Do., 18. April 2024




  1. sandrine /

    „…immer ein Kandidat der Partei nachrücken…“ „Der Staatsrat müsse parteipolitisch neutral sein.“ Die Kontradiktioun do hällt souwiesou just en Politiker am Kap aus.

    Den Staatsrot sollt iwwerhaapt net politesch sinn, an reng juristesch technesch Avisen zu den Gesetzestexter ginn, ouni parteipolitesch Meenungen vum Stapel ze lossen. D’Chamber trëfft die politesch Choixen. Maer brauchen keen Pseudo-Senat.

    • Pompier Sam /

      An den elo nach emmer do vir dei Greng dran sezt huet sech baal nie parteipolitesch neutral verhaal.

  2. Nuckes /

    Wann den Här Kmiotek der Meenung ass dass een Kandidat vun déier Partei misst noréckelen wou am schwachsten vertrueden ass, dann huet den Conseil d’Etat déi richteg Wiel getraff. Sie huet een neutralen Kandidat gewielt deen justement géint all gréngen Gemengenpapp, deen sech nët un PAG-Gesetzer hält oder PAG-Gesetzer no hierem „Gutdünken“ ausleet, gerichtlech virgeet.

  3. Wat en culot! /

    Hun déi Gréng (virun allem d’Sam Tanson) net joerelaang kritiséiert dass de CdE zu enger chasse gardée vun den etabléierte Parteien ginn ass, grad sou wéi se sech nach an all Parteiprogramm géint de Postecumul ausgeschwat hun? Wat ass dann falsch dorun dass eng onofhängech Kandidatin mat enger klorer Majoritéit gewielt gëtt?

  4. pcl /

    in den Staatsrat gehoeren Leute mit Kompetenzen er soll keine Chasse gardee fuer Politiker oder Altersruhesitz fuer dieselben werden

  5. Samantha Louschetter /

    De Staatsrot huet mat grousser Majoritéit déi beschte Kandidatin gewielt, wou ass de Problem?

    Dat kennt dovunner wann d’Madame Tanson nach fir e puer Méint an d’Chamber muss, de Staatsrot gëtt och ouni Flantermaus eens.

    Grad wie an Däitschland geet d’Zait vum grénge Wierken zu Enn

  6. Serenissima /

    Sowieso ass de Staatsrot fundamental eng ondemokratesch Institutioun, well net gewielt vum Vollek. En Iwerbleibsel aus dem leschte Joerhonnert agesat als Fürstenrat fir dem Groussherzog ze hëllefen d’Land ze gouvernéieren…haut awer eng Clique vun parteipolitesche Seelschaften, Combinnen an Gemauschels, dofir sollt een de Staatsrot ofschafen oder vum Vollek direkt wielen loossen dann hätten och eng Legitimitéit déi hien haut eben net huet..

  7. SM /

    Allein die Bewerbungs- und Auswahl-Bestimmungen im Staatsrat sind so inkongruent gestrickt, dass Reibungen nicht ausbleiben!

  8. charel /

    de Staatsrot huet richteg gehandelt.Wat erlabt deen Här Kmiotek sech?????

  9. Johnny /

    De Staatsrot ass eng ondemokratesch Institutioun a misst menger Meenung no (zumindest deelweis) vum Vollek gewielt kënne ginn. Eng seriéis Reform ass längst iwwerfälleg.

    • Pompier Sam /

      Nee, mir hun schon genuch onkompetent Leit an der Chamber setzen.

      • Johnny /

        Ass dat en Argument? Et gi sécher Méiglechkeete wéi ee mat der Wielerbedeelegung e Maximum u Kompetenz ka kréien. D’Leit kéinten jo z. B. ënner anerem tëschent „kompetente“ Juriste wielen an et soll net virgesi sinn, dass jidderee sech sech fir dee Posten opsetze loosse kéint, oder?

  10. pcl /

    Der Staatsrat hat in der Anforderung an den Kandidaten bestimmte Kompetenzen gefordert die Gruene Kandidatinnen hat diese nicht erfüllt. Was soll also das Getue der Gruenen die sicherlich diese Anforderungen kannten. Kompetenz oder Gefaelligkeit an einen Parteisoldaten? Sie sollen sich mit der eigenen Nase nehmen.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos