Do., 18. April 2024




  1. De klenge Frechdachs /

    Ech wunnen net wéit vun dem Site (Loftlinn 1.3km), an ech héieren nuets, duerch zoue Fënster (duebelverglaast) eng Generatrice lafen, net immens haart, ma leider héieren ech, wann et nuets roueg ass, relativ gutt. Op dat elo vun der Kronospan kennt, kann ech schlecht soen, aus där Richtung awer mol sécher. Aus Awunner wier ech frou, wann näischt neits méi bäikennt, wat eis Liewensqualitéit aschränkt.

    „Industrieland“ a streng Oplagen hin oder hier, positiv ass et souwisou ni um Schluss. Soulaang esou „Zonen“ en Afloss op Bewunner hunn, kann een esou vill reglementéiere wei ee well, et wäert ni gutt sinn. Sou Zonë musse wäit genuch vu Wunnzonen ewech sinn.

    Test emol selwer, wou dir a kompletter Rou iech kennt zeréckzéien. Rou ass esou seele ginn, dass een mol net méi mat kritt, dass ee stänneg Geräischer ausgesat ass. Kaméidi ass och Ëmweltverschmotzung a geet och un d’Gesondheet

  2. Hexe /

    Et get keng Uertschaft Hei am Land wou et guer keen Komeidi get.
    Nuets kommen Flieger do mengste munchmol sie geiffen elo gleich noutlanden.An dann dei Leit an der Strooss dei honnert Dieren un hierem Auto hun,do mengste du misst hinnen höllefen.
    Awer zou Suessem as et schon zanter Joren ganz schlömm.Waat eisen Staat sech virstellt ewei d’Leit do nach sollen d’Nerven behaalen,do hun ech mir schon oft d’Fro gestallt.Ma dei allermeschten Leit heieren neicht oder hun net den Courage fir eppes ze soen.Dofir sin ech jo och eng Hex well ech mech ömmer wieren.

  3. Werner /

    Si brauchen alleguer Steewoll fir d’Haiser z’isoléieren, wëllen awer keng Steewollfabrik an och keng Camionen déi se vu wäit ewech heihi bréngen.

    Typesch NIMBYen.

    Bréngt eis Aarbechtsplazen awer w.e.g. net ze vill Kaméidi oder Stëbs oder Verkéier oder Geroch oder Déieren oder Waasserverbrauch oder Landverbrauch oder Schichtbetrib oder och nach Auslänner.

    • Hexe /

      @Werner
      Majo,dann loosse mir dei Fabrik am Ausland produzeieren,dann hun dei Leit jo och Arbecht an sie stinn net am Stau.Ech mengen mir hun genuch Betrieber hei am Land.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos