/ Nach net ganz verluere Paradiser
Fënnef al Männer kommen op d’Bühn. Si hu keng laang Hoer méi (ausser de Batteur, dee Spunt), hir Beweegunge si lues, et gëtt net méi gemosht, héchstens nach mam Kapp genickt, an hir Tätowéierunge rutschen hinne lues a lues vun der Haut. Et geet hei ëm eng vun de Pionéierbands vum Doom Metal, an zwar Paradise Lost, déi e Mëttwoch den Owend an dem grousse Sall vun der Kulturfabrik zu Esch hiren neien a foffzéngten (ah oui, quand même) Album, mam Titel Medusa, virgestallt hunn.
De Sall, deen dee Moment nach relativ gefëllt ass – an och um Publikum gesäit een, datt et déi Band scho säit bal 30 Joer gëtt – bläert eng Kéier kuerz op. D’Band aus Halifax (England), ronderëm den net oncharismateschen Nick Holmes (an der Kategorie vum Aaron Stainthorpe vu My Dying Bride oder dem Fernando Ribeiro vu Moospell, vläicht ebësse méi quadratesch, op allefall tauchen déi dräi Gruppen ongeféier am selwechte Moment op, an den 90er), deen och Sänger bei der Schwedescher Death Metal Band Bloodbath ass, huet dunn och direkt mat enger Mëschung vun ale Lidder, zum Beispill „One Second“, vum emponymen Album vun 1997, oder „Shadowkings“ (e Lidd iwwert Paranoia, wéi den Nick Holmes erkläert) vun Draconian Times (1995), mee awer och de méi rezenten, wéi „Faith Divides Us – Death Unites Us“ (och vum eponymen Album, vun 2009) an ee Gléck och op mannst zwee vun dem virläschten Album, The Plague Within, an zwar „No Hope Insight“ an „Beneath The Broken Earth“, wat deen Owend definitiv lauschterbar gemaach huet.
„Cheers guys“
Dem Nick Holmes säi briteschen Humor huet d’Saach natierlech nëmme méi interessant gemaach: tëscht de Lidder gouf et de reegelméissegen „Cheers guys“, an der Band hir Lidder huet hien och als „positive songs“ bezeechent. Et goufe puer Startschwieregkeete beim Sound, déi sech schnell redresséiert hunn – am allgemenge kann een sech meeschtens op de Sound an der Kufa verloossen, och déi zweet Virband, Pallbearer, trotz engem echolastegen an quiiksende Gesang, deen engem schnell op d’Nerve gaangen ass, konnte mat gutt exekutéierten instrumentale Plagen relativ iwwerzeegen.
Erstaunlech ass et och ze bemierken, wéi sech d’Musik vu Paradise Lost an de Jore geännert huet. Bei de läschten Alben – och Medusa, vun deem d’Band puer Lidder virgestallt hunn, wéi „Gods of Ancient“ an „The Longest Winter“ (all Mënsch huet sech grad mat deem blöde Wanter, säit Game of Thrones) –, huet een d’Gefill d’Bänd géif eng Kéier rof an de Keller goen, alles ass méi laang gezunn, Guitaren a Gesang (d’Gegrunz) resonéieren a vibréieren a méi trageschen an traureschen Téin, während vill vun den ale Lidder, mat cleanem Gesang, nach eppes méi schnelles, méi rockeges haten. Ebësse schued war et, datt déi puer Keyboard Deeler vum Tounband koumen, dat verfälscht sou e Concert ëmmer ebëssen, a sou komplizéiert kann et jo och net sinn éierens eng Keyboardkaz fir eng Tournée ze buchen, dat da mat sengen décke Patten op déi dräi Tasten hummert, déi et fir déi Lidder brauch.
Trotzdeem, alen Doom Metal ass immens. Mir hätte gär nach sou Concerten.
Ian De Toffoli
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos