Reklassement no Kriibserkrankung

Reklassement no Kriibserkrankung

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Bei menger Duechter ass Enn September 2016 een Non-Hodgkin-Lymphom diagnostizéiert ginn. Während sechs Méint waren am Dräiwocherhythmus Chemotherapien a 24-Stonne- Baxtere während fënnef Deeg néideg.

Duerch d’Niewewierkunge vum Traitement ass d’Veen, an déi de Portacath geféiert huet, thrombös blockéiert. Doduerch ass säi rietsen Aarm geschwollen an huet u Kraaft verluer. Am Moment ass et him onméiglech, säi Beruff auszeüben, an dat mat der Ongewëssheet, ob hatt nach je eng Kéier a sengem Beruff schaffe kann.

De Portacath ass elo am Juli erausgeholl ginn; ee Versuch, ob eventuell mat der Zäit eng Besserung antrëtt. En Traitement mat staarke Bluttverdënnungsmëttelen hat bis elo keng Wierkung. Am Juli dëst Joer huet de Kontrolldokter de „Reklassement“ ugefrot.

Nom Gespréich mam Patron huet den Aarbechtsdokter e „Reclassement interne“ als gëeegent Léisung ugesinn. Duerch onglécklech Ëmstänn ass den Dossier zweemol am Suspens bliwwen. D’Decisioun vum „Comité mixte“ ass dunn eréischt am September geholl ginn.

Fir Leit, déi am Privatsecteur schaffen, ass no 52 Woche Krankmeldung (gekuckt op eng Referenzzäit vun 104 Wochen) den Aarbechtskontrakt automatesch opgeléist. Vu datt den 1. September d’Limite vun 52 Woche Krankmeldung erreecht war, huet meng Duechter säi Krankeschäin ënnerbrach a „Congé de récréation“ geholl, fir datt den interne Reklassement nach iwwerhaapt méiglech war.

Wéi kann et sinn, datt et bei engem Dossier, deen esou op der Limite vun deenen 52 Woche Krankmeldung läit, vun enger perséinlecher Kontaktopnam ofhänkt, op den interne Reklassement zäitlech nach méiglech ass oder net? Hei ass den Enjeu sou grouss, dat een sech Informatiounsmangel net erlabe kann, och wa verschidden Instanzen an d’Prozedur involvéiert sinn.

Späerlech Informatiounen

D’Informatiounen, déi mir vun deene concernéierten Instanzen (CNS, ADEM, „Contrôle médical“, „Commission mixte“) kritt hunn, sinn ze späerlech. Dee Moment, wou d’„Commission mixte“ saiséiert gëtt, géif eng kleng Broschür oder e Schrëftstéck mat alle wichtege Punkten hei scho vill hëllefen.

Vu datt déi Limite vun 52 Wochen op eng Referenzzäit vun zwee Joer gekuckt gëtt, ass d’Marge, déi him nach bleift, extrem kleng. Hatt däerf an deenen nächsten zwee Joer praktesch net méi krank ginn, soss ass säin Aarbechtskontrakt automatesch opgeléist.
De Fall gesat, et muss nach geschwënn en Agrëff betreffend seng Kriibserkrankung gemaach ginn, muss hatt während enger längerer Zäit Congé huelen. Wann nach eng Behandlung oder Operatioun, déi mat senger Kriibserkrankung ze doen huet, an noer Zukunft néideg wier, kann hatt déi just an deem Fall maache loossen, wann him nach genuch Congé zur Verfügung steet. Dobäi kënnt nach, datt de Patron dee Congé jo dann och nach geneemege muss. Erwëscht hat eng Gripp oder eng aner Krankheet, géif déi folgend Exceptioun vum Gesetz a Kraaft trieden:

„Si l’incapacité de travail a perduré pendant 52 semaines au continu et que le salarié a repris son travail, ou était sur le point de le reprendre, la période d’indemnisation peut être étendue si une maladie survient (en principe distincte de celle qui a causée l’octroi de l’indemnité pécuniaire, comme une grippe p.ex.). Toutefois cette continuation n’est assurée que si cette nouvelle incapacité de travail ne dépasse dans la suite pas 14 jours par mois et si, de l’avis du contrôle médical de la sécurité sociale, l’assuré n’est pas atteint d’invalidité permanente ou transitoire.

Une demande écrite de l’assuré est indispensable. Sur requête du contrôle médical de la sécurité sociale elle doit être appuyée par un certificat médical détaillé et motivé.
La décision afférente est prise sur avis du contrôle médical de la sécurité sociale.“
Vun offizieller Säit kritt een dann eemol gesot, dat wär jo net esou schlëmm, wëll déi betraffe Persoun jo nach de Congé vum ganze Joer zegutt hätt, oder vun zweeter Säit ganz einfach, datt déi Limite vun den 52 Woche keng Roll méi géif spillen am „Reclassement interne“. Hei en Zitat aus engem Äntwertespill: „Soumat ass de Problem dann insgesamt geléist.“ An eisem Gesetz vum Reklassement steet awer just déi virdrun zitéiert Ausnam.

Invaliderent akzeptéieren

Versiche mer mol einfach, eis an eng betraffe Persoun eranzefillen. Ass et net eng Kujenade fir Leit, déi nach oft bis e Joer no hirer Chemotherapie ënner grousser Middegkeet leiden oder ënner aneren Niewewierkungen ze leiden hunn an erëm lues a lues an en „normaalt“ Liewe mussen zréckfannen? Alle Leit aus dem Privatsecteur, déi no 52 Wochen nach net fäerdeg mat hirem Traitement sinn, bleift näischt anescht iwwreg, wéi eng – hoffentlech provisoresch – Invaliderent ze akzeptéieren.

Eng provisoresch Invaliderent, wou de Montant dovun ofhänkt, wéi laang ee geschafft a cotiséiert huet. An dësem Fall vun enger jonker Persoun, déi eréischt dräi Joer geschafft a cotiséiert huet, ka jo eng Invaliderent net a Fro kommen. Eng Invaliderent, déi hei sou kleng wier, datt een net dovu liewe kann an ee forcéiert ass, nach zousätzlech RMG unzefroen.

Wann dës Leit no enger gewësser Zäit erëm eng Aarbecht ophuelen, feelt hinnen um Enn vun hirer Aarbechtscarrière déi Zäit, wou si an der provisorescher Invaliderent waren. Déi Zäit vun der provisorescher Invaliderent zielt just fir d’Recht op Pensioun.
Loosse mir esou net all dës Leit am Reen stoen? Wou bleift do eise Prabbeli vun der Solidaritéit? Ass do bei der grousser Reform 2016 net vergiess ginn, Ännerungen an deem Beräich vu kriibskranke Leit ze maachen an Ausname virzegesinn? Muss do net nach eppes verbessert ginn?

Jiddereen hei zu Lëtzebuerg kann no engem Kriibstraitement eng Kur an engem Rehabilitatiounszenter maachen. An deem Fall musse mir et, mat eise Gesetzer, och alle betraffene Leit méiglech maachen, dovun ze profitéieren. De Fall gesat, meng Duechter wéilt elo geschwënn esou eng Kur maachen, misst hatt déi jo a sengem Congé maachen – Congé, deen hatt sech awer léiwer fir weider eventuell néideg Behandlunge versuergt an uspuert.

Eng ambulant Kur zu Mondorf, speziell fir säin Aarm, ass onméiglech, well déi Maschinnen, déi zu Mondorf am Thermalbad stinn a fir d’Behandlung vun engem Lymphödem gëeegent wären, net däerfe benotzt ginn.

Loosse mir an dësem Fall hei zu Lëtzebuerg jonk Leit, déi um Ufank vun hirer Aarbechtscarrière stinn an déi bereet a frou sinn ze schaffen, wann hir Gesondheet et hinnen erlaabt, bei eventuellen zukünftege gesondheetleche Problemer duerch de soziale Raster falen? Ze bemierke bleift nach, datt de Lymphom ee Kriibs mat enger grousser Rezidivitéit ass an datt eis Suerge berechtegt sinn. Eis Gesetzer gesinn an esou spezielle Fäll, wou medezinesch keen Doute ass, keng Ausnam vir.

Dir Dammen an Häre Politiker, a sou Fäll misst dach eng Verlängerung vun deenen 52 Woche méiglech sinn. Ass et eis wierklech net méiglech, all déi Leit, déi duerch eng schwéier Krankheet ënnert dee Prozentsaz falen, dee vum Gesetz net ofgeséchert ass, op eng méi mënschlech Manéier opzefänken?

Existenziell a grouss finanziell Suergen droen net onbedéngt zu enger prompter Rekonvaleszenz bäi a brénge munch Nuecht ouni Schlof mat sech. Suergen, Bedrécken, ënner Onrou an Ongewëssheet, déi sech nach summéiere mat der Angscht virun all Kontrollënnersichung, wou all déi betraffe Leit jo musse léieren, domat ze liewen.

Eng berechtegt, allgemeng Fro ass och nach, wéi vill betraffe Leit, déi eleng do stinn, no enger Kriibsbehandlung, eventuell nach mat Rechute, d’Kraaft a genuch Energie hunn, fir sech selwer iwwert déi komplizéiert Prozeduren ze informéieren an dann och nach selwer vill Demarchen ënnerhuele mussen.

