LeserbriefPechen ouni Häerz an ouni Verstand

Leserbrief / Pechen ouni Häerz an ouni Verstand

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Von Roby Zenner

Sonndes, de 25. November 2017 ass am ganze Land Cäciliendag gefeiert ginn, och zu Uewerkuer. Derbäi koum, datt munnech Famillje fir deen Dag Wochen- a Joermasse bestallt haten, sou datt d’Kierch bal gerammelt voll war.

Mee ausser der Freed fir Cäciliendag an der Trauer ëm di Verstuerwe waren déi Gefiller vu ganz kuerzer Dauer, well no der Mass hunn Dosende vu Leit een an hirem Auto gepecht fonnt, fir 49 Euro Strof ze bezuelen.

Do hunn der sech also bestëmmt extra déi Stonn rausgesicht, fir Ziedelen ze pechen u Leit, déi kee gehënnert hunn, déi kengem am Wee stoungen an déi no enger gudder Stonn erëm fortgefuer sinn. An déi, déi hiren Apparat fir d’Protokoller lafe gelooss hunn, bis e waarm ginn ass, déi hu weder en Häerz nach Verstand fir esou Situatioune gewisen.

Et ass gewosst, datt d’Parkplaze ronderëm d’Kierch zu Uewerkuer ganz rar sinn; mee wéinst dem Cäciliendag sinn eng Partie Leit méi komm, Famille mat Wochen- a Joermasse sinn extra vu méi oder manner wäit ugereest, fir hire léiwe Verstuerwenen ze gedenken, dorënner munnech Eelerer a Behënnerter, déi net ee Kilometer zu Fouss biergop, biergof kënne goen.

Wat ass jo do fir all déi, déi sech mat Pechen dru gehalen hu wéi de Geck un de Bengel, en extraen Doloun erausgefall, dosendeweis 49 Euro a ganz kuerzer Zäit.

A wann een der Saach richteg op de Fong gaangen ass, da waren et bal nëmme Leit, déi mat hirem Auto kee behënnert hunn a kengem an de Féiss stoungen, och wann se, gewëss, am Sënn vum Code de la route net richteg stoungen.

Wat muss dat jo fir déi mat de Protokollapparaten eng Freed gewiescht sënn, op ganz kuerzer Distanz vu just e puer Meter Dosende vu Leit ze bestrofen. Et géif ee bal mengen, si hätten sech just déi Stonn vun der Mass erausgesicht, fir sécher ze sënn, datt et sech géif lounen, fir fir méiglechst vill Protokoller op Uewerkuer ze kommen.

Abee, wann dat hinne Freed gemaach huet, da sollen se hir Freed genéissen!
Et gëtt hautdesdaags nun eemol ëmmer méi Leit ouni Häerz an ouni Verstand!