„D’Fouer-Gazettchen“: Haut ass Schluss

„D’Fouer-Gazettchen“: Haut ass Schluss

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Flott, wann all Joer déi grouss Entréespuert vun der Fouer opgeriicht gëtt. Da kommen d’Waasserkëschten an d’Elektreschkëschten an d’Parkautomate verschwannen. Duerch dës Puert kommen ech am Laf vun zwanzeg Fouerdeeg an ee Stéck organiséiert Aneschtsinn eran.

Vum Steve Kayser*

Zur Persoun

*De Steve Kayser, 46, Historiker a Geschichtsproff am Athénée, thematiséiert an senger Rubrik „d’Fouer-Gazettchen“ am Tageblatt d’Fouer an all hire Facetten.

Hei kommen ech hin, fir Ongewinntes ze maachen an ze erliewen. Ech passen net esou op meng Linn op, a vläicht och net esou op d’Suen an der Täsch. D’Gloscht ass méi staark wéi de Verstand. Ech loosse mer et einfach e bëssche gutt goen. Ech loosse mech goen: duerfir jäizen ech och wéi ee Geck, wann den Achterbunnsweenchen, an deem ech sëtzen, de Bierg erofjauft. Et ass einfach eng Freed. Et ass ee lassgeléist.

Immens, wat eis Forainen do all Joer fir eis opriichten, an dann och erëm apaken a mathuelen op aner Fester, méi grousser a méi klenger. Fir d’Lëtzebuerger Forainen ass et den absoluten Heemount. Den Héichpunkt vun hirer Tournée. Dës geet Ouschtere mat der Escher Kiermes un an hält mat de Chrëschtmäert uechter d’Ländchen op. All Etapp vun dëser Rees ass wichteg. Mais et gëtt nëmmen eng Schueberfouer.

An dës ass an der Stad, an eiser Haaptstad. Si coincidéiert mat der Stater Kiermes. Si ass eenzegaarteg a soll et och bleiwen. Mir sollen eis jo op si freeën, ee ganzt Joer laang!
Well mer wëssen, datt do di grouss Spiller kommen an e besonnescht Riserad. Hire Succès hänkt vu villem of. Besonnesch och vum Wieder. Obwuel kaum ee vun den treie Fouerbesicher sech dierft vun e puer oder och méi Reendrëpse wäert ofschrecke loossen. An deenen, déi nei bäigezu sinn, musse mer erklären a weisen, wéi eis d’Schueberfouer als Traditioun um Häerze läit. Mat e puer Fouergadgete klappt dat nach besser …

D’Maskottchen: de Lämmy, Pinsen, mais dann ass et och schonns eriwwer. Béierkréi mat „Oktoberfest“ drop gëtt et wuel … vun enger Lëtzebuerger Brauerei, souguer Reklamm fir en „Oktoberfest“ zu Lëtzebuerg. Mais d’Fouer, déi eegen Traditioun kënnt do e bësschen ze kuerz.

Genuch geknoutert. Duerno ass een ëmmer méi schlau. No der Fouerzäit.
Well dës freedeg Zäit huet no zwanzeg Deeg en Enn. De spréchwiertleche „leschten Dag“! Reduzéierten Tarif op de Spiller bis aacht Auer … An duerno geet et da séier. Jidderee versicht nach e bësschen oder méi vun der Fouerzäit mat eriwwer an den Hierscht ze huelen. Duerno ass d’Rentrée. Da gëtt et erëm eescht.

Déi eng ginn an d’Schoul, déi aner an d’Chamber … Mat de Wale versprécht et souwisou, ee waarmen Hierscht ze ginn.

Dann ass et gutt, nach e puer Ablacker Fouerloft anzeootmen. D’Luuchte vum Riserad ginn aus. Et knuppt dann zerguttst. D’Chinese solle jo d’Freedefeier erfonnt hunn. Ausdrock vu feierlecher Ausgeloossenheet. E bësschen dreemen an och staunen. Do liwweren eis d’Forainen nach ee leschte Bouquet u Faarwen op der Fouer. Et ass ëmmer een zimlech emotionale Moment. Eng kleng Tréinche vergéissen ech do schonns ganz heemlech. An dann dauert et just nach e puer Stonnen, an dann ass et eriwwer.

Da jäizt kee méi op engem Spill. An d’Camione vun de Foraine fueren nach an der Nuecht op de Glacis, fir mat dem Ofrappen unzefänken.

Fir si geet et weider op dat nächst Volleksfest, zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an Holland oder a Frankräich. D’Fouerzäit geet op en Enn. Den Alldag mécht sech erëm breet. Mais no der Fouer ass virun der Fouer.