Do., 18. April 2024




  1. Muller Guy /

    Dreiliter Motor, 6 Zylinder. 380 PS !
    Wien brauch sou eppes an enger Zeit wou sech weltweit Gedanken em den Klimaschutz gemach get. An enger Zeit wou Japaner, Koreaner an Chinesen decken Gas gin fir Elektro an Hybrid Autoen nach méi attraktiv an preis gensteg ze machen an wou d’Europäer mat Retard hannendrun dackelen. An léiwer hier Zeit an Energie verschwenden mat sou 380 PS 6 Zylinder Keschten. An enger Zeit wou d’Asiaten schon Autoen mat Wasserstoff (H2) Motor verkafen. (Honda, Toyota, Hyundai an Kia) Zum Bsp. een Hyundai ix35 Fuel Cell kennt een kafen ab 52 659 € . Fir en dann voll ze tanken misst een Lëtzebuerger den Moment bis op Aachen fueren. (Eng deck Datz, Här Bausch) Eng Zeit wou déi Europäesch Autokonzern Lobbyisten-Politiker et mol net fir néideg fannen een Wasserstoff-Tankstellen Netz opzebauen (Aktuel 68 an Deitschland, Lëtzebuerg 0) Also, an deser Radar-Zeit brauch een wirklech keen sou een VW-Audi Monster. An wien garantéiert dann dass desen 380 PS Motor wirklech d’Euro 6 Norm erfellt? Déi dreist chronisch Liegener vun VW/Audi! An dat soll ech dann och nach gleewen.

    • Lupo /

      Dir verstitt dat net, an Däitschland muss een matt 200km/h iwwer voll Autobunne renne mat 2000rpm. Bei deem Zuchreseau brauch een sou Vertreterkarren… Eppes anescht mecht een net dermat, fiir op e Circuit vill ze schwéier an onkontrolléierbar.

      Fiirwat hei kee Wasserstoff-Reseau as, leit ganz einfach um Character vum Fränz an der bloer Regierung. Si wessen emmer déi optimal Léisung fiir alles, an déi as meeschtens Alternativlos. De Fränz versteet just Stroum aus der Stéckdous an Tram, alles anescht as ze komplizéiert. Et as jo schließlech keen Ingenieur. Tjo as ebe blöd wann sou ee gewielt gett. Eise Verkeiermurcks hu mer net wéinst de fehlender Technik, mee politeschem a gesellschaftlechem Wellen.

      • Nomi /

        Waat de Fraenz och net versteet ass datt een E-Auto, bei der Hierstellung genau so’u vill CO2 ohni 1 km ze fuhren produzei’ert wei‘ een Besinn oder Diesel fir seng Produktio’un an nach 150 000km Betrieb.

        Dat Bescht fir d’Emwelt ass sein aktuellen Auto ze fuhren biss deen muss verschrott ginn !

  2. e-biker /

    Jawohl : ein hässliches Audimonster für Leute die ausser viel Geld wenig Verstand haben…

  3. Cornichon /

    Ech sinn och nach emmer fir Waasserstoff. Ech weess dass et fir d’Tankstellen méi deier gett (Secherheet vun den Tanks), mee et ass einfach flott fir an e puer Minutten opzefellen. Ech froen mech beim elektresch och, wéi dat soll ausgesinn, wann 500 Auto’en op der Aire de Berchem während 1 Stonn Elektro „tanken“.

  4. Nomi /

    Waehrend de 50 Johr wo’u ech de Fueherschein hun haat ech zu 90% Auto’en vun VW an Audi.
    Seit dem Bedruch hun ech d’Marque gewiesselt !

  5. Muller Guy /

    @ Nomi, Eng wirklich intelligent Entscheedung vun eerer Seit. Zwar bessen spéit awer besser wéi net. Ech hat fir in 40 Joer och een VW. Vun der Firma opgezwongen krit! Den Éischten an den Leschten. Nie méi!! Vun do un fueren ech gut .

  6. Cornichon /

    An ech hunn mäin Auto schonn säit 10 Joer an sinn domat nach emmer sou onzefridden wéi den éischten Dag.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos