Net méi wéi e Vulleschäiss?

Net méi wéi e Vulleschäiss?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Populismus a Verharmlosung vun den Nazien zu Lëtzebuerg.

Beim Wee2050, deen zesumme mat der ADR fir d’Chamberwale kandidéiert, gëtt d’Occupatioun vun de Nazien zu Lëtzebuerg relativéiert.

Yves Cruchten*

Wa bei eisen däitschen Noperen alt nees e Politiker vun der AfD eng Ieselzegkeet vu sech gëtt (an dat geschitt jo trauregerweis a reegelméissegen Ofstänn), dann iwwerschloe sech d’Medien déi Deeg drop mat schockéierte Meldungen. Politiker vun anere Parteie reagéiere verständlecherweis a veruerteelen dat direkt a mat Konsequenz. Déi sozial Medie ginn dann dominéiert vun dëse Meldungen, well hei ka schliisslech jidderee matschwätzen.
D’Protagoniste ginn duerno invitéiert op d’Plateauë vu Maischberger a Co. an duerfen do der „Madame“ zielen, dass dat alles guer net sou gemengt war an eigentlech total aus dem Kontext gerappt ass. A sou kréien d’Populiste genee dat, wat se gären hätten a wat se sou dréngend brauchen: Opmierksamkeet. Well et ass jo bekanntlech méi einfach, driwwer ze poteren, ob d’Nazizäit just e Vulleschäiss an der grousser däitscher Geschicht war, ewéi de Bierger z’erklären, wat de Bréisseler „Sixpack“ ass oder wat fir Léisungen ee ka proposéieren, fir déi europäesch Flüchtlingspolitik ze reforméieren.

Déi dote Sujeten, déi méi komplizéiert, déi iwwerléisst een deenen anere Parteien. Kënnen déi sech dach dorëms këmmeren. D’Populiste vu riets beherrschen dat Spill ganz gutt, net nëmmen an Däitschland. Op an Éisträich, an Ungarn, a Polen oder soss enzwousch, d’Manéier ass ëmmer déi selwecht. A kuckt een d’Resultater vun de Walen an Europa, da schuddert ee sech, well: Déi Rechnung, déi schéngt opzegoen. Wéi hu mer et dann zu Lëtzebuerg?

Lo kënne mir frou sinn, dass mer am Lëtzebuerger Parteiespektrum keng oppe friemefeindlech a nationalistesch Parteien hunn. An nawell schéngt et, ewéi wann d’Versuchung bei deem engen oder aneren nawell grouss ass, de Bauze vun der AfD et nozemaachen. Eise Vulleschäiss, dee kënnt vum Wee2050, dee kandidéiert zesumme mat der ADR fir d’Chamberwahlen. Do gëtt d’Occupatioun vun de Nazien zu Lëtzebuerg relativéiert a gemengt, d’Nazien hätten „d’Lëtzebuerger wéinstens net erhéngere gelooss“ (am Géigesaz zu de béise Fransousen, déi 1684 d’Festung Lëtzebuerg belagert haten). A well dat net genuch war, gëtt och nach gemengt, d’Nazioccupatioun wier „e Pippifax gewiescht, par rapport zum 30-järege Krich“. Dir mengt, et kéim net besser?

Ma bëssi méi spéit schreift dee selwechten: „Net all Land huet déi Éier kritt, als däitsche Gau am éiwegen däitsche Räich derbäi ze sinn als Volksdeutsche“. E „Gesiicht, dat en An zoupëtzt“, um Enn vum Saz soll suggeréieren, et wier net sou eescht gemengt. Sorry, dat keeft iech keen of! Dass elo och nach grad déi selbsternannte Verdeedeger vun der Lëtzebuerger Natioun, Identitéit, Sprooch a Souveränitéit déi sinn, déi d’Nazioccupatioun verharmlosen, ass net méi komesch, mee zynesch. Wat fir e Gesiicht wuel déi géife maachen, déi deemools am Gau Moselland ënnert de Nazie gelidden hunn, wa se sou eppes liese géifen?

A well kee Mënsch mat klorem Verstand esou eng Topegkeet wierklech eescht hëlt, muss een dovunner ausgoen, dass et bewosst geschriwwe gouf, fir ze provozéieren, fir vu sech schwätzen ze dinn. D’Fro, déi een sech dann awer stellt, ass déi eleiten: Soll een dorop reagéieren? Oder ass dat grad de Feeler am Ëmgang mat de Populisten? Tricky … Ech war der Meenung, et sollt een d’Fauscht an der Täsch maachen a sech net op dat Spill aloossen.
Mee de Kolli ass mer awer definitiv geplatzt, wéi viru kuerzem dee selwechten dem Jean Asselborn d’Matschold um Doud vun deene gouf, déi den Ablack am Mëttelmier erdrénken (well hien ze vill eng liberal Politik géif maachen). Dobäi huet eisen Ausseminister eppes, wat deem bronge Geschichstrevisionist vun der ADR-Lëscht komplett ze feele schéngt: Mënschlechkeet!

D’ADR huet e Problem, en décke Problem, et geet net, fir dat einfach auszesëtzen. D’ADR ass elo gefuerdert, ze reagéieren. Si hunn den Här Thein wéinst sengem „Gelikes“ a sengen ze rietsen Astellungen aus der Partei geschmass, haut loosse se Plakater drécken a pechen hir Portraiten nieft dee vun engem, deen de Naziregimm probéiert ze verharmlosen. Wou ass do d’Konsequenz? A well esou Leit bei der ADR mat op de Wallëschte stinn, ass dat Ganzt eben net nëmmen e Vulleschäiss, mee eppes, wat déif blécke léisst.
E Vulleschäiss u sech ass am Fong näischt Wéischtes, et fiert ee mat engem naasse Läppchen driwwer a fort ass en. Heiansdo wënschen ech mer och esou e Läppchen an de soziale Medien, mat deem ech einfach esou Källwereie kéint ewechwëschen. Mark Zuckerberg, wann s de dat heite lies, da looss der mol eng afalen, bis dohin tréischten ech mech mat eenzele „Pärelen“, déi ee glécklecherweis och nach op Facebook fënnt …

* Den Yves Cruchten ass Deputéierten a Generalsekretär vun der LSAP

 

 

Jos Schroeder
2. Juli 2018 - 18.22

Bravo Yves

roger wohlfart
2. Juli 2018 - 14.24

Ët wier immens wichteg, fir an eise Schoulen déi rezent Geschicht vu Lëtzebuerg , den 2 Weltkrich, d'Nazioccupatioun, d'Juddeverfolgung, dat trauregt Kapitel vun de KZer, d'Zwangsrekrutéierung vun eiser Freiwëllege Kompanie an de Lëtzebuerger Jongen asw. méi am Fong ze behandelen. Da géif kee méi op d'Iddi kommen, déi 5 Joer Naziherrschaft zu Lëtzebuerg, mat all deem Leed dat si iwwert eist Land bruecht huet, mat engem Vulleschäiss gläichzesetzen. An deen, deen e sou eppes behaapt, misst bestroft ginn, well dat ass en Neonazi!

Jacques Zeyen
2. Juli 2018 - 11.20

Bravo Här Cruchten, mat iech mol keng Suergen. D'Fauscht an der Täsch geet net méi duer.Wann eppes Ongerechtes geschitt huet all Bierger d'Pflicht opzestoen an ze protestéieren.(Jefferson).AfD oder ADR oder all aner "Partei"déi sech mat Populismus,an wéi an dësem Fall,mat der Verniedlechung vun engem Massaker,well an d'Regierung schläichen,gehéiert net ignoréiert ma verbueden.

roger wohlfart
2. Juli 2018 - 10.13

Wat soll dat "e bëssi "? Deen Ausdrock gëtt ët iwwerhaapt mët an eiser Sprooch. Richteg ass ët e bësschen oder e bëssen.

Grober J-P.
2. Juli 2018 - 10.10

Ech fannen, dat esou „Mënschen“ einfach krank sin, huet eppes mat Komplexer ze din. Leider erkranken der ëmmer méi dorun. Dat läit eben am „mënschlechen“ Zyklus. Eng Visit op Ausschwitz oder Buchewald hëlleft do och nët méi. Wéi soot mäin Monni ewéi hien vun Tambow erëm koum, ët gin 2 Zorten vun Mënschen, eemol déi richteg an eemol déi esou ausgesin!