„Sécher Grenzen – Asyl ouni Mëssbrauch“?

„Sécher Grenzen – Asyl ouni Mëssbrauch“?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Jean Lichtfous analyséiert a sengem Text, wat d’ADR iwwert d’Grenzkontrolle
seet.

Vum Jean Lichtfous*

Wann Dir d’ADR wielt, da ginn eis Grenze sécher! Da ginn d’Douanneshaisercher erëm a Betrib geholl an déi, déi ofgerappt goufen, erëm nei opgeriicht. Da komme moies d’Frontaliere wéinst de mega Stauen eréischt esou géint Mëtteg op der Aarbecht un. A mir Lëtzebuerger sinn dowéinst ouni Stress ënnerwee. Mir kënnen den Tram erëm ofschafen, well deen ass jo just fir déi auslännesch Frontaliere mat eise Sue gebaut ginn.

D’Aarbechtslosegkeet fält, well erëm vill Douanieren agestallt ginn. Wann d’ADR-Wieler op Tréier bëlleg akafe ginn, da sti si och mol eng Stonn am Stau zu Waasserbëlleg. Jo, et muss ee schonn Ongemittlechkeeten op sech huelen, wann ee sécher Grenze well hunn. Nomëttes, wann d’Frontalieren dann endlech ukomm sinn, ginn op de Grenzen all Leit, déi wëllen op Lëtzebuerg kommen, op Häerz a Niere gepréift, fir datt eist Land sécher bleift, wëll heeschen, d’Camione stauen da bis op Metz oder Léck. Mee dat mécht näischt, Haaptsaach, et ass a bleift sécher!

Wann dat gutt ukënnt a richteg effikass ass, da ginn och erëm d’Octroyshaisercher an der Stad virun der aler an der neier Bréck opgeriicht. Da gëtt et an der Stad och erëm méi sécher. An an engems gëtt et Suen an d’Keess, fir ronderëm d’Land, bei Bedarf, een Zonk oder eng Mauer, wie weess, opzeriichten, fir nach méi sécher Grenzen.

Awer geet dat duer géint deen dausendfachen Asylmëssbrauch un eise Grenzen? Do sti se jo an der Schlaang a ruffen all Asyl, obschonn se nëmme bei eis schaffe komme wëllen, oder schlëmmer nach, just eise Sozialsystem ausnotze wëllen. An da versichen se sech z’integréieren, an da kriss de se net méi fort. Kuckt nëmme ronderëm Europa, all wëlle se heihinner. Déi klamme souguer a Boter fir iwwer d’Mëttelmier, wou keen normale Mënsch géif draklammen, an awer drécke se sech vir bäi. A well dat net gutt ausgeet, ginn elo sou Grenzstatioune wéi zu Waasserbëlleg oder Fréiseng a Libyen, wat soen ech, am Mali, nach besser, a Südafrika, opgeriicht. Dohi ginn dann eis Douanieren an Asyldécideuren detachéiert, an déi entscheeden dann do op der Plaz, wien Asyl kritt a wien net. Dat sinn da „séier an effikass Prozeduren“(1). Kascht de Staat natierlech eppes, mee dat ass ëmmer nach méi bëlleg, wéi wann déi Hongerlidder all bei eis ukommen. Esou kann een dann „de Mëssbrauch vum Asylrecht an déi illegal ekonomesch Immigratioun direkt stoppen“.(1)
Wann dann trotzdeem awer mol sou ee Schlauchbot ukënnt, oder déi Schlepperschëffer vun de Guttmënschen se zu Malta oder op Lampedusa erausloossen, wat natierlech onbedéngt misst verhënnert ginn, do huet den italieneschen Inneminister vollkomme Recht, da geet dat net, datt dann zu Bréissel eesäiteg esou Lännerquote festgeluecht ginn, wat fir ee Land der wéi vill muss ophuelen. Dofir well d’ADR d’Asylrecht als „haaptsächlech national Kompetenz a keng Quoten op europäeschem Niveau“!

Sou gëtt da Schluss gemaach mat deem Asyl an deene Migranten, da si mir erëm ënnert eis, sou wéi an de 1950er Joren. Nom 14. Oktober hu mir „Sécher Grenzen = Asyl ouni Mëssbrauch“(2), an da sange mir all zesummen: Hei ’t ass eng Freed, ewéi dat geet, mir halen op der Gaass, mir maachen de Leit vill Spaass. D’Klarinett ass ëmmer prett, d’Leit laache sech eng Boss, mee ’t ass och net ëmsoss.

* Den Auteur schreift reegelméisseg Meenungsartikelen a verschiddene Medien a war Spriecher vun der ASTI

1) Zitater aus „ADR De Pefferkär Nr. 1, Säit 7“
2) Walplakat vun der ADR

roger wohlfart
5. November 2018 - 14.49

Zumindest unterschreiben beide ihre Beiträge mit dem vollen Namen und stehen somit zu dem was sie schreiben.

René Charles
2. Oktober 2018 - 18.11

Den ADR as awer nach tolerant: T'as dem ADR secher och bekannt das zengdausenden Türken vun der 2ter an souguer 3ter Generatio'un an Däitschland, mat duebel Nationalitéit TR/D,den Här Erdogan als HIREN Präsident bejubelt hun (Berlin). Déiselwecht, mat duebel Nationalitéit, hun zu ca 3-400 000 dem Här Erdogan seng Partei gewielt virun e puer Méint. Ech hat mer erwaart dass den ADR géif eng Revisiou'n vun der duebler Nationalitéit ukënnegen well déi kaum zur Intergratio'un féiert.

Pol
24. September 2018 - 11.18

Der Jacques Zeyen und der Roger Wohlfahrt, was würde diese Rubrik wohl ohne die beiden machen. Diese perfekten Generalisten haben zu jedem Thema eine Meinung und scheuen sich nicht, diese jederzeit zu äussern. Ob sie immer recht haben, liegt wie so häufig im Auge des Betrachters. Aber zumindest haben sie eine Meinung ! Und solange keiner versucht, seine eigene Meinung den anderen Mitbürgern aufzudrängen, ist prinzipiell nichts dagegen einzuwenden.

roger wohlfart
20. September 2018 - 10.09

Ouni Kontroll fonctionnéiert bal näischt. " Vertrauen ist gut, aber Kontrolle ist besser ". Awer Kontroll a Kontroll ass zweeërlee, ët kann een och alles iwwerdréiwen, an ët dass just dat, wat de Jean Lichtfous mat sengem spaassegen Artikel illustréiere wöllt. Munnechmol erreecht ee mat Humor méi wéi mat engem béiereeschten, langotmechen Essay!

GuyT
19. September 2018 - 10.23

Den Härr Lichtfous mecht sech Saach einfach. EU ass gegrennt gin mattd er prämis vun offen BANNENgrenzen an gudd protegéiert AUSSENgrenzen. Dat set keng ADR Idee mais ass esou festgeluecht gin vun den EU Grenner. Och ass et sou datt mir vill méi Kontrollen hun säit mer Terrorgefor stark geklommen ass. Iwerall entstin emmer méi kontrollen do wou dat sos kén Thema war. Ouni Kontroll kann Europa net iwerliewen.

Rinck Daniel
18. September 2018 - 9.53

Wat hunn ech gelaacht wéi ech deen  Artikel geliest hunn. Esou gesäit Satir aus. Respekt. De Lieser soll just wëssen dass dat Satir ass, oder hei éischter eng lëschteg Geschicht.  Mee, eben eng Geschicht. ADR/Wee 2050  "Asyl" Politik ass natierlech ausgeriicht am Aklang mat de Genfer Konventiounen. ADR/Wee 2050 well näischt zoumaachen an och keng Frontaliere schikanéieren, firwat och. ADR/Wee 2050 ass natierlech fir e staarkt Europa, just dofir brauch een seng national Souveränitéit net opzeginn , oder?  Wéi gesot , ech hunn gutt gelaacht, iwwert déi Geschicht, et ass nur ebe Wahlkampf an eng Demokratie muss dat aushalen.

Jacques Zeyen
18. September 2018 - 9.51

Nee. Déi haten jo Flënten um Réck. Ech sinn als 13-järegen awer vun engem zur S.. gemaach ginn well ech kee Pass dobäi hat. Grenzen sinn fir näischt gutt well déi Gutt leiden drënner an déi Béis kommen ëmmer duerch.

Grober J-P.
17. September 2018 - 20.21

Den 10. Mai 1940 konnten ons Douanieren déi däitsch "Frënn" och nët ophalen!!!

Jacques Zeyen
17. September 2018 - 18.29

Jo ADR. Fréier war alles besser. De Paf däerf erëm an der Primärschoul seng Märercher erzielen,Sexualopklärung just doheem bei den Elteren am beschten mam Kräiz un der Mauer. Pc oder Laptop eréischt ab 18 Joer an all muerges virum Kaffi d'Uelzecht sangen. Den Douanier mécht d'Grenzen dicht(awer nëmmen fir eran) etc. etc. Mam Programm vun där Juxpartei kann een all Dag eng Säit an der Zeitung fëllen. Fréier war alles besser. Du gouf et nach keng ADR,keen Thein a keen Kartheiser.

roger wohlfart
17. September 2018 - 14.00

Gott sei Dank ass d'Probabilitéit, dass d' ADR Régierungsverantwortung iwwerhölt minimal. Awer sécher ass näischt. Eng absolut Sécherheet, wéi d'ADR fuerdert gëtt ët nët. Wouhin dat géif féieren, beschreiwt de Jean Lichtfous op eng lëschteg, humoristesch awer realistesch Manéier am Fall wou…. Dann awer hellewech zeréck an 1950 er Joeren. Nee merci!