Systematische Querdenker?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Letzte Woche fand in Luxemburg eine Konferenzreihe über die Zukunft der Geisteswissenschaften statt.

Letzte Woche fand in Luxemburg eine Konferenzreihe über die Zukunft der Geisteswissenschaften statt. In seinem Anfangsvortrag argumentierte Hans Ulrich Gumbrecht, dass Humanwissenschaftler Querdenker seien – und sah eine mögliche Zukunftsperspektive der geisteswissenschaftlichen Disziplinen darin, dass sie zu einer Art Begleitstudiengang für Studenten werden könnten, die wirtschaftlich profitablere Studiengänge gewählt haben.

Dieser an sich sehr interessanten Ansicht möchte ich zwei Anmerkungen entgegensetzen. Erstens fragt sich, wie sehr Geisteswissenschaftler noch Querdenker sein können, wenn ihnen das Querdenken an Universitäten quasi als Maßstab vorgeführt und unterrichtet wird. Die Andersartigkeit der Denkprozesse des Querdenkers reibt sich mit der Idee selbst einer akademischen, systematisierten Umrahmung. Zweitens denke ich, dass durch die von Gumbrecht erwähnte Möglichkeit einer (partiellen) Einbettung der Geisteswissenschaften in Studiengänge wie Engineering und Programmierung den Humanwissenschaften ihre Unabhängigkeit abhandenkommt – sie werden zu einem Mittel für wirtschaftsorientierte sprich ideologische Zwecke, dort wo sie eigentlich idealerweise diese Ideologien selbst infrage stellen müssten.

Gut an Gumbrechts Idee wäre allerdings, dass Naturwissenschaftler viel direkter mit humanwissenschaftlichen Gedankenwegen konfrontiert würden.

Developper
19. September 2017 - 12.47

Free Speech ass op den US-Unien um stiewen, och hei ass dat net anescht. Do ass net nix méi mat "kritesch" a mat fräien- Ideen a Meenungsaustosch. Aner Usiichten kommen guer net méi un, well Riedner ausgelueden ginn a randaléiert gëtt, wéi zu Berkeley. Ech ka mir schonn denken, wat Dir ënner "kritesch" verstitt... Gender Studies ass en eenzege Bedruch ouni wëssenschaftlech Methoden a Resultater. Ech soen, datt ze vill Leit op den Unien sëtzen, net studéierfäheg sinn, an de Geeschteswëssenschafte landen, den Niveau gedréckt a kee Méiwäert, mee e Schued fir d'Gesellschaft produzéier gëtt, well se Geld kaschten, ideologiséiert an arrogant sinn, mengen se hätten en Urecht op Vollversuergung. Landen dann an irgendengem extra geschafene Laberberuff, wou der Politik soll e wëssenschaftleche Mantel ugedoe ginn an een dat labere muss, dat vun engem erwoart gëtt. Ech hu 6 Joer Geeschteswëssenschafte studéiert, Ofschloss gemaach a sinn erstaunt, wat fir komplett studéieronfäheg Leit do duerchkomm sinn. Selbstkritik gehéiert och zur Kritik. Kann nëmme jidderengem roden, Naturwëssenschaften ze studéieren a schéigeeschteg Saachen als Hobby ze gesinn a méi net.

Fustel de Coulanges
19. September 2017 - 8.01

Sorry, mee do weess ech awer och elo net wou ech ufänke soll. Fir d'éischt ass Är Marché-orientéiert Visioun vun der Universitéit déif problematesch. Ass dann haut en Studium nëmmen nach wäertvoll wann en Steiergelder a Profit drop an derwidder produzéiert, oder ginn et net vill méi nach aner Weeër wei een sech an d'Gesellschaft anbrenge kann? Humanwëssenschafte bereeden jo awer och op esou Beruffer wei Assistant social a Psychologe vir, also Beruffer, déi sech als Zil gesat hunn, anere Mënschen ze hëllefen. Anert Beispill: wat ass mat de Geeschteswëssenschaften? Dovunner ofgesinn, dass Saachen déi mat der Geschicht a Verbindung stinn, duerch Bicher, Filmer, Museen, Tourismus, etc., ee risege Profit erziilen, fannen ech d'Existenz vu Leit, déi Geschicht studéiert hunn, an enger Welt vum rem opkommenden Extremismus an Europa, eng berouegend Perspektiv. Och wann Humanwëssenschaftler villäicht manner Profit doduercher erzilen, an domadder manner Steiergelder produzéieren, heescht dat bei wäitem net, dass se kee Méiwäert vir d'Gesellschaft duerstellen. An schlussendlech sinn ech och absolut net domadder d'accord, dass Humanwëssenschaftler "ideologiseiert Spenner" sinn. Ech weess net wou Dir dat gelies hutt, mee Studiëgäng, déi wei Geschicht, Ethnologie oder Philosophie op enger stänneger kritescher Iwwerleeung berouen, produzéieren, menger Meenung no, bei wäitem keng uniform Masse vun "ideologiseierte Spenner". Se befäegen se am Géigendeel dozou, sech eisen haitege Problemer vun der Gesellschaft unzehuelen an Solutionen ze sichen; wei zum Beispill "Gender Studies", dei jo awer nëmmen eng Receptioun vu Problemer sinn, déi an der Gesellschaft existéiren, an, mat mei oder manner Succès, probéiere Léisungen dorobber ze fannen. An ech soen all dat, an enger Perspektiv, dass hautzedaags secher d'"Sciences dures" ëmmer mei wichteg ginn (an och solle ginn) an eiser Gesellschaft an un eisem Marché. Mee schreift d'Humanwëssenschaften net opgrond vun engem feelend Méiwäert fir de Marché of, well wann d'Welt weider esou dreint, kann et gutt sinn, dass mer geschwënn nach en puer Assistants Sociaux mei brauchen.

Student
19. September 2017 - 0.40

@Developper: Hues Du Panzerschokola zou Dir geholl?

Developper
18. September 2017 - 14.12

Sorry, mee dee Kommentar ass esou dernieft, dass ech guer net wees wou ufänken. Uni gëtt mat Steiergelder ënnerhalen an ass do fir eng Berufsausbildung ze genéissen. An den USA laafen ënner de social science Studente bal nëmmen nach ideologiséiert Spënner ronderem, déi fir nix méi ze gebrauche sinn. Wann een irgend e wäertlosen "Dokter" gemaach huet, ass dat kee Fräifahrtsschäin fir e Bullshitjob a sech vun der Gesellschaft alimentéieren ze loossen. D'Geeschteswëssenschaften hu sech mat onwëssenschaftlechem Quatsch wéi Gender Studies selwer disqualifizéiert. An das ass net harmlos, mee knallhart Verontreiungen vun 100en Mio €., illegal Parteiefinanzéierung, Steierhannerzéiung etc.