Marguerite Stronck

Isabelle Mahon
9. Oktober 2017 - 9.58

Bei all Respekt, Här Mohnen - hutt Dir wierklech Uersach Iech ze bekloën? Wiert Der am Privatsekteur wier äeren Arbechtskontrakt ganz gekënnegt.

gestressten
6. Oktober 2017 - 11.23

Bin ganz Ihrer Meinung dass bei schweren Krankheit die Leute auch nach 52 Wochen die richtig Unterstützung bekommen müssen. Aber wie Sie selbst schreiben müsste Abü bestraft werden,ich kenne bei mir auf der Arbeit 5 Leute die reklassiert sin und Herrenleben führen,und das neuste ist ja Burn Out das geht immer sogar unter 30. Wie Sie möglicher aus den oberen Texten lesen können sind hier auch schon komische Krankheitsbilder dabei. Aber vor allem müssten die Arzte bestraft werden die solche Sachen unterstutzen.

Helene
5. Oktober 2017 - 19.05

Fannen et eng Sauerei datt Leit dei eng Krankheet hunn sierf et Kriebs od eng aner Krankheet misst et Ausnahmen ginn an dei Leit dei natierlech Abüen machen missten gestrooft ginn et as einfach eng Sauerei datt dei Leit gestrooft ginn dei wiirklech krank sinn !! Wann eis Krankemimistech krank gett da sinn dei 52 Wochen hiifällech Well dei dei beim Staat schaffen et so net zielt ! Do gett et keng 52 Wochen do as et illimiteiert ! Waat soll daat dei dei sech futti schaffen gii bestrooft an dei beim Staat lachen sech eng Box voll ! As daat normal Grad deenen Leit soll gehollef gin kennen och nach esou en fall As eifach traureg An dann gin mir gezwongen wielen ze goen Freed een sech firwaat

Schuller piir
5. Oktober 2017 - 18.31

Ech sollt en "reclassement interne" kreien. Unendlech Diskussiounen mat Personalbüro fir den Betrag vun der Pei zecrechnen. Eng Nofro bei der Pensiounskées, op dat Auswirkungen op d'Heicht vun der Pensoiun huet, krut ech als Entwert: "Mat sou engem Dossier ken dir den nächsten Mount mat dem Betrag vun.....an d'Invalidenrent goen". Wan den Patron net wellt, leit éen dobaussen. Dat nennt sech dann "reclassement externe". Resultat, egal wei krank, et schleeft een sech derduerch. Soss setzt een op der Strooss.

Mohnen Jeannot
5. Oktober 2017 - 15.07

Ech haat zwar gottseidank kee Kriibs, mee ech gouf Enn 2010 d‘Urgence an d‘Clinique ageliwwert. Keim op de Longen, an de künstle he Koma gekpluegt, ... All Dag dem Dout méi no wéi dem Liewen. No 3 Méint zu Léck wakreg ginn an nach 35 kg op de Rëppen! 3 Joer intensiv Reha. No genau 1 Joer a 6 Deeg vun der Pensiounskommissioun an d‘Invaliderent gesaat ginn. No 2 Joer krut ech am drëtten !? Ulaf den accord fir erëm op menger aler Plaz schaffen ze goen, mee direkt erëm 40 Stonne Woch!! De rachat vun deenen 2 Joer déi ech an der Invaliderent war, gouf op meng Ufro hinn, als net méiglech ofgekanzelt, sell de rachatentretemps ofgeschaaf gouf!! Firwat? Well xvilläicht bis dohin keen dovu profitéiert huet! Dann huet et jo och näis ht bis dohi kasch! Elo darf ech, well ech, net duerch mäu Verschëlde krank gouf, 2 Koer méi laang schaffen, fir op meng 40 Schaffjoer ze kommen!! Ah jo! An ech schaffen als fonctionnaire beim Staat! Quo Vadis lëtzebuerger svhwéierfälleg Bürokratie!M

Sandra
5. Oktober 2017 - 12.51

Ma ech sin genau um selwechten Punkt just dass ech kee Kriibs hun. Durch eng Operatioun ass meng riets Hand steif plus hun ech eng immens Peng dran! Daat kemmert awer weder CNS nach Commission mixte, an den Aarbechtsdokter schon guer net! Deen Här ass kapabel einfach Krankendossieren ze refuseieren! Berichter an Diagnosen vun den Dokteren ze refuseieren an mech rem apte ze schreiwen fir meng aal Arbecht! An daat obwuel 0 Ännerung um Zoustand vun menger Hand ass! Elo kreien ech den Breif vun der CNS well ech um Enn sin vun den 52wochen an dann war et daat! Dann setzten ech hei ouni Suen als Elengerzeihend Mamm vun 2 Kanner! MERCI LETZEBUERGER POLITIK!

