Mat „Buck tu gou“ lancéiert Kremart Editions no „Timba“ dëst Joer schonn déi zweet nei Serie fir kuerz Texter a lëtzebuergescher Sprooch. Nieft dem gezwonge witzegen, onbeschwéierten Ëmgang mat der Orthografie am Numm vun der Serie deelt „Buck tu gou“ mat „Timba“ eng leider ënnerduerchschnëttlech Qualitéit vun de Verëffentlechungen.

Mat „Timba“ sollt d’Konzept vun der „Smart“-Serie (kuerz Texter a lëtzebuergescher Sprooch vu méi oder manner bekannte lokalen Auteuren) an engem liicht anere Format weidergefouert ginn. Ausser dem Ënnerscheed an der Gréisst an Héicht vun de Bicher war hei alles beim Ale bliwwen – an ofgesi vum Jérôme Netgen sengem (ze) kuerze Bäitrag war beim éischte Cru net vill Memorabeles dobäi.

Bei „Buck tu gou“ freet ee sech net just, wisou d’englesch Sprooch hei genee esou verschampeléiert huet misse gi wéi dem Nazi aus dem Josy Braun senger posthumer Geschicht säi Gesiicht, mä virun allem, wat Sënn an Zweck vun enger Serie ass, déi bal houfreg wierkt, dem Lieser net méi ewéi dräi (dee kierzten Text) oder siwen (dee längsten) Minutten ze huelen.

D’Iddi vun der Serie ass – dofir och dee wierklech ellene Cover-Artwork, deen u schlecht designte Kaffispäck erënnert –, dass sech dës Bicher perfekt dozou eegnen, fir iwwert enger Taass Kaffi (fir d’Erwuessene-Serie „Hot Coffee“) oder Schocki (d’Kanner-Serie „Hot Chocolate“) gelies ze ginn. Mä wisou muss eng Taass Kaffi a siwe Minutten erofgeschott ginn?

D’Virstellung, dass zu engem gudde Buch eng gutt Taass Kaffi an eng gemittlech Decken, eng gutt Stuff an ee gemittleche Kanapee gehéieren, huet manner ze di mat deem, wat richteg Literatur kann, wëll a soll bewierken, ewéi mat engem immens klischeehafte Versteesdemech vun enger optimaler Liessituatioun. Well Bicher kann een eigentlech iwwerall liesen – a Literatur soll net just fir Leit sinn, déi genuch Zäit, Suen a Plaz hunn, fir besoten optimal Liessituatioun ze schafen.

Duuschtstreck bei maximal 7 Minutte Liesdauer

A weider: Wat seet et iwwert d’Texter aus, dass um Cover schonn d’Liesdauer muss affichéiert ginn, wéi dat bei journalisteschen Texter eventuell nach ka Sënn maachen? Muss d’Literatur d’Schnellliewegkeet vun enger Zäit iwwerhuelen, an där den Textkonsument effektiv bei all Zeil, déi e liest, am Virfeld d’Dauer an deemno d’Effizienz wëll gewuer ginn? Manner problematesch ass déi kuerz Liesdauer u sech. Den Hemingway soll, laut enger Iwwerliwwerung, eng Kuerzgeschicht geschriwwen hunn, déi aus sechs Wierder besteet: „Baby shoes for sale. Never worn.“ Wat dat eis seet? Dass et eigentlech keng maximal Längt fir iwwerzeegend Literatur gëtt. De Problem bei den dräi verëffentlechten Texter ass, dass hei op kuerzem Raum relativ wéineg gebuede gëtt. Wa bei engem Roman vun e puer 100 Säiten eng Duuschtstreck opdaucht, kann een driwwer ewechgoen. Wann awer déi puer Säiten Text eng eenzeg Duuschtstreck sinn, ass dat relativ frustréierend.

Am Luc Marteleng senger Kuerzgeschicht „Féiwer“ (den eenzegen Text aus der „Hot Chocolate“-Sammlung) ass eng Famill nuets mam Auto ënnerwee an de jonken Tunn, deen hannen an der Mall sëtzt, erbléckt op eemol en Tëntefësch, dee sech op e sëtzt. Den Titel verréit u sech scho ganz fréi d’Pointe – an d’Opléisung kéint héchstens zu enger vläicht verfréiter Educatioun a Saachen Alkohol féieren.

Méi Coelho wéi Beckett

„An engem Zuch“ vum Christiane Kremer gräift d’Thema vun der Zuchrees als metaphysesch Liewensverännerung op – een Thema, dat an dem Nathalie Ronvaux sengem „Subridere“ schonn opgedaucht war. Hei dréint d’weiblech Erzielerin eng Ronn am Krees a liwwert e puer philosophesch Iwwerleeungen iwwert d’Zäit an d’Sich nom Sënn („Du muss waarden. Waarden op dee richtege Moment.“), déi leider méi no Paulo Coelho wéi no Samuel Beckett kléngen.

„Zwéi Meter virun der, Martin!“, eng posthum Verëffentlechung vum Josy Braun, ass déi interessantste Kuerzgeschicht: Wärend enger Pressessioun ronderëm den hellege Rack zu Tréier am Joer 1958 gëtt ee Kapitel vun der nationalsozialistescher Vergaangenheet zu Lëtzebuerg duerch d’Opkräize vun engem alen Nazi nees an d’Liewe geruff. An dëser Geschicht klappt dat kuerzt Format vläicht dowéinst am beschten, well hei villes just ugedeit an net erzielt gëtt. An nawell bleift och hei d’Figurenzeechnung dënn an d’Story selwer huet een an där Form schonn dacks gelies. Heiansdo ass manner eben och einfach manner.

„Féiwer“ vum Luc Marteleng (3 Minutten), „An engem Zuch“ vum Christiane Kremer (7 Minutten) an „Zwéi Meter virun der, Martin!“ vum Josy Braun (6 Minutten).

Kommentieren Sie den Artikel


Please enter your comment!
Please enter your name here