LeserbriefAll Respekt, Här Etienne Schneider!

Leserbrief / All Respekt, Här Etienne Schneider!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Von Théid Bock aus Schëffleng

Wéi am Boxring: Etienne Schneider vs. Claude Wiseler. Als faire Ringriichter gesinn ech an dësem Match den Här E. Schneider als klore Punktgewënner. Wat mär imponéiert huet, dat wuar d’Äntwert an engem oppene Bréif am Tageblatt vum 6. Dezember 2017 vum Här E. Schneider op déi ongerecht Attacke vum Här C. Wiseler géint déi heiteg Regierung. Méi einfach geet et jo net. Fir nëmmen ze kritiséieren an alles schlechtzerieden, ass keng Konscht. Awer Här C. Wiseler, wou sinn Är Alternativen?

Wat mär besonnesch gefall huet an deem Bréif vum Här E. Schneider, dat wuaren, ouni aus der Këscht ze sprangen, déi besonnen an iwwerluechte Wierder. Dat ass Diplomatie. Well an der Politik hu mer därer Blärerten an Tutebattie méi wéi genuch.

Här Claude Wiseler, net ee gutt Wuert oder Luew hat Der fir dës Regierung iwwreg, soss wier Iech bestemmt en Zack aus der Kroun gefall. Är Partei wuar 30 Joer um Rudder, méi wëll ech duerzou net soen!

Ween oft ze héich huet op gewollt, deen ass och héich erof getrollt.

roger wohlfart
5. April 2018 - 9.45

Ech liese mengem Frënd Théid Bock seng Lieserbréiwer regelméisseg an ëmmer gàr, well hien 1. gudd schreiwt 2. kee Blat virun de Mond hölt, also nët mat senger Meenung hannert dem Bierg bleiwt an 3. vill méi gesonde Mënscheverstand huet wéi e sou muennegen " Intellektuellen ". Théid fuer e sou weider! Respekt. Roger Wohlfart