Nadine
5. Oktober 2017 - 11.06

Ech vastin dei Situatioun ganz gudd... Sin am Prozess dran...bei mir as et den 3.10.2017 zeguer op Schiedsgericht gaangen...no multiple Opratiounen an Krieps sin ech trotzdem weider schaffen gaangen mat reclassement an statut travailleur handicape...mäin zoustand hued sech vaschlechtert an hun longenemphysem den net mei heelbar as...asteckungsattaken de Bauch futti durch Nikros vun 60 cm...ect...cns hued pensioun ugefrot ...cnap hued no 2 minuten examen konnten en Urdeel fällen iwwert en Dossier vun 45 säiten ...an as 2 mol ofgelued gin...änn vum Lidd as Schietsgericht Gif gären tauschen mat engem vun hinnen dei Urdeeler fällen an se kënnen jo mol den Weih 1 Woch adroen vun de Leit de sech mussen quälen...

Foufou
5. Oktober 2017 - 8.37

J’ai eut un lymphome de Burkit, j’ai reçu près de 50 chimios en mois de 6mois!! Croyez moi ou pas j’ai moins souffert par rapport à la maladie que par rapport à la partie administrative !! Je n’ais reçu aucune information je suis passé de mauvaises surprises en mauvaises surprises !! Tombé dans une grosse dépression, j’ai failli perdre mon emploie mon appartement !! J’ai meme eut droit à des « fallait s’informer » Quand je dis que je regrette d’avoir accepté le reclassement interne on me dit « mais personne vous oblige à le garder » comme si après ce que j’ai vécu n’aurait rien changé à ma vie et que j’accepte le reclassement par feneantise!! Sans ma famille qui m’a entouré d’un amour inconditionnel et un support financier, je serais aujourd’hui peut-être sdf voir même mort! Il faut le vivre pour le comprendre!! Merci ma famille je vous aime

Etscheid Marie-Paule
4. Oktober 2017 - 22.38

Mme Stronk, Am schlemmsten Fall kri dier den Rmg. Den dokter vun der Krankekees as deselwechten wei deen vun der Pensionskees, an get schweier en avis favorable fir eng Invaliderent .Souguer wann de consel supérieur en avis favorable ginn huet. Ech sinn elo 6 Joer krank an kreien rmg. Ech wenschen iech mei Chance um Administrativen. Schlemm genug, et geet schon duer dat ee krank as. Ech hunn z5 Joer geschafft a plein temps. Ech hun nie gedued dat ee sou hei geif behandelt ginn. Mer de Kapp heich. Kuckt for nees gesond se ginn. Schei Gremiss Marie-Paule Etscheid

Ferreira Vera
4. Oktober 2017 - 21.38

J ai perdu mon emploi a cause des 52 semaines justifier . C etait de différents operations maladie à cause de la varicelles et pierres au rein fibromyalgie spondylarthride et dépression. Depuis 22.05.2012 je suis sans emploi. J étais opérée en 2015 et cette année 12.09.2017 encore une fois a l épaule droite. Je suis suivie par une psychologue pour la dépression. Le médecin du travail de l'Adem a ecrit une lettre pour dire que je suis apte à travailler. Je fais des efforts pour faire des formations entre-temps. Je trouve que c etait injuste d avoir perdu mon emploi j y ai travaillé 13ans dans cette etablissement. En ce moment je recois le RMG et j ai mon fils qui etudie a l'université. Mon dossier est depuis le 01.08.2016 au Conseil arbitral à Luxembourg, depuis je ne sais pas comment ca va suivre .

Marc
4. Oktober 2017 - 18.38

Fannen et eng Sauerei datt Leit dei eng Krankheet hunn sierf et Kriebs od eng aner Krankheet misst et Ausnahmen ginn an dei Leit dei natierlech Abüen machen missten gestrooft ginn et as einfach eng Sauerei datt dei Leit gestrooft ginn dei wiirklech krank sinn !! Wann eis Krankemimistech krank gett da sinn dei 52 Wochen hiifällech Well dei dei beim Staat schaffen et so net zielt ! Do gett et keng 52 Wochen do as et illimiteiert ! Waat soll daat dei dei sech futti schaffen gii bestrooft an dei beim Staat lachen sech eng Box voll ! As daat normal ?

Lukas
3. Oktober 2017 - 14.38

Dat ass keen Enzelfall. War an sinn elo nach an esou engem Fall. Oft ass et esou dei lenk Hand wess net wat dei riets mécht. Administratiounen intresséiert dat guer wat mat engem geschitt. Doktren sinn oft iwwerlaascht an dei Commissioun dei fir den Dossier de reclassement zustaendeg ass, huet nëmmen all 3Meint eng Setzung an op dann engem säin Dossier drun kennt ass net ëmmer sécher. Dat intresséiert dei Leit guer net