Eng Zopp fir d’Frankfurter Buchmesse

Eng Zopp fir d’Frankfurter Buchmesse

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Jhemp Hoscheit iwwer e Projet, Fir Lëtzebuerg oP dem bekannten Evenement ze vertrieden

De 6. Mäerz 2018 huet de Kulturministère Auteuren, Editeuren an aner Acteuren aus dem Buchsecteur zesummegeruff, fir zesummen e Projet auszeschaffen, fir Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse am Oktober 2018 ze vertrieden.

Et geet drëms, ë.a. en thematesche Schwéierpunkt ze presentéieren, deen de Buchsecteur mat den audiovisuelle Medien an dem Kino verbanne soll … A sou?, duecht ech mer. Op enger Buchmesse geet et dach mol haaptsächlech ëm d’Buch. A lo sollen de Filmfong an de CNA asprangen. De Filmfong, dee scho sou vill finanziell Ënnerstëtzung kritt, muss der aarmer Literatur zu Lëtzebuerg ënnert d’Äerm gräifen … fir d’Buch ze retten?

Ech hunn eng Iddi! Ech muss mech tommelen. Bis de 15. Abrëll (!) mussen d’Projeten agereecht ginn. E Konsultativkrees aus Experte gouf zesummegestallt, fir d’Projeten auszewielen. Ëmmer nees déi Experten! Ëmmer nees déi Juryen!

Firwat souz iwwregens kee Vertrieder vun der Federatioun vun den Editeuren op der Pressekonferenz mat um Dësch? Keen aus dem Buchsecteur! Geet et awer net ëm d’Buch? Lo hëlt de Staat also d’Heft an d’Hand! An do hunn ech de Guy Arendt gesinn – dee gréissten Expert zu Lëtzebuerg a Saache Kultur, mat senge staatlechen Experten, an de Claude D. Conter sëtzt och do – wéi en Aly Bee (O, ëmmer dat Verenglesche vun der Sprooch!) –, deen ausgesäit, wéi wann et e kal erwëscht hätt.

An zousätzlech zum Schwéierpunktthema gi jo och nach 30-40 Bicher vun engem Jury erausgesicht, déi d’Éier kréien, zu Frankfurt ausgestallt ze ginn. Nees e Jury mat lauter Experten. An da wielt dee Jury och nach op mannst zéng Bicher eraus, fir déi auslännesch Editeuren z’encouragéieren, lëtzebuergesch Bicher z’iwwersetzen. Dofir bräicht en Editeur awer mol fir d’éischt finanziell Ënnerstëtzung. E Roman zum Beispill muss am Virfeld schonn iwwersat sinn, datt den auslänneschen Editeur mol iwwerhaapt weess, ëm wat et geet. Wéi ass et da mat deem Budget? Iwwersetzunge kaschten … Schaaft e Book Fund fir Iwwersetzungen! (De Filmfong ënnerstëtzt dëst Joer 19 Filmprojete mat 14.263.000 Euro)
Wärend 20 Joer huet de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband beim MC Aides à la traduction gefuerdert! Näischt ass geschitt.

Natioun Branding! … Schonn nees! Ech si kee Frënd vu Branding a Co. … Ech wëll net onbedéngt de Fuendel héichhalen. Dat kënnen aner Leit besser. Dem Schrëftsteller geet et ëm Literatur. Et heescht, beim gemeinsame Projet hunn och Branchevertrieder aus dem Handel an der Fuerschung d’Méiglechkeet, hir Virschléi anzereechen. Dem Handel!? D’Literatur – e grousse Commerce! Ech si kee Fuerscher, keen Händler. Ech si Schrëftsteller. Ech behandelen d’Wierder, erfuerschen d’Sprooch.

D’Economie, de Commerce an de Film Fund, déi hunn dach hir eege Foiren, Foren a Festivalen, op deene si sech presentéiere kënnen, mat méi finanzieller Ënnerstëtzung wéi fir Frankfurt. Do kann d’Buch net mathalen!

Hunn ech iwwerhaapt eng Chance mat mengem Projet? Ech wollt nämlech aus engem vu menge Romaner en Ausschnëtt erauswielen, wou alles zesummekéim – Film, Handel, Gastronomie, Literatur – domadder kéint ech de Jury an d’Experte schéi beandrocken.
Also an deem Ausschnëtt kacht eng Mamm eng Zopp an da kéint een um Stand zu Frankfurt op e puer Quadratmeter déi Zopp nokachen. D’Thema Kachen ass ëmmer gutt ugesinn a Kachbicher verkafe sech gutt. Ech kéint d’Léa Linster froen oder d’Anne Faber, déi si jo bekannt am Ausland. An da géif ech d’Vicky Krieps froen, hatt soll d’Mamm spillen zu Frankfurt an „Een, zwee, dräi“ op Lëtzebuergesch zielen, an d’Désirée Nosbusch kéint mat Deal-Productions – dat wär e fairen Deal, net wéi dee vun de Banker a Bad Banks – dat Evenement produzéieren, an de Ranga Yogeshwar kéint iwwer d’Wichtegkeet vu gesonde Geméiszoppe schwätzen, an de Jean Pütz kéint e wëssenschaftlecht Ronndëschgespréich mat ronnen Zoppentelleren drop féieren, wéi Kanner traumatiséiert ginn, wa se Zoppen iesse mussen, déi se net gär hunn, an de Stéphane Bern kéint en Ausschnëtt aus mengem Buch iwwersetzen, an de Ranga, d’Désirée an de Jean kéinten hir Verdienstorden niewent den Telleren ausstellen. An de CNL zu Miersch kann eng literaturwëssenschaftlech Etude iwwert déi besonnesch Bedeitung vu literareschen Zoppe-Variatiounen an der Weltliteratur publizéieren. De Pol Cruchten oder de Christophe Wagner kéint e Film dréinen iwwert d’Zoubereedung vun enger ‚literarescher‘ Zopp (Bio!) fir op de Weltzoppemaart. (Zoll op Zoppe ginn ofgeschaaft.)

Eng Success story … wéi se am Buch steet … A! Ech kéint nach d’CFL froen, fir mer d’Zuchrees ze spendéieren. Mat engem Buch am Zuch op Frankfurt! … Natioun Branding … An de Serge Tonnar kéint do d’Lidd „Mir wëllen iech ons Heemecht (an ons Zoppe) weisen“ sangen.

Ech kéint och lo nach séier mam Zeenario ufänken. Den Delai fir „das szenische Schreiben“ ass ze kuerz. Ech maache mat. Mäin Zoppeprojet huet grouss Chancen! Et ass eng flott Synergie tëscht Literatur, Belletristik, Kino, Tourismus, Editioun, Commerce, Gastronomie, Fuerschung, Bibliothéikswiesen, Welthandel, Recherche, Weltwirtschaft, RTL, CNA a CNL, CNhei a CNdo, Film- an Zoppefong. Vive d’Globaliséierung!

Huet et e Wäert, fir déi Leit all ze kontaktéieren? Wann net, da schreiwen ech weider u mengem neie Roman. An ech hunn nees dat schéint Gefill, net un e Ministère ugewisen ze sinn, fir ze schreiwen. Da gëtt et leider keng Bicherzopp zu Frankfurt, da kachen ech meng Zëppche fir mech eleng.