“Hei kennt all Mënsch all Mënsch” – an awer verstoppt bal all Awunner vum fiktive Mënscht een donkelt Geheimnis. “Capitani” lieft vu senger onduerchsichteger Figurenzeechnung – a weess net ëmmer, ob et de lëtzebuergesche Pendant zu “Twin Peaks” oder ee klassesche Krimi wëll sinn. Wat bleift ass déi éischt intelligent, gutt geschriwwe Lëtzebuerger Serie, déi mat intelligentem Asaz vu Cliffhangeren a staarke Schauspiller z’ënnerhale weess.

Bis elo huet d’Lëtzebuerger Filmzeen sech schwéier gedoe mam serielle Format. Déi puer Serien, déi et gouf (“Weemseesdet”, “Comeback”, “Zëmmer ze verlounen”), waren all am Genre vun der Sitcom verankert – an hu sech weiderhin duerch hir meeschtens relativ schlecht Qualitéit charakteriséiert. En trauregen Déifpunkt war beispillsweis déi rezent Sitcom “Zëmmer ze verlounen”, an déier déi meescht involvéiert Lëtzebuerger Schauspiller sech definitiv kee Gefale gemaach haten – an ee sech konnt froen, wisou esou medioker Projete vum Film-Fong subventionéiert goufen.

“Capitani” ass net just déi éischt Lëtzebuerger Krimiserie – et ass och déi éischt lëtzebuergesch Serie, déi vu Folleg zu Folleg seng Handlung entwéckelt an domat ee komplexen erzieleresche Bou spaant, deen iwwert déi eenzel Episoden erausgeet. Do, wou bei enger Sitcom nämlech all Episod méi oder wéineger mat senger Handlung ofschléisst an een dowéinst d’Episoden net onbedéngt muss noenee kucken, ass “Capitani” wéi ee laange Spillfilm, deen an zwielef Episode fragmentéiert gi wier – woubäi all Episod engem Dag vun der Enquête entsprécht. (1)

Twin Peaks am Éislek?

An dës Enquête (déi op enger Iddi vum Thierry Faber baséiert) erënnert um Ufank net nëmme liicht un Twin Peaks. De Minetter Inspekter vun der Police judiciaire Luc Capitani (een exzellente Luc Schiltz, deen och schonn am Christophe Wagner sengem leschte Film “Eng nei Zäit” d’Haaptroll gespillt hat) gëtt an d’Hondséislek geruff, fir an engem Kaff ee grujelege Fall ze léisen: D’Läich vum 15-järege Jenny Engel (Jill Devresse) gouf am Bësch nieft dem “Kifferfiels” fonnt, net wäit vun engem Terrain, deen e puer louche Bouwe vum Bierg fir hir “Manövere” beusprochen. Séier stellt sech eraus, dass d’Jenny Droge bei sech hat. D’Tanja, dem Jenny seng Zwillingsschwëster, gëtt vermësst gemellt.

De Capitani entscheet, zu Mënscht an enger Auberge z’iwwernuechten, déi, wéi den Zoufall et esou wëll, vun enger aler Flam (Brigitte Urhausen) geréiert gëtt. Hien decidéiert relativ schëtzeg, dass hie mat de Poliziste vu Mënscht wëll zesummeschaffen, verzicht dofir op ee Partner, deen him aus der Stad hätt kéinten zur Verfügung gestallt ginn, a schafft haaptsächlech mat der jonker Polizistin Elsa Ley (Sophie Mousel) zesummen, wat seng Naivitéit duerch eng Grondkenntnis vun den Awunner wettmécht.

Wie bei dem semantesche Reseau – Bësch, Arméi, Kaff, Drogen an natierlech de Mord un engem jonke Meedchen – net direkt un Twin Peaks denkt, huet dem David Lynch seng Kultserie wuel net gesinn. An awer ass “Capitani” net wierklech mat Twin Peaks vergläichbar, engersäits, well d’Serie net un d’exzentresch Idiosynkrasie vum Lynch uknäppe wëll an eng visuell wéi och erzieleresch méi klassesch, naturalistesch Form wielt, anerersäits awer och, well d’Serie ganz kloer ee klaustrophobesche Portrait vun der Lëtzebuerger Gesellschaft moolt.

Paranoia am Kaff

De Mikrokosmos vum klengen Duerf, an deem jidderee jidderee kennt – an awer kee weess, wat deen anere wierklech denkt –, d’Paranoia, déi sech séier breetmécht, well kee ganz onschëlleg ass a sech dem Bléck vum aneren ausgesat fillt, d’Langweil vun de Jonken, déi aus der Bull ausbrieche wëllen, sief et kierperlech (duerch d’Flucht an d’Stad) oder psychesch (duerch de Konsum vun Drogen), de Virwëtz, dee wéi eng Begleeterscheinung vun der Duerflangweil ass, awer och d’Patriarchat, wat déif an de gesellschaftleche Strukture sëtzt (de Buergermeeschter léisst d’Drecksaarbecht vu senger Fra erleedegen, de Mick Engel –staark: de Jules Werner – biischt sech ganz äifreg duerch d’Duerf an de Schouldirekter – gutt gecast: de Jean-Paul Maes – schwätzt mam Elsa, wéi wann hatt nach ëmmer eng Schülerin a sengem Lycée wier) – all dës soziologesch Analyse sinn agebett an eng Genre-Erzielung, déi den erzieleresche Code vum Krimi respektéiert.

Archetyppen a gutt Acteuren

Natierlech gëtt a “Capitani” vill mat Archetyppe gespillt – de Capitani selwer ass de strenge Flic, den Eenzelgänger (2), deem seng Vergaangenheet lues a lues beliicht gëtt an domat nei psychesch Donkelzone fräigëtt, de Brigadier Mores (Joe Dennewald) ass esou domm, dass ee mengt, e wier aus “Fargo” importéiert, d’Elsa Ley (Sophie Mousel) ass déi motivéiert, liicht naiv Ufängerin, déi sech um Ufank vum Capitani erëmkommandéiere léisst, de Buergermeeschter ass, wéi all d’Politiker, muechtgäil an den Usch (Luc Feit) ass den Duerfidiot, deen den onduerchsichtege Paschtouer ënnert seng Flilleke geholl huet.
Vläicht gëtt d’Plausibilitéit (quasi all eenzel Figur dréit seng donkel Geheimnisser a sech) heiansdo op dem Altor vun de Serie-Gesetzer (Spannung, Iwwerraschungsmomenter, Plot-Twists a Cliffhanger) an dem Branding (a “Capitani” gëtt et quasi just RTL, aner Medie si kaum vertrueden) geaffert. Mä déi staark Besetzung (et spillt bal all Schauspiller, deen hei am Land een Numm huet, mat), een Dréibuch, dat op Spannung setzt, wéi och den intelligente Montage suergen dofir, dass ee sech haut scho kann op de sechsten Dag vun der Enquête freeën. Die erste Folge von Captitani gibt es hier.

(1) D’Fuerscherin Anne Besson ënnerscheet tëschent der Serie (déi “chronologesch statesch ass” a bei där all Episod hir eegen, ofgeschlossen Handlung huet – wéi d’Sitcom) an dem Zyklus, deen zwar vläicht och episodesch Schwéierpunkten opwéist, mä deen awer eng méi iwwergräifend Handlung huet, esou dass een e vu vir bis hanne muss gesinn, fir den Iwwerbléck ze behalen (wei zum Beispill bei “Breaking Bad” oder “Game of Thrones”). Natierlech ass déi Ënnerscheedung binär: Oft huet esouguer eng Sitcom eng liicht narrativ Progressioun. Méi dozou: Anne Besson, D’Asimov à Tolkien – cycles et séries dans la littérature de genre, Paris, CNRS-Editions, 2004.

(2) Hien ass esou individualistesch, dass e léiwer mat dem topegen Duerfflic zesummeschafft wéi Verstäerkung z’acceptéieren.

3 Kommentare

  1. “a weess net ëmmer, ob et de lëtzebuergesche Pendant zu “Twin Peaks” oder ee klassesche Krimi wëll sinn. ”

    Éischter genau sou lamentabel wéi en Tatort, grausamen Toun a Beliichtung an op d'”Schauspiller” wëll ech léiwer net agoen.

    • Grausam schlecht Vertounung, datt stemmt. Et versteet e kee Wuert, wat déi do nuschelen. A se schwätzen esou séier, wéi wa se 100 Gramm Speed gefriess hätten. Ausser e puer neurotesche Jugendlechen schwätzt keen esou.

Kommentieren Sie den Artikel


Please enter your comment!
Please enter your name here