Die Seele geht flöten: Geschäftsleben in der Hauptstadt

Die Seele geht flöten: Geschäftsleben in der Hauptstadt

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Die Einkaufsstraßen in europäischen Städten werden mittlerweile von großen internationalen Marken dominiert. Auch in Luxemburg haben es lokale Geschäfte, darunter Traditionshäuser wie „Tapis Hertz“, das im November seine Türen schließt, immer schwerer, im Zentrum der Hauptstadt noch so attraktiv zu sein, dass die Kunden zu ihnen kommen. Viele bevorzugen die Fahrt ins Shoppingcenter, mit Parkmöglichkeit vor der Tür.

Geschäftsleute verneinen nicht das Problem von hohen Mieten, doch seien diese nicht ausschlaggebend dafür, dass sie die Stadt verlassen und/oder eine Zweigstelle außerhalb eröffnet haben. Sie verlangen verbesserte Rahmenbedingungen. Die Gemeinde Luxemburg möchte dem Trend entgegenwirken. Sie hat begriffen, dass es die lokalen Unternehmen sind, die neben ihren Bewohnern einer Stadt ihre Seele geben. Sie versucht, den Geschäften zu helfen. Dass die eine Seite mehr verlangt, als die andere zu geben bereit ist, dürfte in der Natur der Sache liegen.

Doch will man „ons Stad“ nicht zur Touristenkulisse verkommen lassen, ist ein anderes Handeln nötig. Kommunale oder staatliche Hilfen nutzen den Läden wenig, wenn keine Kunden zu ihnen kommen. Der Grundtenor bei den angesprochenen Geschäftsleuten ist, es sei nicht mehr angenehm, in die Stadt einkaufen zu gehen oder zu fahren. Es gilt also, nicht nur für Geschäfte angenehme Rahmenbedingungen zu schaffen, sondern auch für uns, die Kunden.

DanV
23. Juli 2019 - 11.36

@ Zahlen Krass! Der mengt, et wär en Avantage, eppes heemgeliwert ze kréien, - et auszepaken, - kuerz unzepaken, - et erem anzepaken, - et dann op d'Post ze schleefen - an op eeje Käschte bei de Forunisseur zeréckzeschécken? Waméiglech och nach en 20-Kilo-Stéck? Wisou soll een sech esou eng Plo undoen?

Zahlen
22. Juli 2019 - 23.31

"Am Internet kann een d’Saachen net upaken. Wann ech en Teppech oder Miwel well kafen, well ech d’Qualitéit spieren." Ma sécher, dir kënnt se 14 Deeg laang upaken an dann ouni e Grond unzeginn zréckschécken.

n der Parad
22. Juli 2019 - 16.51

Viva IKEA zu Sterpenich!Ein Beispiel wie man es nicht machen sollte;gelle,Mr.Asselborn!

luc jung
22. Juli 2019 - 14.02

Macht nach e pur Chantieen an der Staat. Da geet et besser. Da kennt kee mei an d'Staat akaafen, och wann een kee Prolet as. Ech stelle mein Auto net zu Beggen op e Parking (Chantieen: Eecherplaaz, Villeroy(Millebach), Rollengergronn, Staereplaaz, bld. Royal, Gare, .......) fir eppes an der Staat anzekafen. Am Internet fent een villes. Kee Wonner wann Geschäftsleit deck Flemm kreien. Wann een duerch Grousgaas geet, dann hun ech d'Impressioun dat do just nach eng Touristeschickeria akafen geet.

Jang
22. Juli 2019 - 13.49

Staat Lëtzeburg ass schons laang nëtt méi fir déi normal Verdinger geduecht,dofir ass ëtt jo gudd dass een kann och schons laang iwert Grenz akaafen goën. Emmer méi Konsummenten schloën dëse Wee an. Super ësou.

DanV
21. Juli 2019 - 14.13

@ GuyT An deem heiten Artikel hunn ech mer mol eng Kéier alles vun der Séil geschriwen, wat mer net méi geet zu Esch (kuckt dee laangen DanV-Kommentar): http://www.tageblatt.lu/headlines/gut-fuer-uns-und-gut-fuer-esch-cactus-lallingen-soll-2022-eroeffnet-werden/?reduced=true Vläit hut Der eng aner Meenung dozou? @ Tageblatt: da Nachrichten von gestern ja sowieso nicht mehr aktuell sind, wie wäre es, wenn Sie Premium-Artikel nach einer Woche oder zwei frei geben würden? Zumindest solche, die keine tage-, bzw. wochenlange Recherchen gebraucht haben?

DanV
21. Juli 2019 - 14.02

@ Marcel Gillander 1. Am Internet kann een d'Saachen net upaken. Wann ech en Teppech oder Miwel well kafen, well ech d'Qualitéit spieren. 2. Wëll Der wierklech, dass mer hei Lëtzebuerg iwerhaapt kee Choix méi hunn? Et ass schonn am gaang. Vill Geschäfter hunn ëmmer manner Choix, well ëmmer méi am Internet kaaft gëtt. Mee Dir hutt recht. Lëtzebuerg huet d'Evolutioun verschlof. Letzshop.lu ass vill zevill spéit komm a knäppt leider un d'Ufäng vun Amazon un, anstatt sech e Beispill un deem Amazon vun haut ze huelen. A leider setze vill Geschäfter net hirt komplett Sortiment dran, mee just e puer ausgewielten Artikelen. Dat sinn da meeschtens déi Artikelen, déi ee grad net sicht ... Ech hoffen, dat verbessert sech nach.

GuyT
21. Juli 2019 - 12.46

"Zu Esch ass alles vun der Gemeng verbarrikadéiert ginn" Wéini ? Wou? An dann ass do de Problem datt Leit déi an Esch selwer wunnen net do akaafen.

Jemp
20. Juli 2019 - 20.18

Stadt an Esch sin eischter wei Disneyland. Dei wellen dach kéen "klengen"Bierger als Klient. Et get jo alles gemaach fir d'Lei eraus ze eckelen. Ich sin net op stadter oder escher Geschäfter ugewiesen. An swann se ihei, bei den Akaafszentren Paarkplaazen oofschaafen, dann get iwert Internet bestalt oder zu Metz, Treier, ....akaaft.

Marcel Gillander
20. Juli 2019 - 12.53

eng aaner Meiglechkeet wei di schweier Wueren an enger Industriezoon ze kaafen wou een direkt beim Geschäft parken kann, ass vir online (a leider am Ausland) ze kaafen. Da kritt een se per DHL oder UPS Heem geliwwert, an deen Service kascht nett ganz vill oder ass ganz dachs esou guer gratis, ganz dovunn oofgesinn datt de Choix vill mei grouss ass. Daat geet och bei ganz groussen a schweieren Wueren vir dei een soss vleit eng Camionette lounen misst … d´Letzebuerger Geschäftswelt huet daat verschloof.

Marcel Gillander
20. Juli 2019 - 11.51

Wisou fueren Leit dei ett sech leeschten kennen an der Staad anzekaafen nett mam Zuch? Ass daat nett eng e besschen arrogant an aalmoudesch Meenung?

DanV
20. Juli 2019 - 1.26

Tapis Hertz gehéiert op eng Plaz, wou ee Parkplazen kritt. Wéi mer eis 2013 nei ageriicht hunn , sinn ech net méi bei Tapis Hertz gefuer, an iwrejens och net méi an d'Uelzechtstrooss, well ech keng Loscht hat, en Tapis/Miwelpak bis an e Parkhaus ze schleefen. 1989 bei eiser éischter Wunnéng war dat nach vill méi einfach. Mer sinn dohi gefuer, wou mer wollten an hun akaaft an dono alles an den Auto gelueden, och bei Tapis Hertz an an d'Geschäfter an der Uelzechtstrooss. Foussgängerzone si flott fir ze flanéieren, Parkheiser si flott, wann ee vill Zäit huet, mee béides ass net ideal an eiser stresseger Zäit vun haut. Fréier war een och gestresst, mee et ass ee séier bis an d'Uelzechtstrooss gefuer oder séier bis an d'Avenue de la Porte Neuve, respektiv an d'avenue Monterey, et huet een den Auto ofgestallt, sech d'Saachen ausgesicht an se nom Akaf gelueden. Zu Esch ass alles vun der Gemeng verbarrikadéiert ginn, an der Stad verbarrikadéiert d'Mass un Autoen d'Méijlechkeet, nach esou anzekafen. Also fiirt een an d'Industriezonen, well haut sinn et net méi di "grouss Geschäfter", déi dem Eenzelhandel d'Geschäft verdiërwen, et si carrément ganz Regroupementer vu "grousse Geschäfter". D'Zäiten hu geännert. Geschäfter, déi Wueren verkafen, déi een net kann an eng Akafstut stiechen a mam Bus/Velo/zu Fouss kann transportéieren, si besser an engem Akafszentrum mat ville Parkplazen oder an enger Zone industrielle. Dofir kann ech d'Decisioun vun all deene Geschäfter verstoen (Tapis Hertz si jo net di éischt), déi sech aus de Stied erauszéien. Et ass hir eenzeg Iwerliëwenschance.

de Prolet
19. Juli 2019 - 19.54

Eng gewësse Klass vu Konsumenter, e.a. d'Architecten aus der gehuewener Schicht, hu gutt schwätzen, si kënne sech ët leeschten an deene chicke Boutiquer an der Uewerstad anzekafen.

Zahlen
19. Juli 2019 - 18.16

Wien deet sech dat dann un? Leit, déi sech et leeschte kënnen an der Stad anzekafen fueren net mam Zuch, mä dat ass déi eenzeg Méiglechkeet fir net den hallwen Dag am Stau ze stoen. Mir dinn se net leed. Upassen oder ënnergoen, schliisslech liewe mer an enger Marktwirtschaft.

GuyT
19. Juli 2019 - 15.02

Esch ass leider duebel betraff: Zum allgemengen Trend kennt do och nach dobäi datt kaafkräfteg Léit duerch verdriwen goufen.Schued well den Potential vun Esch ass do! Geschicht em den Diva ass do symptomatesch.

Architecte
19. Juli 2019 - 14.53

Mä halt dach w.e.g. op mat Ärem Gejeimers. Emmer wann ee Geschäft zou geet da gett gesoot "Wei schued". Ma weini wärd Dir dann fir d'letzt bei den Tapis Hertz en Teppech oder Handdicher kafen? Ech nach nie. Weder d'Staat Esch nach d'VDL ass schold um Declin vun der Geschäftwelt mä virun allem de Konsument. hien keeft jo leiwer online. De Commerce muss dann eben en alternative Wee fannen oder eben zu Gronn goen. Mä dat ass kee Grond ze kräischen. That's life.

Grober J-P.
19. Juli 2019 - 10.22

Mal nachfragen wieviele Leute noch direkt im Zentrum wohnen.

Yuppido
19. Juli 2019 - 9.03

Et ass net nemmen Stad. Esch ass net besser drun.