Do., 18. April 2024




  1. Jean Bodry /

    Ech duecht mäin OGB-L wär eng Onofhängeg Gewerkschaft! Dat ass eng Schan dass den Dag vun Aarbecht soll geréckelt ginn! Dat ass een Verrot um Schafenden Vollek! Ech waarden nach drop, dat Gebuert vun de Kanner zu Lëtzebuerg muss verréckelt ginn. Bis nom 4 Mee no 18 Auer!.

    • Grummel /

      Haer Bodry, d’Kundgebung/Gewerkschaftlégt Gerieds fënt jo statt. Just d’Wisefest/Kulturfest waat ronderem ass gët geréckelt.
      D’Schaan ass datt dir ierch driwwer opreegt, daat weist aeren NULL-Respekt géintiwwer dem Grand-Duc Jean.

      • Jean Bodry /

        Här Feigling Ech sinn den 1Juni 7o Joer an eiser Gewerkschaft. Hunn dem John gehollef den OGB-L op ze bauen. Awer den 1. Mee ass de Feierdag vun allen schaffenden Mënschen op dësem Planéit! An eng Gewerkschaft déi un Feierlechkeeten vum 1.Mee fréckelen geet, huet al Respekt verluer um Kampf vum Gewerkschaftskampf. An wat de Respekt fir um verstuerwenen Groussherzog Jean betrëfft. Kennt Dir mir ni Waasser reechen! Der huet kee Respekt virun eiser Vergaangenheet am Zweete Weltkrich! Ech wës net op är Famillje sech am Zweeten Weltkrich fir Zersetzung vun de Däitscher Wehrmacht a gesat huet. dorobber stoung Doudesstrof! Ech verzeien Dir, deng Onwëssenheet! Gedenk de Gewerkschaftlecher déi vun de NAZI erschoss goufen!
        Do waren vill Leit net am Land.

        • KTG /

          Kann de „Jean Bodry“ net liesen? Den 1. Mee gëtt NET verréckelt. Just d’Wisefest, dat a mengem Verständnis och net direkt zum 1. Mee gehéiert, am Géigesaz zu de Rieden iwweregens, gëtt geréckelt.

          Dat huet näischt mat Nazien oder Mangel u Respekt virun den Aarbechter ze dinn. De Grand-Duc war den ieweschten Déngschthär vu vill vun eis a jidderengem säi Grand-Duc. Do kann een deem Mann e bësse Respekt weisen a fir eng Kéier och seng eege Belanger zrécksetzen. Zemols näischt komplett ofgesot gëtt, just fir d’Trauerzäit geréckelt gëtt.

          • johngoe /

            Ech mengen, Mme/M. KTG, dass schon jidderee verstaanen huet, dass just d’Festivitéiten, an net de kompletten 1. Mee op den 9. Mee verreckelt gët. Daat ging jo och nët wéineg Duerchaneen am letzebuerger Kalenner provozéieren, z.B. ging dann den 4. Mee, an domat d’Begréifmësszeremonie vum G.-D.J. nët méi op e Samschden, mee op e Freiden faalen, also e sou’genannten ‚Schaffdaag‘! An all di gehuewen Staatsinvitéien missten den Alldaag zu Lëtzebuerg mat dem gemengen Arbëchtervollek deelen, wann se sech hire Wee duerch de Verkéier an d’Kathédral missten fräi tuten an drecke loossen…;-)

      • de Schmatt /

        Grummel@. Wou beweist hei de Jean Bodry null Respekt vis-à-vis vum Groussherzog Jean? Den 1. Mee ass, war a bleift den Dag vun der Aarbecht, d’Fest vum schaffende Vollek. Den Epikur huet wahrscheinlech recht wann hie mengt, dass eise verstuewene Monarch, deem säin Dout eis alleguer traureg stëmmt -nët nëmmen Iech- géint dës Verréckelung gewierscht wier. Well de Grand-Duc Jean hat héiche Respekt virum schaffende Vollek an den Aarbechter speziell.

  2. Jean Lichtfous /

    Madame Ainhoa Achutegui, soss sidd Dir dach méi forsch an Ären Usiichten (an daat ass och gudd esou). Awer elo wéinst dem Doud vun engem 97 Joer aale Mann, dee säit Joren nët méi am Amt ass, d’Fest vum éischte Mee vun der Gewerkschaft ze verréckelen, daat ass dach lächerlech an een zeréckfaalen an d’Usiichten vun den 1950-er Joren.

  3. Epikur /

    Keine Feiertage, weder weltliche noch religiöse, sollen an einem Wochentag stattfinden. Die entsprechenden Feste sollen am kommenden oder vorhergehenden Wochenende gefeiert werden. Davon abgesehen ist die Terminänderung ein Kniefall vor einer anachronistischen Staatsform. Großherzog Jean, der unser Land in das moderne Zeitalter geführt hat, wäre wohl selbst gegen diese Terminänderung.

    • KTG /

      Anachronistische Staatsform, bitte was? Ahahahahahaha. Nein, danke zu jeglicher Republik. Wie das aussieht, kann man ja an den Franzosen und den Amerikanern jeden Tag sehen. Ein besseres abschreckendes Beispiel braucht niemand.

      „In Deutschland ist doch alles ok blablabla“. Nein, ist es 1. nicht und 2. geht nicht immer alles gut, wenn man etwas kopiert, und die Funktion des Grüßaugusts wäre ja eh zu erledigen, also lieber jemand der das professionnell macht als ein parteipolitischer, ausrangierter Versager à la Wulff o.ä.

  4. Clemi /

    In Sachen Staatstrauer sind definitiv viele, viel zu viele, dabei über das Ziel hinauszuschießen. Am 23.4. morgens Veranstaltungen abends absagen ist ja ok, auch Veranstaltungen am Tag des Begräbnisses, also am 4. Mai. Aber der ganze Rest?? „Das Konzert der Croix-Rouge in Walferdingen“ (26.4.), „die Einweihung des neuen Kindergartens in Küntzig“ (3.5.) … was soll das? Deshalb noch ein paar Tipps: die Rockhal ist ja ein établissement publique – alles absagen bis 4.5.! Museen sind öffentliche Einrichtungen – schließen bis 4.5.! Usw. usf.

    • de Schéifermisch /

      Wirklich, mit allem Respekt vor dem verstorbenen Altgrossherzog Jean, aber man kann alles übertreiben. Und in diesem Fall ist über das Ziel hinausgeschossen worden.

  5. johngoe /

    Ech froë mech, ob daat am Grand-Duc sengem Sënn wor, dass Alles waat mat Kultur a Fräizäit ze din huet, ofgesot gët. Emmerhin: Schaffen ass jo nach erlaabt während der Trauer, an esou’guer gefuerdert; nët dass um Enn vum Mou’nt eiser Haute Vollée nach de Schampes ausgeet.

  6. Muller Guy /

    Absolut lächerlech!! All Dag stierwen Leit hei zu Lëtzebuerg. Ouni sou een TamTam. Alles huet seng Grenzen. Wat mussen dat fir Leit sin déi mat hierem Bauchpinselen sech selwer demütigen!!!

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos