Ënnerwee mam Cëfël

Ënnerwee mam Cëfël

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mäi Portefeuille am Iwwerschwemmungsgebitt verluer, mat Carte d’identité, Führerschäin, VISA-Kaart, Seniorekaart CFL, Geld etc. pp.

Déi katastrophal Zoustänn de Weekend wiere mir amfong duergaang. Hätt net nach missen de Portefeuille verléieren.

Fir d’éischt op de Policebüro, Déclaration de perte. Dunn op d’Gare froe fir eng nei Seniorekaart. D’Eisebinnesch: Ech mengen 25 Euro. Ech: 25 Euro? Net wierklech begeeschtert. Ech: Ah, dat kascht eppes? D’Madame am Guichet: Da waart mol nach e puer Deeg, vläicht fënnt een Äre Portefeuille. Ok.

27.7.2016, 10.04 Auer.

Ech fueren an d’Nationalbibliothéik an d’Stad vu Colmer-Bierg aus, puer Deeg méi spéit. Ech hunn nach just e Fënnef-Euro-Schäin. Wëll mer um Quai een Dagesbilljee drécken. Véier Euro. Den Apparat hëlt nëmme Mënz. Dee Loser. Mir egal, huelen ech eben een am Zuch. Frëndlechen Zuchführer (fréier Kontroller oder Schaffner, vulg. Knipsert). Erzielen him mäi Misär. Hien: Ech war mer dat guer net bewosst, dass dat sou eng Katastrophe war, eréischt deen aneren Dag, wéi ech an der Zeitung … Merci. Merci.

Du gouf mir bewosst, dass de gudde Mann mer näischt zeréckginn hat. Fënnef Euro. Tarif de bord. EUR**5,00. Soss véier.

E steet an der Dier, fir raus wénken ze goen an ze päifen, féngert op sengem iPhone. Ech: Ass dat net bësse frech, fënnef Euro. Hien: Dat ass den Tarif am Zuch. Ech weess, Direktiv vun uewen. Ech kann awer net derfir, dass Äre blöden Apparat kee Fënnef-Euro-Schäin hëlt. De Mann fënnt keng Wierder. Si sinn haut sou formatéiert, mengen ech; iergendwann schwätzen se net méi mat. Legitiméiert Motzen.

Den Zuch hält, de frëndlechen Zuchführer raus, net méi rëmgesinn. Gutt, dass ech mech am Grëff hat, well, wéi seet den Här Déngenskierchen: An eis all stécht e klengen Amokleefer.

Alt nees eng Kéier alles falsch gemaach. Hätt sollen dem Zuchführer meng Déclaration de perte weisen. Vläicht hätt en een A zougedréckt, sou wéi virun e puer Wochen bei där Zuchführerin ouni Portmonni. Si: Jo, Monsieur, ech war schonns Schwarzfahrerin, hihihi, ech war deemools an der Hetz, fir mat menger Enkelin den Zuch ze kréien, dunn hat ech de Portmonni vergiess. D’ganzt Liewen huet se mer erzielt – léif. Sympathesch Schwarzfahrerin.

An ech Loser? Tjo, di zwou Zuchführerinnen hu sech gutt kannt. Déi eng an Uniform, déi aner an Zivil ouni Billjee mat Enkelin. Souguer Famill, wann ech mech gutt erënneren. Da geet dat. Mee mäin Zuchführer war mir friem. An ech him. Keng Kollegen. Ni gesinn. Wëll en och net méi gesinn. Eng Zäit. Ech motzen elo eng Zäit. Psychohygiène. Vläicht kréien ech mäi Portmonni rëm – da sinn ech rëm tiptop an der Rei.

An dann hir rabbeleg al Këschten (Baureihe CFL Z2), wou een de Vëlo net eragehuewe kritt, d’Träppleken ze héich an ze schmuel, an si däerfe jo net hëllefen, d’Zuchführer(innen), Direktiv aus dem Headquarter. A keng Plaz fir zwee Vëloen an eng Poussette oder ëmgedréint. Wat hunn ech verbrach?! A jo, si hunn ee Sëtz rausgeholl, wéint de Kutschen an de Vëloen. Genial!

A mam Vëlo Trapen erop an erof. (Colmer-Bierg) Ze blöd fir eng metalle Ramp an d’Trap ze schrauwen (sou wéi zu Ettelbréck am Tunnel bei der Grondschoul!).

An dunn? Et ginn Deeg, do hätt ee besser, moies leien ze bleiwen. An der Stad ass de Lift net gaang. Erfonnt? Nee, seriö. Ech hunn haart gelaacht. Mir stinn do, zwou Fraen, eng Poussette mat Kand, an ech, de Pechvull vum Dag. D’Fraen hunn och gelaacht, awer net sou haart. Neen. Éischter geschmunzelt.

De frëndleche Chef de gare erbäitelefonéiert. Hien huet och de Lift gedréckt a wollt d’Dieren auserneendrécken. Kee Succès. D’Trap erof mam Vëlo. Rof geet et gutt, de Gepäckdréier voll Bicher. De Chef de gare: Rof geet et ëmmer. Ech: Ha. Keng Loscht op e Witz. War presséiert.

An der BNL véier intressant Bicher geléint an zwou iwwerduerchschnëttlech léif Damme begéint. Alles gratis.

Fir heem war alles am grénge Beräich. Schnellzuch. Flott an awer frëndlech Kaarteknipsesch, Kaartepëtzesch. A mäi Billjee war nach gutt.

R. Posing, Colmer-Bierg