„Zeeechen“ vum Samuel Hamen a Marc Angel„Zäit mat Zeilen doutschloen“

„Zeeechen“ vum Samuel Hamen a Marc Angel / „Zäit mat Zeilen doutschloen“
Den Auteur Samuel Hamen

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Dräi Erzielungen iwwert d’Kandheet, déi éischt Frëndschaft an déi éischt Léift, ergänzt a remodeléiert duerch grafesch Geschichte vum Marc Angel, zeechnen eng fragmentéiert Liewensgeschicht, an där et och a virun allem ëm d’Méiglechkeetsbedingunge vum Erzielen am haitegen Zäitalter geet.

„Et war net ëmmer einfach, als Bouf vun enger Staatsbeamtin an engem Staatsbeamte grouss ze ginn.“ Mat dësem Saz fänkt dem Samuel Hamuel säin Zweetwierk „Zeeechen“ un, dat aus dräi Kuerzgeschichte besteet, déi ee virdrun och schonn an de Cahiers luxembourgeois konnt entdecken. An hirer Kompilatioun bei den Editions Guy Binsfeld geroden déi dräi Geschichten „Bal“, „Elo“ an „Djö“ an een Zesummespill mat dem Marc Angel senge grafesche Geschichten, déi eenzel Elementer aus dem Samuel Hamen sengen Erzielungen opgräifen, ergänzen a weiderspannen.

Par Rapport zu den Erzielunge funktionéieren se quasi ewéi ee Remix – se wierken e bëssen, ewéi wann de Marc Angel seng Fieder an en „Dëppche voller Welt a Wënsch“ gezappt hätt, éiert en seng schéin Tuschzeechnungen op d’Blat bruecht hätt, fir op der Forschett vun den erzieleresche Méiglechkeeten eng aner Spëtzt z’erfuerschen.

Am Zentrum vu jiddwer Erzielung vun „Zeeechen“ stinn e puer Schlësselsituatiounen, ronderëm déi den Erzieler seng Erënnerunge spënnt. Bei „Bal“ sinn et d’Entdeckung vun der männlecher Loscht um Dag vun den Attentater vum 11. September an e puer Äschebecheren, déi engem Männi d’„Hierschuel“ splécken; bei „Elo“ ee Klassekomerod, dee sech op eng Landkaart iwwergëtt an e „Schluet aus Beien“, deen d’Enn vun enger touchanter Flucht a kannereg Fiktiounswelte bedeit; bei „Djö“ de Georges Christen, dee keng Telefonsbicher, mä lëtzebuergesch Bicher, déi souwisou kee liest, zerrappt, därbaants engem Sprangschlass parallel zu de leschten Otemzich vum Buch d’Loft ausgeet.

Vu Forschetten a Kräizungen

„Zeeechen“ dréint, wann een et da fir de Besoin vun enger Literaturkritik esou vereinfache wëll, ëm d’Groussgi vum Erzieler an de spéiden 90er, ëm d’Bezéiung zu den Elteren, déi een am Laf vun de Joren ëmmer méi als dat, wat se wierklech sinn – Mënschen, déi vu villem iwwerfuerdert sinn –, wouerhëlt, ëm éischt Frëndschaften, Léift an d’Entdeckung vu sozialen Hierarchien. Déi dräi Texter weisen, wéi ee jonke Mënsch lues a lues aus der solipsistescher Bull ausbrécht, déi eng Famill, egal wéi (dys)funktionell se och ass, ëmmer duerstellt.

D’Zesummesetzung vun dëser Familljebull ass deemno vun enger bal banaler Exzentrizitéit. Dem Papp säi Beruff besteet doranner, Stroosse bauen ze loossen. Wann et da bis op deene Stroosse knuppt, kritt d’Mamm, déi Untersuchungsriichterin ass, deelweis matten an der Nuecht ugeruff, fir d’„Prozeduren anzeleeden“ – esou schléisst sech dann ee kausale Liewenskrees, deen d’Elteren duerch hir Beruffer generéieren a perpetuéieren.

Dobäi sti si allen zwee bausse vun der Geschicht: De Papp stellt d’Bedingungsméiglechkeeten, fir dass eppes passéiere kann, d’Mamm intervenéiert, wann et bis ze spéit ass. D’Eltere sinn d’Rumm vun enger Handlung, déi ëmmer iergendwou anescht stattfënnt. Wouwéinst den Erzieler dann och schreift: „Bei mir ass zënter ëmmer alles just bal geschitt.“ Well et hinnen ze gutt geet, fillt sech d’Liewen doheem net richteg un, den Erzieler leeft mat de „Scheiklappe vum Staatsbeamtestot“ ronderëm.

Fir seng Mamm ass alles ee Projet, säi Papp léisst säi Liewe wéi säin Téisäckelchen ze laang zéien a stoen, bis dass alles „batter wéi Gal“ gëtt. An nawell hänken d’Elteren am Erzielerkapp „wéi Mécken u sou enger pecheger Rull“. Wéi hie géint der Enn vun der leschter Erzielung beim Eulinda doheem lant, ass en erstaunt ze gesinn, dass et do „op esou vill Manéiere […] esou wéineg“ gëtt. D’Lassléise vun der pecheger Staatsbeamterull kënnt mat enger Desillusioun, ass een éischte Schratt eran an eng Existenz, wou een „ëmmer méi al a méi erwuessen, ëmmer méi domm a méi traureg“ gëtt.

„En Dëppche voller Welt a Wënsch“

Et sinn dräi virsiichteg Erzielungen, déi sech stänneg Gedanke maachen iwwert d’gewielten Erzielform, iwwert d’Méiglechkeetsbedingunge vum Erzielen selwer, doriwwer, dass mer beim Schreiwen ëmmer och ënnerbriechen, verknëppen, Zesummenhäng fannen, déi an der gläichgülteger, sënnloser Wierklechkeet vum Duerchliewen ni do waren. Et geet hei och ëm déi poetesch Noutwennegkeet, där ganzer topeger Banalitéit vum Liewen mat Hëllef vu sproochlecher Prezisioun eppes Eenzegaarteges entgéintzesetzen.

An dat obschonns jiddweree vun eis nu mol „eng Kandheet, eng Schoulcarrière an dee ganze Bataklang“ hat – „et wäert net einfach ginn, dogéint unzekommen“. D’Iwwerwanne vun der intrinsescher Redundanz vun all Liewensgeschicht ass eng vun den Erausfuerderungen, déi d’Erzielfigur sech stellt an déi op der Meta-Ebene an an der Sich vun Associatioune geléist gëtt. Wéi de Paul Ricoeur et scho sot: Identitéit bezeechent esou wuel dat, wat eis vun deenen aneren ënnerscheet, awer och dat, wat bei eis all identesch ass.

De Samuel Hamen gëtt dem Lieser vill Biller, déi zum Deel och seng Erzielweis illustréieren. Seng Erzielunge si wéi eng Autosfaart op der N14, wärend där allméiglech Gedankegäng, Erënnerungen an Iwwerleeungen d’Monotonie vum Trajet fierwen. Se sinn awer och wéi de postmoderne Zappingsprozess, dee wärend „Bal“ beschriwwe gëtt, wou den Erzieler tëschent engem Video vum Nelly – mat elauter bal plakege Mossen, déi sech um Rapper wéi un der Staang an engem Stripclub reiwen – an de Biller vun den Attentater vum 11. September hin- an hirwiesselt (well de jonken Erzieler „eréischt viru kuerzem [s]äi Jeep richteg fir [s]ech entdeckt hat“ ass hie vun dëser Juxtapositioun vu (bëllegem) Eros an Thanatos liicht iwwerfuerdert).

Et ass dëst Niewenteneesetzen, dëse gedankleche Zapping, deen d’Struktur vum Buch ausmécht an d’Biller generéiert: Reegelméisseg ënnerbrécht de Samuel Hamen den Erzielfloss a fänkt un, an der Erënnerungskëscht ze wullen an eng aner Situatioun ze skizzéieren. D’Mikrofiktioun funktionéiert dann als Allegorie oder Vergläichspunkt fir dat, wat hie virdru wollt beschreiwen, am Austausch tëschent deenen zwou Erënnerungen entsteet ee poetesche Fonken.

Manieréiert Roserei

Wou en aneren Auteur nom schonn zitéierten éischte Saz vun der éischter Erzielung direkt mat enger klassescher Familljechronik lassgeluecht hätt, digresséiert de Samuel Hamen, schwätzt de Lieser un, beleidegt en, mécht sech Gedanken iwwert seng Virstellungskraaft an d’Empathie, iwwerleet haart iwwert d’Treffsëcherheet vu senge Biller a Vergläicher – kuerz gesot, no enger Säit weess een, dass mer hei kee Buch liesen, wou de Lieser duerno am Buchclub d’Story resuméiert, dräi Sätz iwwert d’Psychologie vun de Figuren äussert a sech da freet, wat e lo als nächst soll liesen.

Den Erzielstil bleift wéi och beim Auteur sengem éischte Wierk „V wéi vréckt, w wéi Vitess“ erfrëschend präzis an digressiv, d’Erzielfigur deelt mam Devid Risch eng Léift fir ganz lëtzebuergesch Beleidegungen – di aner sinn oft Idioten, Toperten oder Eefalten, d’Matmënsche si „saudomm“ an den Eisléck „verschass“ –, déi och hei dem Hamen seng manieréiert Roserei zu engem Stilmëttel transzendéieren.

An obschonns den Erzieler seng Mammesprooch als ee „Batz vun enger Sprooch, mat där een de Saachen ëmmer hannendrunhippt wéi een Zongekrëppel“, bezeechent, geléngt et dem Auteur, d’bescheide Méiglechkeete vun dëser „Mëschtsprooch“ ze notzen, och wann, wéi scho beim Debut, d’Biller a Vergläicher an hirer Exuberanz (heiansdo fënnt een der fënnef op enger Säit) muenchmol iwwert den Text hierfalle wéi d’Beien iwwert den Erzieler a säi Kolleeg de Charel. Wéi de Samuel Hamen sech „d’Zäit mat Zeilen doutschléit“ ass och a senger zweeter Verëffentlechung virun allem sproochlech wonnerbar gelongen.

Info

„Zeeechen“ vum Samuel Hamen a Marc Angel
Erzielungen a grafesch Geschichten
80 Säiten
24 Euro
ISBN 978-99959-42-52-6