„Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit“: Eng innovativ a sachlech Etüd vum Historiker Marc Birchen

„Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit“: Eng innovativ a sachlech Etüd vum Historiker Marc Birchen

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Déi meeschte vun eis kennen se nach aus der Lyceeszäit: Schülerzeitungen. Aus ville Schoule sinn se net méi ewechzedenken. Mä hir Wierkung geet dacks wäit iwwert de Schoulhaff eraus. Dat neit Buch „Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit“ vum Historiker Marc Birchen, erausgi vun der Fondatioun Lydie Schmit, beschreift fir d’éischte Kéier d’Geschicht vun de Schülerzeitungen zu Lëtzebuerg.

Vum Mohamed Hamdi

Wie mengt, dass Lëtzebuerger Schüler- a Studentevereenegungen ee rezent Phänomen wieren, dee gëtt am Marc Birchen sengem Buch eppes Besseres beléiert. Tatsächlech lokaliséiert den Auteur hiren Ursprong am Joer 1909. An deem Joer entstinn déi zwou éischt Studentevereenegungen, den „Studienzirkel katholischer Mittelschüler“ an d’„Soziale Studienvereinigung“, déi alle béid ee reliéise Charakter haten. Eng vun hiren ausdréckleche Missioune war d’Verbreedung an d’Verteidegung vu kathoulesche Wäerter. Laizistesch Vereenegungen hunn net laang op sech waarde gelooss a sou koum et am Joer 1912 zu der Grënnung vun der AGEL, déi spéider als ASSOSS mat hirer antiklerikaler Haltung fir vill Opmierksamkeet suerge sollt. D’Grënnung vun den éischte Schülerzeitungen huet awer nach e puer Joer misse waarden.

Een usprochsvolle Fuerschungsgéigestand

Mä wat si Schülerzeitunge genau? De Marc Birchen ënnersträicht ganz am Ufank, dass et eigentlech keng eenheetlech Definitioun gëtt. Schülerzeitungen ënnerscheede sech an hirer Form, hirer Struktur, hirer Ausféierung. Well se dacks onsystematesch an improviséiert entstinn, ass et schwéier, kloer Critèrë festzeleeën, déi op all Schülerzeitung zoutreffe kéinten. Verschidde Schülerzeitunge waren de Produit vun individuelle Schüler, anerer goufe vu gréissere Verbänn erausbruecht an nach anerer sinn op Initiativ vu Proffen entstan. Graff kann een awer soen, dass Schülerzeitunge vu Schüler zesummegestallt ginn an sech u Schüler riichten.

Nieft der Definitioun louch eng zweet Schwieregkeet beim Quellematerial. Net just sinn eng Onmass u Schülerzeitungen am Laf vum leschte Joerhonnert zu Lëtzebuerg publizéiert ginn, mä feelt virun allem vu villen Zeitungen haut all Spur. Dacks sinn

Zeitungen no e puer Nummere scho verschwonn, seele goufen se an hirer Ganzheet opbewaart an archivéiert. Dem Marc Birchen säi Buch kann also just ee generellen Iwwerbléck liwweren an erhieft och keen Usproch op Vollstännegkeet. Zum Schluss vum Buch fënnt den intresséierte Lieser dofir awer eng zwar onkomplett, mä impressionnant Lëscht vun de Schülerzeitungen, déi zu Lëtzebuerg erauskomm sinn.

D’Limitten an d’Ziler vun der Aarbecht sinn also däitlech skizzéiert. Och den Opbau vum Buch ass kloer: Deen éischten, méi ëmfangräichen Deel retracéiert déi historesch Entwécklunge vum fréien 20. Joerhonnert bis haut. Den zweeten Deel behandelt d’Form an den Inhalt vu Schülerzeitungen a kuckt och hannert d’Kulissen, fir ze verstoen, wéi d’Zeitungen intern funktionéiert hunn. Wat huet d’Auteure motivéiert, sech u Schülerzeitungen ze bedeelegen, wéieng Themen hunn si intresséiert, wéiengen organisatoreschen a finanzielle Schwieregkeete waren si ausgesat? Och technesch Entwécklunge ginn an dësem Kontext kuerz erwäänt. Dat Ganzt gëtt ergänzt duerch Interviewe mam Thierry Lagoda, Christian Kmiotek, Robert Goebbels a Colette Mart. Alle véier hunn an hirer Jugendzäit aktiv u Schülerzeitunge matgewierkt a sinn, wéi am Fall vum Robert Goebbels, duerch hir Aktivitéit souguer an déi national Schlagzeile geroden. ’t ass och intressant, dass eng ganz Rei Lëtzebuerger Perséinlechkeeten, déi als Intellektueller a Politiker am ëffentlechen Discours deelgeholl hunn, hir éischt Erfahrungen an de Schülerzeitunge gemaach hunn.

National Skandaler

De Marc Birchen weist, dass d’Schülerzeitungen eng Resonanz konnten hunn, déi wäit iwwert de Schoulhaff erausgoe konnt. Schülerzeitunge waren a sinn net einfach Zeien, déi d’Aktualitéit nëmme kommentéieren. Se hunn, ganz am Géigendeel, och selwer um gesellschaftlechen Debat deelgeholl an souguer fir deen een oder anere Skandal gesuergt.

Méi ewéi eemol si Schülerzeitungen an d’Dagesaktualitéit geroden. Déi bekanntesten Episod ass ouni Zweifel d’Karikatur aus dem Joer 1970, déi an der lénks-radikaler Zeitung D’Ro’d Wullmaus publizéiert gouf an de Jesus a senger Manneskraaft duerstellt, während hien enger Koppel beim Kopuléieren nokuckt. D’Karikatur huet hefteg Reaktiounen ausgeléist. Mä D’Ro’d Wullmaus ass a senger Ëmstriddenheet bei wäitem keen Eenzelfall.

De Marc Birchen erwäänt och aner Episoden, déi et an d’Dageszeitungen an esouguer an d’Chamber geschafft hunn. Beim rezenteste Fall handelt et sech ëm eng Schülerzeitung aus dem LGE mam Numm The Maisy Observer. Dës hat am Joer 2004 zu engem nationale Politikum gefouert, wéi se op hirer Titelsäit d’Entloossung vun engem Proff gefuerdert hat. Wéi doropshin d’Lokaler vun der Police duerchsicht an d’Zeitunge beschlagnahmt gi sinn, hunn sech och d’Deputéierten ageschalt, fir d’Schüler a Schutz ze huelen. „Eng Schülerzeitong, een idealt Medium fir kritesche Geescht, oppen Diskussioun, Kréativitéit an Eegeninitiativ vun Erwuessenden ze förderen, gëtt vun der staatlecher Gewalt beschlagnahmt.“ Sou resuméiert den ADR-Deputéierten Aly Jaerling de Fall an senger parlamentarescher Fro un den Edukatiounsministère. „Fir d’Schüler muss dëst een traumatescht Erliefnis sinn, dat hinnen op eng frustréierend Aart a Weis kloer mécht, wéi enk d’Limitte vu Fräiheet, Eegeninitiativ a virun allem Meenungsfräiheet an dësem Stat tatsächlech sinn.“

Eng Geschicht vun der Jugend zu Lëtzebuerg

Wien also Schülerzeitung seet, seet och dacks Zensur. Ee Buch iwwert d’Lëtzebuerger Schülerzeitungen ass soumat och ee Buch iwwert d’Geschicht vun der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg. Verschidde Schülerzeitunge konnte mat hirer Themewal, hirer radikaler politescher Identitéit an hirem schaarfe, wann net absichtlech provokativen Toun just fir Skandal suergen. De Marc Birchen weist awer och, dass d’Bild vun de Schülerzeitungen sech no an no an der Gesellschaft geännert huet. Goufen se ugangs éischter mësstrauesch an erofloossend kommentéiert, sou hu Schülerzeitungen haut net just Unerkennung gewonn, mä se ginn esouguer aktiv promouvéiert an trotz dem kontroversen Inhalt politeschersäits ënnerstëtzt.

D’Geschicht vun de Schülerzeitungen ass awer och d’Geschicht vun der Jugend a besonnesch vun de Studenten- a Schülerorganisatiounen zu Lëtzebuerg. Unhand vun hire Publikatioune gewënnt een ee Bild iwwert d’Aart a Weis, wéi d’Lëtzebuerger Aktualitéit vun der Jugend interpretéiert ginn ass. Et gewënnt een awer och een Abléck an d’Selbstbildnis vun der Jugend a wéi dëst Bildnis sech am Laf vun de Joere verännert huet. Dobäi fält op, dass Schülerzeitungen eng net onerhieflech Roll am sougenannte Kulturkampf gespillt hunn, deen d’lëtzebuergesch Gesellschaft an zwee ideologesch Lager gespléckt huet. Op där enger Säit fënnt ee kiercheno Jugendveräiner, déi hir eegen Zeitungen erausginn hunn.

Op der anerer Säit si méi lénksgeriichte Gruppen, déi zum Deel och staark antiklerikal Vuë vertrueden hunn an an hire Publikatioune schaarf géint déi traditionell chrëschtlech Wäerter ugekämpft hunn. Dësen ideologesche Konflikt tëscht kathoulesch an antiklerikal huet an den 30er Joeren zu leidenschaftleche Wuertgefechter gefouert, déi ëfters an d’Verleumdung degeneréiert sinn. Nom Zweete Weltkrich sinn d’Animositéiten op Äis geluecht ginn, just fir mat ëmsou méi Wucht an de 50er a 60er Joeren nees auszebriechen. D’Buch weist awer och, dass déi zwee géigeniwwerstoend Lager net hermetesch vunenee getrennt waren, mä dass et duerchaus och zu Austausch komm ass.

Eng Politiséierung, ewéi et se an den 30er a 60er gouf, huet d’Jugend zwar net méi erlieft. Mä d’Schülerzeitunge sinn och an der Joerhonnertwenn nach ëmmer ee beléift Vehikel, fir sech politesch auszedrécken an éischt Erfahrungen an der redaktioneller Tätegkeet ze maachen. Eng gutt Schülerzeitung kënnt och net ouni guddem Bildmaterial aus – an eng, déi provozéiere wëll, scho guer net. Dat wier da vläicht och deen eenzegen erwähnenswäerte Kritikpunkt un dem Marc Birchen sengem Buch. D’Biller, déi den Text begleeden, kommen e bëssen ze kuerz, wann ee bedenkt, dass Karikaturen duerchaus eng zentral Roll a ville Schülerzeitunge gespillt hunn. D’Buch beschränkt sech quasi ausschliisslech op eng Rei Titelsäiten an op déi wierkungsvollste Karikaturen – sou ewéi déi schonn ernimmten Duerstellung vu Jesus an der Rouder Wullmaus. Vun dësem klenge Bémol ofgesinn, ass et dem Marc Birchen gelongen, eng innovativ, sachlech Etüd iwwert Schülerzeitungen zu Lëtzebuerg ze schreiwen, déi och nei Pistë fir zukünfteg Recherche opmécht.