Dem Andy Bausch säin „Lost in the 80s“ ass ee kuerzen, subjektiven Documentaire

Dem Andy Bausch säin „Lost in the 80s“ ass ee kuerzen, subjektiven Documentaire
Um Tournage vu  "Lost in the 80's" – de Luc Schiltz an den André Jung sinn zwee naiv Polizisten Foto: Claude Piscitelli

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Lost in the 80s“ ass ee kuerzen, subjektiven Dokumentarfilm, deen d’80er Jore Revue passéiere léisst – an de Schwéierpunkt dobäi op d’Enn vum Industriezäitalter, den Opbau vun dem Bankesecteur, d’Opbléie vun enger kultureller, politescher a medialer Underground-Zeen an eng Well vu grujelege Verbrieche leet. Mir hunn de Film gesinn an eis mat den Intervenanten aus dem Film ënnerhalen.

Wéi „zéng Joer ouni Schlof“ beschreift de Vic Reuter, haut Porte-parole vun der Police, d’80er Joren. A fir d’Polizisten aus där Zäit waren et effektiv ustrengend a munchmol traumatesch Joren. Nieft der berühmter Bommeleeër-Affär, där hir Elucidatioun entre-temps esou laang op sech waarde léisst wéi den „Chinese Democracy“-Album vu Guns n’ Roses, huet vrun allem d’Waldbëlleg-Gang d’Polizisten op Trapp gehalen.

Liest ee sech haut d’Faiten un – brutal Bankiwwerfäll, Course-Poursuitten, den Dout vum jonke Polizist Patrice Conrardy, deen den 30. Oktober 1985 virun der BIL um Boulevard Royal vun enger Kugel déidlech getraff gouf, Règlement de compten tëscht de Banditte mat vergruewene Läichen – oder gesäit een am Andy Bausch sengem Film de Schauspiller Marco Lorenzini, dee verzielt, wéi hien deemools als Giischtje wärend verschiddene Schichte ganz eleng op 60 Verbriecher – dorënner Membere vun der Gang – sollt oppassen („Déi Tätegkeet am Prisong hunn ech fir mech vum Negativen zum Positive gedréit – déi aktiv Zäit war fir mech d’Hell, ech wollt awer net doru futtigoen“), fillt ee sech wéi an eng Episode vu „Fargo“ versat – mat Lëtzebuerg als Provënz-Décor, an deem d’Leit net prett sinn, den Ausbroch u Gewalt z’affrontéieren.

Ongewinnte Gewalt

De Paul Thiltges, Produzent vum Film, erënnert sech un ee „Gefill vun Angscht virun all där Violence, déi fir mech als jonke Mënsch total ongewinnt war“, de Vic Reuter setzt een internationale politesch ugespaante Kontext, deen den Hannergrond vun där Affär duergestallt huet: „De Kontext war zwar awer schonn Enn de 70er Joren, besonnesch duerch déi däitsch Terrorzeen vun der RAF, gesat ginn. Fligerentféierungen an Attentater op Perséinlechkeeten hunn déi grouss Titele gemaach. An Italien haten d’Brigade rosse den Aldo Moro entfouert an um Enn ëmbruecht.

Fir d’Leit zu Lëtzebuerg war dat schlëmm, mee et war awer eben nach ëmmer nëmmen am Ausland. Et huet allerdéngs dozou gefouert, dass zu Lëtzebuerg an den 80er fir d’Éischt bei der Gendarmerie an duerno bei der Police Spezialunitéiten an d’Liewe geruff goufen.

Grad an déi Zäit era platzt eng extrem gewalttäteg Serie vun Iwwerfäll op Bijouterien, Fourgonen a Banken. Dat huet d’Leit richteg fäerte gedoen. Et muss ee sech virstellen, dass op oppener Strooss ouni ze zécken, och op Persounen, geschoss gouf. D’Leit haten op eemol d’Gefill, dass et effektiv zougaangen ass wéi an der Bronx. Gangstere mat schwéiere Waffen, déi ronderëm sech geschoss hunn a sech Verfolgungsjuegte mat der Police geliwwert hunn, wärend deenen och geschoss ginn ass. Et sinn Autoen a Waffen am grousse Stil geklaut ginn an um Enn koum eng spektakulär Verhaftung.“

Den Ufank vum spéide Kapitalismus

Nieft dëse méi grujelegen Akzenter setzt „Lost in the 80s“ eng Rëtsch vun Akzenter, déi haaptsächlech politesch an artistesch sinn.

Wéi de Grégoire Bouillier et a sengem „Dossier M“ thematiséiert huet, goufen d’80er oft als den Ufank vun enger Zäit, an där de Thatcherismus an de Reaganismus d’Piliere vun enger spéider Form vum Kapitalismus gesat hunn, deen als Corollaire d’Enn vum Kommunismus a vum Sozialismus aleede sollt – an déi als wäitleefegt Resultat déi haut oft erwäänte Schéier tëschent den 1 Prozent un Ultraräichen an de rechtlechen 99 Prozent vun der Weltbevëlkerung hat.

De Christian Kmiotek („déi gréng“) gesäit d’Grënnung vun der Grénger Alternativer Partei a genee deem Kontext: „De Reaganismus an den Thatcherismus hunn en Zäitalter vu neoliberale Gesellschaften agelaut, a ganz Amerika an a Westeuropa, woubäi dat dann an den 90er och nach op Zentral- an Osteuropa an Asien ausgedeent gouf, a leider net gestoppt gouf duerch Finanzkris vun 2008. Dat huet och dermat ze dinn, datt esouwuel chrëschtdemokratesch wéi sozialdemokratesch Parteien deen Neoliberalismus iwwerholl hunn, och zu Lëtzebuerg. (Prominent äussert sech jo bis haut esou de Robert Goebbels.)

Déi Gréng a Westeuropa waren ideologesch de Versuch, en drëtte Wee tëscht Kapitalismus a Kommunismus ze goen. Woubäi domat nieft Individualismus a Kollektivismus och nach d’Ëmwelt als drëtte Facteur an d’politesch Ausernanersetzung erakoum. Déi gréng Wuerzele leien an der Fraebeweegung, der Friddensbeweegung, der Anti-Atom-Beweegung an der Ëmweltbeweegung. Mee eng Partei ass keng Beweegung, eng Partei huet aner Verhalensmusteren an en anert Optrieden: Eng Partei muss uschlossfäheg sinn, wa se wëll gesellschaftlech a politesch Majoritéiten zesummekréien, fir eppes ëmzesetzen.“

Alternativ Medienaarbecht

De Film weist an enger Collage vu Bildmaterial – haaptsächlech „Hei Elei“-Material an onverëffentlecht Biller vum Guy W. Stoos, deen zesumme mam Guy Rewenig de „Billerprojet – alternativ Medienaarbecht“ gegrënnt hat an ënner anerem mat Manifestatioune géint d’Nuklearzentral zu Kettenuewen vill Wierklechkeet filmesch festgehalen huet –, wéi der Lëtzebuerger Prosperitéit duerch d’Opdauche vun ellene Bankegebaier eng alternativ an engagéiert Weltusiicht entgéintgesat gouf. De Film dokumentéiert mam „Radio Grénge Fluessfénkelchen“ weiderhin d’Entstoe vun enger alternativer Medielandschaft, déi d’Hegemonie vun RTL sollt a Fro stellen.

Kulturpolitesch Engagementer gouf et am Süde vum Land, wéi sech Kënschtler fir d’Escher Schluechthaus (haut d’Kulturfabrik) géint de Gemengeprojet agesat hunn – d’Escher Gemeng wollt deemools eng Pëtrolsstatioun dohi setzen, wouwéinst protestéiert an d’Strooss virun der Kufa gespaart gouf. Och hei erweist sech d’Bildmaterial vum Guy W. Stoos als wichteg – deen iwwregens der Meenung ass, dass d’Kufa mat hirem „schickimicki-restauréierte Kulturschapp“ entre-temps „meilewäit vum Ursprongsgedanken ewech ass“.

Eraus aus der Provënz

Den Ed Maroldt (deemools Prof a Metteur en scène) mengt dozou: „Wéi ech aus dem ale Schluechthaus zu Esch eng Theaterplaz gemaach hunn am Joer 1981, war dat eng Emanzipatioun vum Abonnementstheater.“ Déi haiteg Professionaliséierung vun der Film- an Theaterzeen gesäit hien als duerchaus positiv – mat Ofstrécher: „Beim Begriefnis vum Pol Cruchten krut ech e liewegt Beispill, wéi vernetzt mëttlerweil d’Kinoszeen ass. D’Professionaliséierung huet wéi an der Sportszeen ambivalent Folgen. Ech wënsche mer Theaterdirekteren, Décideuren, di maximal zing Joer am Amt bleiwen. E Wiessel deet gutt a gëtt op Plaze verpasst.“

Nieft den éischte Schrëtt vum Lëtzebuerger Film an der Entwécklung vun der Theaterzeen gëtt och de Schwéierpunkt op d’Lëtzebuerger Literatur a Sprooch an den 80er thematiséiert. „Fakt ass, dass d’Romaner vum Guy Rewenig, Roger Manderscheid an Nico Helminger an der zweeter Halschent vun den 80er Jore fir vill Lieser wichteg Erliefnisser waren“, mengt d’Germaine Goetzinger (deemools Prof an Historikerin). „Déi Literatur op Lëtzebuergesch war méi no bei der Géigewaart an der Realitéit, méi spannend, hat méi kritesch Distanz, en neien Toun.

D’80er Jore bréngen eng Opwäertung vum Literareschen a vum Lëtzebuergeschen, ënner anerem och duerch d’Sproochegesetz. D’Lëtzebuergescht, bis vru kuerzem nach bal keng Schrëftsprooch, gouf zur Romansprooch. A wat fir Romaner! Et war zwar e grousse Schrack, deen deemools gemaach gouf, awer op kee Fall war et d’Gebuertsstonn vun der Lëtzebuerger Literatur, och net déi éischt Opwäertung vum Lëtzebuergeschen als Literatursprooch. Et war beschtefalls d’Gebuertsstonn vum Roman a Lëtzebuerger Sprooch. Bis dohin hat et der nämlech nëmmen dräi ginn.“

Manktem u Bildmaterial

Eng vun de Schwieregkeete fir den Documentaire war de Manktem u Bildmaterial. Wéi den Andy Bausch et selwer zougëtt, hat hien d’Geleeënheet verpasst, deemools selwer mat der Kamera ronderëmzelafen an d’Biller festzehalen – well hien esou mat der Kinoswelt an hire Fiktioune beschäftegt war, dass d’Realitéit em deemools entwutscht ass. Haut bedauert hien dat e bëssen, speziell well d’„Hei Elei“-Biller qualitativ net vill entdaachen.

D’Material vum Guy W. Stoos fëllt hei eng sëlleche Lächer – wouriwwer sech de Regisseur a säi Produzent freeën: „De Guy W. Stoos an de Guy Rewenig hunn deemools als ,Billerfabrik‘ immens vill vun den Aktiounen dokumentéiert, mat just semi-professionellem Material, mee déi Archivbiller hunn dem Film immens vill bruecht. E bësse sinn ech traureg, dass de Guy Rewenig dem Andy net als Interviewpartner zur Verfügung stoung, mee op dësem Wee hu mer en dann awer indirekt mat an de Film kritt“, erkläert de Paul Thiltges.

Cherchez les femmes

Kloer kann een esou wuel d’Wiel vun den Intervenanten ewéi och de Choix vun den Themen a Fro stellen. De Bléck op d’Entwécklung op d’Kinosindustrie ass noutgedrongen narzisstesch, a bei den Aenzeien, déi gefilmt ginn, si mam Germaine Goetzinger, dem Josiane Kartheiser, dem Michèle Hemmer an dem Danielle Grosbusch genee véier Frae vun am ganzen 23 Zeien dobäi – wouwéinst Theme wéi Feminismus, déi laut dem Christian Kmiotek awer och schonn an den 80er bei deene Gréngen eng zentral Roll gespillt hunn, wéineg thematiséiert ginn.

Des Weidere wierken d’Intervenanten dann net just gendertechnesch desequilibréiert – et versteet een och net ëmmer, wisou verschidden zentral Akteure feelen. Wa beispillsweis iwwert d’Opbléie vun der Lëtzebuergescher Sprooch an der Lëtzebuerger Literatur rieds ass, ass et bedauerlech, dass de Guy Rewenig keng Interviewe wollt ginn – aner Auteuren hätten hei awer duerchaus eppes bäidroe kënnen.

De fiktiven Ënnerbau, op deen den Andy Bausch gären zeréckgräift an deen hei aus zwee vum Luc Schiltz an André Jung gespillte Poliziste besteet, déi naiv an zimlech topeg d’Aktualitéit kommentéieren, soll den Eescht vun dem Documentaire oplackeren. De Procedé wierkt awer am Endeffekt e bësse verstëbst.

Esou ergëtt sech een ënnerhalsamen, wann och onvollstännege Portrait vun enger Epoch, dee méi als Teaser déngt, als Ureiz, sech fir eng a villen Hisiichte spannend a wichteg Dekade z’intresséieren – an dee vläicht un der Kierzt vum Format a sengem Wëllen, gläichzäiteg z’ënnerhalen an z’informéieren, munchmol ze onentscheet wierkt.

3 Froen un den Andy Bausch

Tageblatt: Wéi trëfft een eng Wiel an de sëlleche Sujeten, déi an engem Film iwwert d’80er hätte kéinten thematiséiert ginn? An enger vun den éischte Rezensiounen am Land gëtt dem Film virgeworf, Theme wéi Immigratioun a Feminismus géifen negligéiert …

Andy Bausch: Et trëfft een e Choix, et ass ee sech ville Saache bewosst, déi een net traitéiert, deels well ee schonns an engem anere Film driwwer geschwat huet an et keng „nei Biller“ gëtt, deels awer och, well se net an d’Konzept passen an et wéineg Sënn mécht, einfach Themen an engem Saz ofzehaken. Et däerf een net vergiessen, dass een an engem Film zäitméisseg ageschränkt ass.

De Comité de lecture toleréiert 80-90 Minutten, de Produzent schléisst sech deem un. Eng alternativ Iddi wier gewiescht, een Deal mat RTL ze maachen, fir eng Aart Serie ze realiséieren – a sechs Episoden hätt ee kënne méi Themen behandelen, méi Leit interviewen, méi an den Detail goen.

D’Lëtzebuerger Gesellschaft war deemools sécher méi phallozentresch, och wa se vun enger Rei staarke Frae gepräägt gouf – d’Colette Flesch, dat schonn dacks a menge Filmer opgedaucht ass, d’Lydie Polfer. Et ass effektiv esou, dass dëst meng Siicht op d’80er Joren ass. En anere Cineaste hätt vläicht iwwer Immigratioun a Feminismus geschwat an d’Schluechthaus oder d’Pirateradioen ewechgelooss … En drëtten nees aner Saachen.

Meng Filmer hunn net den Usproch, ee vollstännegt Bild vun engem Joerzéngt ze weisen. Ech behandele jo beispillsweis weder d’Sport- nach d’Musekszeen vun deemools. An dat, obschonns d’Musek dokumentaresch mäin Haaptinteressiberäich duerstellt.

Idealerweis géif een e Film iwwert d’Entstéiungsgeschicht vun der Kulturfabrik maachen, dono ee Film, dee just iwwert déi gréng Beweegung an den 80er schwätzt an op Rëmerschen a Kettenuewen, op de Mouvement écologique ageet. An dann ee weidere Film iwwert de Bommeleeër, d’Waldbëlleg-Gang, d’Arméi an d’Police. Dann hues de dräi Filmer, vun deenen awer jidderee just vun enger Handvoll Leit gekuckt gëtt. Ech gleewen an hoffen nach e bëssen, dass och de grand Public sech an en Dokumentarfilm erantraut a sech wärend dem Erënneren an Dozouléiere gutt ameséiert.

Dir hutt vun enger Penurie u verfügbare Biller geschwat. Wéi erkläert sech dat?

Et ass net, dass et keng Biller gëtt, ech hunn eng Honnert „Hei Elei“-Sendunge gekuckt … Et gëtt dann do och Biller – mä se si schwaach, sinn oft wéi Diaen onbeweegt, an de Moment, wou eppes geschitt, ass längst laanscht, well d’Equipe wuel ze spéit war. D’Biller soen net wierklech eppes aus, de Message kënnt iwwert dem Jean Octave säi Kommentar. Dat wousst ech natierlech och virdru schonn, et ass jo net fir d’éischte Kéier, datt ech muss op „Hei Elei“-Biller zeréckgräifen.

Fir d’Fifties has de 16-mm-Qualitéit, Biller mat Kontrast an Ausso. Oft Bobinne, wou Reschtmaterial dra war, Biller, déi net iwwer d’Antenne gaange waren. Mee ausser RTL gouf et a béid Epoche keng Dokumentaristen. Just fir d’Arbed gëtt et méi Biller, well déi reegelméisseg en Industriefilm an Optrag ginn huet. Déi meescht vun deene Biller hunn ech awer och scho kannt wéinst mengem „Streik!“-Film. Vläicht ass do d’Enttäuschung e bëssen, dass ech fir mech wéineg nei Biller entdeckt hunn.

Et si schlussendlech dem Guy W. Stoos seng Biller, déi onverëffentlecht sinn a Maniffen zu Fréiseng a Kettenuewen oder och d’Stroossebesetzung virum Schluechthaus weisen, déi eis um Niveau Bebillerung gerett hunn.

Dir schwätzt vun engem perséinleche Film. Wat war anescht par Rapport zu den aneren Epoche-Filmer? Duerch de perséinleche Facteur ergëtt sech natierlech eng Meta-Dimensioun – Dir kommentéiert och d’Entwécklung vun der lëtzebuergescher Filmindustrie (déi jo deemools net wierklech eng war) …

Ech kann net anescht ewéi perséinlech Filmer maachen. Anescht géif ech fir eng Tëleeschaîne schaffen, wou ech gesot géif kréien, wéi „mäin“ Documentaire auszegesinn hätt. Et ass ee subjektive Bléck op d’80er, ech hu mech fir déi Themen, déi mir relevant gewierkt hunn, entscheet. Dat Joerzéngt war essentiell fir d’Entwécklung vun enger Filmindustrie. Ouni „Troublemaker“ a „Schacko Klak“ wier et ni zu kulturpoliteschen Entwécklungen am Secteur komm.