„De Mann, deen ëmmer laacht“ ass dem Joseph Kayser säin drëtt Buch an nëmmen zwee Joer. Op mat e bëssche méi Gedold ee bessert Wierk entstane wier, dorunner kann een nom Liese vun dëser pechschwaarzer, binär strukturéierter Erzielung duerchaus zweiwelen.

Oft passéiert et genee esou. En Auteur daucht aus dem Anonymat vu senger Schreifkummer op, huet eventuell Joren an der Stëllt vu sengem Büro gewierkelt, d’Wierder geschlaff a bréngt da säin éischt Buch eraus. Griséiert vun engem éischte Succès ass en drop aus, déi verlueren Zäit wettzemaachen a bombardéiert de Bichermaart all puer Méint mat engem neie Wierk. Dat ass iergendwéi verständlech an awer dach geféierlech, well d’Schreiwen – wéi all Form vu Konscht – eng gewësse Gedold erfuerdert.

D’Syndrom vun der Maart-Iwwersättegung – och nach den Amélie-Nothomb-Phänomen genannt – ka pathologesch Zich unhuelen, seet awer och eppes iwwert ee wéineg lukrative Marché aus, wou en Auteur bal vill verëffentleche muss, fir dann (nawell kaum) eppes mat sengem Schreiwen ze verdéngen.

Apropos Pathologie: Domat si mer och schonn am Häerz vum Joseph Kayser senger neier Erzielung. „De Mann, deen ëmmer laacht“ erzielt d’Geschicht vum Clement S., engem frustréierte Staatsbeamten (bal schonn eng Tautologie), deem seng eenzeg Freed draus besteet, senge Matmënsche Schlechtes ze wëllen, woubäi seng Bezéiungen zu anere Fonctionnairen him haaptsächlech dozou déngen, seng Pläng ëmzesetzen. Een Telefonat, a scho weess de Clement S., wat hie wësse muss, fir d’Leit ze schikanéieren. Engem Kolleg, deem seng Fra schwéier krank ass, suggeréiert en de Fräidoud, enger Mataarbechterin, där hir Binett him net geet, dréit e mat der Versetzung an d’Archiven.

Och soss ass de Clement S. ee gelungene Gesell. Hie gleeft just un déi Zort Léift, déi een sech iwwert der Grenz kafe goe kann. Mat senger Famill huet hie quasi kee Kontakt méi, op sengem Papp säi Begriefnis huet en net wëlles, opzedauchen, a seng Saufkollege wëllen och näischt méi mat him ze dinn hunn, zanter hien den Uz mat hinne gedriwwen huet.

Sënnlos Vendetta

D’Iddi, ee Personnage ze zeechnen, dee säin eegent Liewen no an no opléist, all Kontakter ofbrécht, sech aus allem zréckzitt, ass duerchaus intressant. Ganz am Géigendeel awer vu quasi metaphysesche Sadisten – ech denken hei un dem Billy Bob Thornton säi Lorne Malvo aus der Serie „Fargo“ – bleift dem Clement S. seng Vendetta géint d’Welt souwuel ouni Motivatioun wéi och wéineg inspiréiert. Déi Aart, wéi en sech bürokratesch un de Leit rächt – eng Fra, déi em an der Garage keen Ersatzauto ka ginn, spionéiert en als éischt iwwer Facebook, da virun hirer Wunneng no, fënnt hire wonne Punkt (d’Léift fir ee Kampfhond) an arrangéiert sech, fir hir den Hond ewechhuelen ze loossen –, ass feig an erzieleresch onplausibel. Et baut sech esou weder Faszinatioun nach Angscht virum Clement S. op.

D’hyperbolesch Figurenzeechnung bewierkt esouguer, dass een dem Joseph Kayser déi Figur net esou richteg ofkeeft. No engem éischte Kapitel, dat eng Woch u Grausamkeeten aus dem Büros-Alldag zielt, kënnt ee liicht verwurrelten Erklärungsusaz a Form vun engem biografesche Flashback: De Clement ass esou, well hie sech fir Zuelen – haaptsächlech fir Primzuelen – intresséiert. Der geuerdenter Welt vun der Mathe steet de Chaos an d’Onberechenbarkeet vun de Mënsche géigeniwwer. An dat verquësst hien net. De Mathematiker gëtt quasi wéi een asoziale Gesell aus Necessitéit duergestallt, ähnlech wéi ee Käferfuerscher, dee säin einsamen Alldag am Labo verbréngt a machiavellistesch Konspiratiounen a säi Baart grommelt.

Vläicht läit de Problem och zum Deel an der gewielter Erziel-Perspektiv: Well de Clement S. esou eng Brute ass, entscheet sech de Joseph Kayser fir den allwëssenden Erzieler. Esou kann hien eng aussestoend Perspektiv adoptéieren a sech vun senger Figur distanzéieren. Déi Erzieltechnik intresséiert sech allerdéngs net wierklech fir d’Schicksal vun all deene Figuren, deenen de Clement Schlechtes wëll, obschonns den allwëssenden Erzieler per se tëschent de Perspektive wiesselen a jongléiere kann.

Den Zouschoss un Empathie, deen de Fokus-Wiessel erlaabt hätt, wier batter néideg gewiescht. Am zweeten Deel vum Buch dréit sech zwar d’Blat, dat, wat dem Clement S. dann awer widderfiert, ass genee esou iwwerdriwwe an elle wéi der Figur hir Doten am éischten Deel.

Eigentlech kann een dësen zweeten Deel vum Wierk mat engem Spréchwuert ewéi „Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit“ resüméieren: De schlechte Karma féiert dozou, dass de Clement an ee schrot Autosaccident verwéckelt gëtt, duerno nach vun e puer grausame Rumänen – wisou mussen et grad Rumäne sinn? – beklaut a vrecktgeschloe gëtt. Duerno stierft d’Mamm, seng Mataarbechter gewannen am Lotto – natierlech mat sengen Zuelen. Op all dat reagéiert de Clement just mat sengem éiwege Laachen.

Sproochlech feelt et dem Wierk un Empathie, un Eleganz an un ironescher Distanz, de Lieser kritt bal alles virgeknat, néirens bleift Plaz tëschent den Zeilen. Ee Wuertspill gëtt esouguer mat engem „(!)“ begleet, fir dass och jiddwereen et matkritt. Den Iwwerschoss vu Gewalt a Grausamkeet léisst een un déi Zort Horrorfilmer erënneren, déi duerch extreemt Bluttvergéisse wëllen opfalen, déi awer just op Schockeffekter setzen, fir semantesch an ästhetesch Eidelheet ze verstoppen. Leider ass et beim „Mann, deen ëmmer laacht“ net vill anescht, och wann an der progressiver Entstellung vun der Figur eng poetologesch intressant Iddi louch. An néng Méint liese mer da wuel dat nächst Buch vum Joseph Kayser.

Kommentieren Sie den Artikel


Please enter your comment!
Please enter your name here