterunge beim Kënnegungsschutz ausgeschloss. Mir hunn eng allgemeng Ofsenkung vum Kannergeld ni an d’A gefaasst obschons mer mat Ofstand dat héchste Kannergeld an Europa hunn. Mir proposéieren iech keng lëtzebuergesch Versioun vun Hartz 4, mir proposéieren iech sozial verträglech, sozial equilibréiert a sozial gerechte Léisungen. Wien haut net e bësse Courage huet fir eng kleng Kéier ze huelen dee gëtt mat schëlleg drun datt et mar op riichter Streck an de Sozialofbau geet.

Den 1. Januar 2011 missten d’Renten an d’Pensiounen ëm 1,9 Prozent no uewen ajustéiert ginn. Well mer eng gerecht Laaschteverdeelung tëschent méi Al a méi Jonk wëlle proposéiert d’Regierung iech den nächste Renten- a Pensiounsajustement an zwee Deeler ze splécken, d’Renten an d’Pensiounen ëm 0,95 Prozent op den 1. Januar 2011 an ëm weider 0,95 Prozent op den 1. Januar 2012 ze erhéijen. Dës Zweedeelung provozéiert eng Erspuernis vu 7 Milliounen Euro am Staatsbudget a vun 32 Milliounen Euro am Budget vun der Administration publique.

Mir proposéieren iech fir d’Kannergeld nach just bis zu engem Alter vun 21 Joer auszebezuelen. Ënner dëser Moossnahm leid keen dee studéiere wëllt. Den Héichschoulminister huet proposéiert datt all Student op Demande eng net remboursabel Bourse vu 6.000 Euro d’Joer an ee remboursable Prêt vu 6.000 Euro d’Joer kann an Usproch huelen. Esou hätt also all Student e Budget vun 12.000 Euro zur Verfügung, e Budget bei deen och nach 3.700 Euro maximal d’Joer fir Aschreiwungsfraisë kommen. Déi Kanner déi iwwer den Alter vun 21 Joer eraus nach an der Schoul oder an der Ausbildung si behalen hiert Kannergeld. Duerch de Cumul vun dëse Moosnahme gëtt de Staat 40 Milliounen Euro d’Joer manner aus. D’Encouragementsprime fir Unisstudente gëtt agestallt. Doduerch gëtt eng Erspuernis vu 4,1 Milliounen Euro d’Joer erzielt.

D’Mammerent gëtt net ofgeschaaft. Wie se wëllt ofschafe soll dat kloer an däitlech heibanne soen. Mee d’Mammerent gëtt an Zukunft eréischt am Alter vu 65 Joer – dem legale Pensiounsalter zu Lëtzebuerg – ausbezuelt. De Staat spuert domat 1,5 Milliounen Euro 2011 an 3,1 Milliounen Euro am Joer 2012. Dës Moosnahm betrëfft net déi Mammen déi haut Bezéier vun der Mammerent si mee just déi déi et an d’Zukunft ginn.

Och an de staatleche Begleedungsprogrammer fir de Wunnengsbau kënnt et zu Ännerungen. Déi staatlech Logementspolitik ass eng deier. Si bleift deier. Mee mir mussen déi Moosnahmen déi am Verhältnis zu hirem Rendement oder am Direktvergläich zu hiren Absichten näischt bruecht hunn ëmänneren. Ech schwätzen hei vu Moosnahmen déi mer agefouert hu fir d’Baue méi bëlleg ze maachen an déi net zur Verbëllegung vum Bau bäigedroen hunn. Dofir proposéiere mer der Chamber fir bei den neie Prêten d’Zënsbonifikatioun déi all Famill mat Kanner ouni Réckkoppelung mam Revenu kritt anzestellen. Déi zukünfteg Prêten, si betrëfft selbstverständlech net déi Prêten déi scho lafen. D’Zënssubventiounen, déi un de Revenu gekoppelt sinn, bleiwe selbstverständlech bestoen. De Staat  huet domat manner Ausgabe vun 1 Millioun Euro 2011 a vu 4 Milliounen Euro 2012. À terme spuere mer esou 30 Milliounen Euro d’Joer. Och beim sougenannte bëllegen Akt kënnt et zu Ännerungen. Seng Verallgemengerung déi mer virun e puer Joer agefouert hu fir de Bau méi bëlleg ze maache musse mer zréckdréien. An Zukunft hänkt d’Zouerkennung vum Steierkredit dee mam bëllegen Akt zesummenhänkt vun der Akommessituatioun vun de Leit of. Beispill: eng Famill mat zwee Kanner déi manner wéi 70.000 Euro imposable Revenu d’Joer huet kënnt och virun an de Genoss vum bëllegen Akt ënner Form vun deem Steierkredit deen drunhänkt. De Staat realiséiert esou eng Recette vu 70 Milliounen Euro d’Joer. Duerch d’Verallgemengerung vum bëllegen Akt hate mer e Steierausfall vun 120 Milliounen Euro d’Joer.

Well mer beim Soziale sinn awer ee Wuert zum Congé parental. Seng Modalitéite bleiwe fir d’Joer 2011 déiselwecht wéi haut. Mee am Laf vum Joer 2012 examinéiere mer d’Fro ob den Elterenurlaub niewent senger familljepolitescher Dimensioun och all deenen Erwaardungen entsprach huet déi en an aarbechtsmaartpolitescher Hisiicht sollt entwéckelen. Wa mer bei där Iwwerpréifung feststellen datt seng Modalitéite musse geännert ginn – Lafdauer, Bezuelung, Opspléckung vun de Perioden iwwer eng länger Dauer – da ginn Ëmännerunge virgeholl.

Zu dësen Ëmännerungen am soziale Beräich geselle sech Aspuerungsvirschléi op anere Pläng. Esou wëlle mer d’Kapitalsubventiounen un d’Entreprise par rapport zum Joer 2010 ëm 10 Prozent ofsenken. Dat bréngt eng Erspuernis vu 4 Milliounen Euro. Esou wëlle mer de Participatiounstaux deen de Staat de Gemenge beim Bau vu Kläranlagen iwwerweist vun 90 op 75 Prozent zréckféieren. Erspuernis: 3 Milliounen Euro 2011, 5 Milliounen Euro 2012. Logescherweis mussen déi Taxenerhéijungen déi d’Gemengen op Grond vun der Waasserdirektiv an d’A gefaasst hunn a kierzester Frist vum Innenminister validéiert ginn.

Wann ech déi Aspuerungen déi mer duerch d’Ofsenke vun de Funktionnementskäschten, d’Stabiliséiere vun den Investissementsvolumen, d’Ëmorientéierung am Sozialberäich an d’Neiausriichtungen op anere Pläng zesummenziele komme mer fir d’Joer 2011 op eng Zomm vu ronn 370 Milliounen Euro mindestens – dat hänkt jo vun den detailléierte  Budgetslinneniwwerpréifungsustrengungen of – a vu 407 Milliounen Euro am Joer 2012.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Et stellt sech eraus, heiheem wéi an anere Länner, datt een d’Budgetskonsolidéierung déi mer ustriewen – rappel: 0 Prozent Defizit bei de gesamtstaatlechen Ausgaben am Joer 2014 – net nëmmen iwwer d’Dépensesäit kann organiséieren. Richteg bleift: fir d’éischt musse mer spueren an also d’Ausgabe méi niddreg halen. Mee zur Budgetskonsolidéierung gehéiert och d’Recettesäit. D’Ausgabe musse falen, dat ass Prioritéit. D’Recette mussen aus Solidaritéitsgrënn sech no uewe bewegen: dat ass leider eng Noutwendegkeet.

Ech hu scho bei anere Geleeënheete gesot datt et net méiglech wäert sinn an deenen nächste Joren d’Steiertabellen der Inflatioun unzepassen. Dat wier wënschenswäert mee net alles wat wënschenswäert ass ass och ze maachen. Ech hunn och bei anere Geleeënheete scho gesot datt déi an d’A gefaassten duerchschnëttlech Ofsenkung vun der Betribsbesteierung am Laf vun dëser Legislaturperiod net ze maachen ass. Och dat wier wënschenswäert fir eis Kompetitivitéit ze verbesseren, mee och dat ass ugesiichts vun der ugestrengter Finanzlag vum Staat net méiglech. Wann iwwer Steiere geschwat gëtt da spëtzen d’Leit d’Oueren. Jiddfereen huet do seng eege Virstellungen, meeschtens hänkt et mam eegene Portemonni zesummen. Dat ass normal. Déi eng soen: „huel et bei den Décken“. Déi déi sech duerch déi Beschreiwung betraff spiere fannen datt se scho Steieren zevill bezuelen. An déi äntweren engem: „huel et dach bei jiddferengem“.

Wéi gesäit eis Steierlandschaft haut aus? Déi Leit déi ee besteierbaart Akommes vun iwwer 200.000 Euro hunn – dat sinn der 5.458 – bezuelen haut 20,78 Prozent vum gesamte Steierakommes. 3,79 Prozent vun de Ménagen déi méi wéi 140.000 Euro besteierbaart Akommes d’Joer hu bezuelen haut 42,45 Prozent vun de Steieren. 15 Prozent vun de Ménage bezuelen haut 75 Prozent vun de Steieren, 5 Prozent vun de Ménage bezuelen 51 Prozent vun de Steieren. Esou gesäit eis Steierlandschaft haut aus an dat Bild weist: déi déi vill verdéngen, déi déi méi breet Schëlleren hunn, déi droen och méi zum nationale Steierakommes bäi. Och dat ass normal.

D’Steieruerdnung gëtt vun de Leit nëmmen dann akzeptéiert wa se gerecht ass. Eis Steieruerdnung, déi déi mer haut hunn, déi ass gerecht. Si belaascht déi mat breede Schëllere méi wéi déi mat schmuele Schëlleren. Déi Steierlandschaft déi kënnt, déi déi mer an der Kris nei mussen zeechnen, hällt um Grondsaz fest datt deen dee méi huet och méi ka ginn.

Mir proposéieren een neie Spëtzesteiersaz vun 39 Prozent anzeféieren. Hien ersetzt net dee vun 38 Prozent mee mir wëllen iwwer déi Tranche vun 38 Prozent haut eng nei Tranche vun 39 Prozent setzen déi vun engem besteierbaren Akommes fir e Stot vun 2 Persounen vun 83.586 Euro u gräift. De Staat kritt esou 40 Milliounen Euro méi Recetten. Mir proposéieren d’Solidaritéitssteier vun haut 2,5 op 4 Prozent eropzesetzen. Déi déi also Solidaritéitssteier haut bezuele well se steierflichteg si bezuelen zukünfteg eng Solidaritéitssteier vu 4 Prozent. Op dat besteierbaart Akommes iwwer 300.000 Euro gëtt an Zukunft eng Solidaritéitssteier vu 6 Prozent erhuewen. Dës Modulatioun vun der Solidaritéitssteier dréit dem Prinzip Rechnung datt breet Schëllere méi eng grouss Solidarflicht an der Kris hu wéi déi déi manner verdéngen. De Staat realiséiert esou eng supplementar Recette vu 40 Milliounen.

Mir proposéiere fir d’Joren 2011 an 2012 d’Aféierung vun enger Krisecontributioun vun 0,8 Prozent op alle Revenuën, net nëmme Salaire mee och Loyeren, Dividenden an aner Akommeszorten. Déi Krisecontributioun gëtt esou organiséiert wéi d’Cotisatioun zur Assurance-dépendance. Mat enger Nuance. Bis zur Héicht vum Mindestloun ass kee Kriseprélèvement ze bezuelen. Motto och hei: déi méi kleng Revenuë musse geschützt ginn. Duerch dëse Kriseprélèvement realiséiert de Staat eng Recette vun 80 Milliounen Euro. Dëse Kriseprélèvement ass geplangt fir 2011 an 2012. Fir de Rescht vun der Period gesi mir da wéi mer virufueren am Liicht vun der Finanzsituatioun vum Staat an deem Moment.

Am eenzelnen heescht dat Folgendes: Steierreadaptatiounen an d’Aféierung vun enger Krisecontributioun schléit sech fir eng Koppel déi 30.000 Euro besteierbaart Akommes am Joer hat mat enger jährlecher Mehrausgab vun 136 Euro néier,  eng Koppel déi 40.000 Euro besteierbaart Akommes d’Joer huet bezillt 253 Euro méi, eng Koppel mat 50.000 Euro besteierbaart Akommes bezillt 377 Euro d’Joer méi, eng mat 60.000 Euro besteierbaart Akommes 509 Euro méi, eng mat 80.000 Euro 796 Euro méi, eng Koppel mat engem besteierbare Joresakommes vun 90.000 Euro bezillt 1.015 Euro méi, eng Koppel déi 100.000 Euro besteierbaart Akommes d’Joer realiséiert bezillt 1.272 Euro méi, eng Koppel déi 110.000 Euro besteierbaart Akommes huet bezillt 1.529 Euro méi, eng Koppel déi 125.000 Euro besteierbaart Joresakommes huet bezillt 1.915 Euro méi, eng Koppel déi 155.000 Euro d’Joer versteiert bezillt 2.686 Euro méi, eng Koppel déi 200.000 Euro besteierbaart Akommes am Joer huet bezillt 3.842 Euro méi an eng Koppel déi e besteierbaart Akommes vun 300.000 Euro d’Joer huet bezillt 7.582 Euro méi.

Dir gesidd déi nei Steieren– an Abgabelandschaft déi mer iech proposéieren ass sozial- an akommesgerecht. Si mécht kengem Freed. Esou wéi et och kengem Freed mécht datt d’Kilometerpauschal ab dem nächste Joer ëm d’Halschecht gekierzt gëtt. Mee si organiséiert déi noutwendeg national Solidaritéit op eng net manner gerechte Manéier.

Et gi méi Dépensë gesenkt wéi nei Prélèvementer agefouert ginn.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Den Zoustand vun de Staatsfinanzen mécht eis alleguerte Suergen. Mee d’Situatioun op eisem Aarbechtsmaart muss eis nach méi besuergt maachen.

Mir haten am Januar 2000 5.452 Leit ouni Aarbecht an 1.932 Leit a Beschäftegungsmesuren. Zesumme 7.384 Leit am Chômage an a Beschäftegungsmesuren. Mir haten am Januar 2010 – also zéng Joer méi spéit – 15.137 Leit am Chômage an 3.358 Leit a beschäftegungspolitesche Moossnahmen, zesummen 18.495 Leit. Mir haten am Januar 2000 eng Aarbechtslosegkeet vun 2,9 Prozent an am Januar 2010 eng Aarbechtslosegkeet vu 6,4 Prozent. D’Zuel vun de Leit ouni Aarbecht huet sech an engem Jorzéngt vu 5.452 op 15.137 Leit erhéijt, an zéng Joer 10.000 Leit méi ouni Aarbecht vu Januar op Januar. Heiandsdo héieren ech d’Leit soen et géif keng Kris ginn. Si solle mat deene 15.137 Leit am Chômage, mat deenen 3.358 Leit an de Beschäftegungsmoossnahmen oder mat deenen déi an der Kuerzaarbecht si schwätzen déi mer haut hunn. D’Kris ass vläicht nach net bei jiddferengem ukomm, mee bei deene Leit vun deenen ech hei schwätzen ass se längst ukomm. Ech weess net wéivill Chômeure mer eigentlech musse kréie fir datt jiddferee versteet: mir stiechen an enger déiwer Kris.

Op déi Beschäftegungskris muss ee selbstverständlech reagéieren. Dat mécht d’Regierung och.

E Chômeur verdéngt manner Geld wéi een dee schafft. Fir datt e materiell net total ausrutscht bleiwt et bei engem Chômagegeld an der Héicht vun 80 Prozent vum leschte Gehalt a vu 85 Prozent fir Leit mat Kanner. Mir wëssen datt d’Chômagegeld mat 2,5 mol de Mindestloun plafonnéiert ass. Mee an der Kris ass et nach méi schwéier wéi soss fir erëm séier eng nei Schaff ze fannen. Dofir hätte mer gär datt Leit ouni Aarbecht net schon no 6 Méint hir Chômageindemnitéit op 2 mol de Mindestloun als Plafong ofgesenkt kréie mee eréischt no 9 Méint. D’Chômageindemnitéit bleift op 2 mol de Mindestloun no 9 Méint plafonnéiert a gëtt net wéi bis elo no 12 Méint op 1,5 mol de Mindestloun ofgesenkt. Dat bedeit eng supplementar Dépense fir de Beschäftegungsfong vun 2,5 Milliounen Euro d’Joer.

D’Dauer vun der Chômageentschiedegung bleift am Prinzip bei 12 Méint. Mer hunn awer haut scho Regelen déi besoen datt wann een 20 Joer geschafft huet an duerno an de Chômage fällt ee seng Chômageindemnitéit 6 Méint méi laang kritt. Dës Regel spillt awer eréischt vu 50 Joer un. D’Regierung proposéiert déi Altersgrenz op 45 Joer erofzesetze well ëmmer méi Leit ronderëm deen Alter a Chômage geroden a sech schwéier um Aarbechtsmaart replacéiert kréien. Zanter Joren encouragéiere mer d’Leit ouni Aarbecht hiren eegene Betrib ze grënnen. Fir hinnen dobäi besser kënnen ze hëllefen hu mer decidéiert datt e Chômeur dee säin eegene Betrib grënnt säi Chômagegeld bis un d’Enn vun deem senger normaler Lafdauer ausbezuelt kritt. Esou kënnt e besser duerch déi éischt schwéier Méint no der Betribsgrëndung.

D’Aide au réemploi vun där eleng am Joer 2009 5.234 Leit profitéiert hu gëtt virugefouert. Mer hunn awer den Androck datt sech an deene gudden an efficacen Hëllefsmechanismus Abusën ageschlach hunn. Déi Abusë ginn eliminéiert.

66.000 Leit hunn 2009 kuerzgeschafft. Dat huet de Beschäftegungsfong 45 Milliounen Euro kascht. Och an dësem Joer gëtt weider kuerzgeschafft. 2.488 Leit ware bis elo dëst Joer a Kuerzaarbecht. Duerch d’Gesetz vum 29. Mee 2009, ee Gesetz dat am Kader vun Antikrisepak vun der Regierung gestëmmt ginn ass, sinn d’Konditioune fir d’Kuerzaarbecht verbessert ginn. Déi speziell Kriseregelungen aus dem Joer 2009 gi fir d’Joer 2011 verlängert. Dës Moossnahm hëlleft de Salariéën, dës Moossnahm hëlleft och de Betriber.

Allgemeng gëllt: d’Aarbechtsmaartpolitik muss nach méi aktiv ginn, zu deem Zweck gëtt och d’Aarbechtsmaartverwaltung reforméiert. D’Reduktioun vum Chômage ass déi éischt Aufgab vun der lëtzebuerger Politik. Si wäert sech dorunner moosse mussen.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Wa mer iwwer d’Noutwendegkeet vun der gesamtstaatlecher Finanzkonsolidéierung schwätzen, wa mer eis Suerge maachen iwwer d’Situatioun op eisem Aarbechtsmaart da kann een net net iwwer d’Kompetitivitéit vun der lëtzebuerger Economie schwätzen. Steierrecette sinn zu engem groussen Deel Funktioun vun deem méi oder manner héije  Kompetitivitéitsniveau deen e Land huet. Dat ass iwwerall esou. ‚T kann hei net anescht sinn.

Den Observatoire vun der Kompetitivitéit an de Wirtschaftsminister selwer hunn an de leschte Joren ëmmer erëm op de Wettbewerbsverfall vun der lëtzebuerger Economie higewisen. Wann d’Kompetitivitéit vun enger Economie fällt, wa se kontinuierlech fällt, da falen och d’Steierrecetten, dann hëllt d’Kreatioun vun Aarbechtsplazen of an d’Augmentatioun vum Chômage zou. Genau dat ass amgaang hei am Land ze passéieren. D’Regierung kann deem net tatenlos nokucken. Dofir huet de Wirtschaftsminister der Tripartite 65 Moossnahmen, Ideeën a Piste virgeluecht déi d’Kompetitivitéit vun eise Betriber kënnte verbesseren. Dës Initiativlëscht läit der Chamber vir, ech brauch se net am Detail hei ze erklären. Ech soe just ech si mam Wirtschaftsminister a senge 65 Pisten d’accord.

Iwwer déi Pisten eraus huet d’Regierung decidéiert d’Bonification d’impôts fir Investissementer – dat heescht also den Artikel 152bis vun eisem Steiergesetz – weider ze verbesseren. Ausserdeem huet se decidéiert déi steierlech Dispositiounen déi eng méi rational Utilisatioun vun der Energie encouragéieren – ech schwätzen hei vum Artikel 32 vun eisem Steiergesetz – weider ze verbesseren. Eis Finanzplaz verdéngt ee weidert Skulptéiere vun hirem Environnement. Si wäert ni méi déi Bedeitung erreechen déi se an de vergaangene Joren hat. Kee soll sech drop verloossen datt d’Finanzplaz an deenen nächste Joren esou vill Steiere géif bezuele wéi an de leschte Joren. Mir mussen eis aus der babylonescher Recettegefaangenschaft vun der Finanzplaz befreien. Mir kënnen net op konjunkturell bedéngten héich Steiereinnahmen déi vun der Finanzplaz drainéiert ginn eng strukturell Ausgabepolitik opsetzen. Mee d’Finanzplaz brauch weider Instrumenter. Dofir baut d’Regierung de Réseau vun Duebelbesteierungsofkommesse kontinuierlech a systematesch aus. Dofir verbessere mer d’Chance vum Investissementsfongesecteur duerch d’Ofschafe vun der Taxe d’abonnement op den Exchange Traded Funds. Mir hunn hei ee grousse Kompetitivitéitsnodeel mat anere Finanzplazen an Europa wettzemaachen.

Mee d’Betriber mussen och a Krisenzäite bereet sinn nei Verantwortung ze iwwerhuelen.

Et schéngt mer dringend erfuerderlich ze sinn datt sech an eiser Wirtschaft d’Erkenntnis duerchsetzt datt d’Leit iwwer 50 Joer net zum alen Eise gehéieren, datt si en Erfahrungsvolume hunn op deen een net einfach soll verzichten an datt si net well se – wéi et iertëmlecherweis heescht – ze al wieren. Ech erwaarde mer vun de Betriber zu Lëtzebuerg datt si och de Leit iwwer 50 Joer eng Chance ginn. Si solle se net systematesch an d’Préretraite dreiwen, si solle se net systematesch beim alen Eisen endlageren a si sollen hinne wa se eng nei Aarbecht sichen eng nei Chance ginn. Eist Vollek ass ze kleng fir sech um Aarbechtsmaart vun de Leit iwwer 50 Joer ofschneiden ze kënnen.
Et schéngt mer och normal an deene Krisenzäiten an deene mer stiechen datt d’Betriber méi kontribuéiere wann et ëm de Financement vun der Aarbechtslosegkeet geet. Dofir gëtt d’Solidaritéitssteier fir d’Betriber ëm 1 Prozent an d’Lut gesat. Dat bréngt dem Beschäftegungsfong eng Recette vun 12 Milliounen Euro.

Et schéngt mer zwéngend noutwendeg ze sinn datt esouwuel Banke wéi aner grouss Betriber verstinn datt d’Zäit komm ass fir Schluss ze maache mat där skandaléiser Politik déi doranner besteet iwwerdriwwe Bonien auszebezuelen oder maasslos Ofganksentschiedegungen ze akkordéieren. Wa se dat wëlle maache musse se mat de Konsquenze liewen, och mat de Konsequenze fir hiren Image. D’Regierung wëllt net méi mat de finanzielle Konsequenzen dovu liewen an dofir féiere mer ee Plafong an iwwer deen eraus variabel Remuneratiounen an Ofganksentschiedegungen net méi kënne vun der Betribssteier ofgesat ginn.

Mir mengen och – a mer mengen dat well dat muss sinn – datt fir bestëmmte Gesellschaften – Sociétés de participation financière zum Beispill – déi keng kommerziell Aktivitéit zu Lëtzebuerg ausübe mee awer hei op der Plaz präsent sinn eng minimal forfaitair Besteierung muss agefouert ginn.

Mir mengen och datt een ënner anerem aus Kompetitivitéitsgrënn muss d’Solidaritéit ënner deene verschiddene Wirtschaftssekteuren zu Lëtzebuerg nei organiséieren. Dofir schloe mer vir am Beräich vun der Unfallversécherung een eenheetleche Kotisatiounstaux anzeféieren. D’Diskrepanz tëschent de Betriber ass grouss wann et drëm geet d’Beiträg un d’Unfallversécherung ze bezuelen. D’Banke bezuelen haut Kotisatiounen an der Héicht vun 0,45 Prozent, d’Daachdecker hirersäits bezuele 6 Prozent. De Bausecteur bezillt 4,27 Prozent, de Secteur vum Parachèvement 3,2 Prozent. Mir proposéieren een eenheetleche Kotisatiounssaz anzeféieren. Deen eenheetleche Kotisatiounssaz beleeft sech op 1,25 Prozent. Da mussen d’Banke méi bezuelen, ronn 31 Milliounen Euro. Da kënnen awer déi kleng Betriber wéi de Bau, wéi de Secteur vum Parachèvement an anerer Gestehungskäschte spueren doduerch datt hire Beitragssaz ofgesenkt gëtt. Wa mer dat maache gewënnt de Bau zum Beispill 3 Prozent Kotisatiounen. Dat ass méi wéi d’Erhéijung vum Mindestloun oder méi wéi de Käschtepunkt vun enger Index-Tranche.
Här President,

Ech kommen nach ee Moment op déi wiesentlech Fro vun der Kompetitivitéit vun eisem Land zréck.

Mir hunn ee vun deenen héchste Produktivitéitsniveauen an Europa. Mee déi Performance erklärt sech an éischter Linn duerch dat staarkt Gewiicht – bal misst ech soen Iwwergewiicht – dat de Finanzsecteur an eiser Economie huet. An all Economie ass de Finanzsecteur dee produktivsten Deel vun der Aktivitéitspalett. An a kengem Land ass en esou dominant wéi bei eis.

Wann een de Finanzsecteur am Kompetitivitéits-Bild neutraliséiert – an dat musse mer maachen –, da gesäit d’Situatioun manner roseg aus. Da gesäit een – esou seet et de Wirtschaftsminister a säin Kompetitivitéits-Observatoire – datt mer Joer fir Joer u komparativer Attraktivitéit verléieren. Et gëtt Kräften hei am Land déi de Kapp déif an de Sand strecken an dat ignoréieren, jo ignoréiere wëllen. Responsabel Politiker awer däerfen dat net, aner Verantwortlecher och net. Soss musse se sech d’Aen enges Dags reiwe wa se de Kapp bis eng Kéier aus dem Sand zéie mussen.

A Saache Kompetitivitéit si mer eis an der Tripartite op kengem Constat eens ginn. Ech hunn dat bedauert, ëmsou méi wéi d’Analyse vum Observatoire vun der Kompetitivitéit a vum Wirtschaftsminister zu kengem Moment eeschthaft widderluecht konnte ginn.

D’Wettbewerbsfähegkeet ass net nëmmen eng Fro vum Index. D’Kompetitivitéit muss un Hand vu ville Parametere gemooss ginn a mam Ausland verglach ginn. Zur Kompetitivitéit gehéiert och d’Infrastruktur an d’sozial Kohäsioun.

Mee d’Kompetitivitéit ass och eng Fro déi d’Loungestaltung direkt betrëfft.

Dofir hunn ech an der leschter Sitzung vun der Tripartite Piste proposéiert déi Bewegung an d’Verhandlunge brénge sollten. ‚T ass och Bewegung entstan, mee leider net an der Tripartite.

Ech hunn a mengem Numm an als President vun der Tripartite Suggestioune gemaach déi am Kader vu weideren Diskussiounen eng Eenegung hätte kënnen erlaben. ‚T ass net fir d’éischt wou ech dat gemaach hunn: ‚t war esou 1999, wéi mer de Congé parental agefouert hunn, dat war esou 2006 wéi mer de Statut unique an d’Index-Modulatiounen decidéiert hunn. Och déi zwou Kéieren hat ech kee schlësselfäerdegt inhaltlecht Regierungsmandat mee ech hu meng Verantwortung iwwerholl. Esou hunn ech et och dës Kéier gemaach, mat manner Succès wéi ech muss zouginn. Mee an der Tripartite do gëtt den Tango net zu zwee mee zu dräi gedanzt. D’Tripartite huet eng Choreographie déi d’Danzkonscht net kennt.

Ech hunn eng strukturell an eng konjunkturell Approche proposéiert. Déi éischt huet meng Präferenz, déi zweet gefällt mer gutt.

Déi éischt huet doranner bestan fir Alkohol, Tubak an d’Petrolspräisser vun engem gewëssene Barrel-Präis un aus dem Index-Wuerekuerw erauszehuelen. Ech war net deen Eenzegen an der Regierung deen déi Iddi hat. Déi Iddi liicht nämlech an: wann de Petrolspräis klëmmt, wann e klëmmt well d’Weltwirtschaft erëm op Toure kënnt, wann e klëmmt well eng Buerinsel am Golf vu Mexico a Stécker fiert oder well et iergendwou bewaffnet Konflikter ronderëm d’Uelegfelder gëtt, da kann dat net zur Konsequenz hunn dat d’Betriber zu Lëtzebuerg hir Peie mussen an d’Luut setzen. De Metzler op der Cap huet op déi Evenementer Null Afloss, hien erleid se awer duebel: seng Energiefacture geet an d’Luut, d’Peien déi e bezuele muss och. De lëtzebuerger Mëttelstand ass awer net responsabel fir d’Weltpolitik. Mee se muss haut awer hire Präis bezuelen. Fir d’Konsequenze vun esou engem Erausléise vun de Petrolspräisser vun engem gewëssene Präisniveau un ofzefiederen hunn ech proposéiert den Heizungsmazout am Wuerekuerw ze loossen an de Gratistransport bei gläichzäiteger Ofsenkung vun der Kilometerpauschal anzeféieren.

Ech hunn och – als Ersatz fir déi vu mir preferéiert strukturell Léisung – eng krisekonjunkturell Moossnahm a Gestalt vun enger Beschränkung vun der Indexéierung op d’Gehälter vun 2 mol de Mindestloun virgeschloen. Besonnesch a Krisenzäiten ass et net normal datt de Mindestlounbezéier eng Index-Tranche vu 500 Euro d’Joer an de Spëtzeverdénger eng vu 500 Euro de Mount kritt.

D’Reaktioun vun de Leit weist: a Krisenzäite si se zum solidareschen Deele bereet.

Déi Propositioune sinn an der Tripartite ofgeschmettert ginn. Eng Regierungspartei huet se entretemps iwwerholl, eng aner net. Dat ass keng Katastroph. An der Demokratie ginn d’Meenungen auserneen. Net ëmmer wann d’Meenungen ausernee gi ginn och d’Koalitiounen auserneen. Mee d’Diskussioune mussen awer virugoen. Well d’Problemer gi jo och virun.

An dofir musse mer eis a Saache Kompetitivitéitsmoossung ëmmoduléiert Instrumenter ginn, Parameteren déi ee vun Ufank vun der Währungsunioun bis haut kann aktionéiere fir eis Situatioun, virun allem eis Situatioun par rapport zu eisen dräi Haapthandelspartner Däitschland, Frankräich an d’Belsch, kënnen ze vergläichen. De Wirtschaftsminister wäert déi Parametere virschloen a wann hir Applikatioun weist datt mer aus dem Tratt gerode sinn, da musse mer virum Enn vum Joer Léisunge fannen. An déi fanne mer och. Mir fanne se zesummen an dëser Koalitioun an a kenger anerer. Mee un der Koalitioun ass et net wéi an der Tripartite: an der Koalitioun geet et mat zwee duer fir den Tango ze danzen. Mee fir d’éischt probéiere mer et nach eng Kéier zu dräi an der Tripartite. Neen, dräi geet eigentlech och net duer: ech fannen och är Chamber misst am Oktober-November ee Kompetitivitéits-Tour dréien an nei Iddië mat an de Krees vun den Iwwerleeunge werfen. Jiddfereen huet eppes, zesumme kënne mer villes hunn.

D’Leit erwaarde vun der Politik datt se an Zäite wéi dëse wuel laang diskutéiert, mee si erwaarde virun allem datt d’Politik decidéiert. D’Politik soll no Consultatioune mat aneren decidéieren. Politik dat heescht dir déi der gewielt sidd an déi d’Vertraue vun de Lëtzebuerger kritt hutt fir Decisiounen ze huelen. Et ass virun allem an der Kris wou Weises gëllt.

Eist Land huet grouss Problemer. Zesummen, net géinteneen, kënne mer se léisen. Dat setzt viraus datt d’Regierung funktionéiert. Si huet déi lescht Woche suboptimal funktionéiert. Mee och wann de Lack e bëssen zerkraatzt ginn ass: dës Koalitioun huet nach Pusta genuch fir dat ze maache wat se ze maachen huet. Mee ech hale jo hei keng Ried iwwer den Zoustand vun der Koalitioun. Dee reegt mech eigentlech och net op. Ech hunn a sechs Regierunge mat wiesselnde Partner villes erliewt a wéineg vergies. Ech halen hei eng Ried iwwer den Zoustand vun der Natioun. Déi erwaard Äntwerten op d’Kris. Ech hunn der haut ginn. Virum Enn vum Joer musse mer nach weiderer noreechen.